Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Transpalog an Diastrenz vun der Regierung 

Transpalog an Diastrenz vun der Regierung
Image par Alexander Lesnitsky de Pixabay

De Verdikt um Verwaltungsgeriicht wat de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL betrëfft, huet fir Nervositéit an de Regierungsreien gesuergt a riskéiert, nach e ganze Rateschwanz no sech ze zéien. D’Regierung ka sech net méi mam Verweis verstoppen, dat alles top geheim ass. D’Deputéiert kruten vun de Riichter d’Recht zougeschwat, kënnen Abléck ze hunn an esou Dokumenter. De Géigendeel wier jo eng Farce géint d’Demokratie gewiescht. Ëmmerhin sinn et d’Volleksvertrieder,ass et déi ganz Chamber, déi sollen d’Regierung kontrolléieren!

Also ass den CSV-Deputéierten Laurent Mosar duerchaus a sengem rôle, ze verlaangen, déi Transparenz net nëmmen am Fall vun RTL spillen ze loossen, ma och fir all aner Konventioun oder Vertrag tëscht der Regierung an engem Privatbetrib. De Mann huet e Mëttwoch déi geplangte Jugurtsfabréck FAGE beim Numm genannt a géif gären all d’Konventioune oder MOU (memory of understanding) ze gesi kréien, déi an deem Kontext vum Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider ausgehandelt goufen.

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Dat dierft jo kee gréissere Probleem ze sinn, well, och wann dëse Mann seng politesch Pensioun geholl huet, esou bleift hien dach a beschter Erënnerung mat sengem Appell: deen ale Mief musss eraus. Rappt d’Fënsteren op. De Staatsminister awer zéckt mat der Ëmsetzung vum “Verdikt RTL”, deen iwwregens op de Pirat Sven Clement zeréckzeféieren ass. Zwar duerften d’Deputéierten Abléck kréien an de Konzessiounsvertrag- deen net, wéi sos, gülteg ass fir 10 Joer, ma just bis 2023!-, ma de Xavier Bettel fäert, datt dee Vertrag net all ze laang brauch, fir op der place publique ze landen. De “schëllegen” Volleksvertrieder als whistle blower kéint sech jo ëmmer nach hannert senger Immunitéit verstoppen. An anere Wiéder: den Deputéierten ka maachen a loossen, wat hie wëll, un hien kënnt ni eppes. Wat falsch ass! An de Premier weess dat!

“…Do gëtt et de Verdikt Bausch als Präzedenzfall fir d’Deputéierten!…”

Och en Deputéierten muss sech u gewësse Spillreegelen halen. An der SREL-Affär hat den deemolegen Volleksvertrieder François Bausch a senger Funktioun als Rapporteur vun der Enquêtëkommissioun ze vill aus der Schoul geplappert, hat an der Ëffentlechkeet de Konklusiounen vun der Kommissioun virgegraff a gouf dowéinst um Geriicht bis an déi lescht Instanz condamnéiert. Den Detail fannt Dir op dësem link: https://bit.ly/375m85o Déi journalistesch Palladinen vun der grénger Partei aus den allermeeschte Redaktiounen hate virun 2 Joer drop verzicht, dovunner ze schreiwen.

De Verdikt weist allemol, datt och engem Deputéierten Grenze gesat sinn. An nawell wier et net schlecht, wa grad an dëse Wochen géif driwwer nogeduecht ginn, e Verhalenskodex fir d’Politiker an der Chamber opzesetzen. Zum Beispill huet en anere Verdikt- Giberyen contra Bettel- um Geriicht kloer gestallt, datt e Volleksvertrieder duerchaus däerf d’Roll vum whistle blower spillen. Um Parlament ass et, de Kader dovunner ze präziséieren, um Parlament -an eleng un him- ass et, sech weider ze entwéckelen vis-à-vis vun engem iwwerstaarken Regierungsapparat, ëmmerhin baséiert eis Demokratie um Parlamentarismus!

Transparenz vun der Regierung léisst och um Plang vun der Pandemie ze wënschen iwwereg. De Journalisteverband iergert sech gréng a giel! Zu Recht! Wann nämlech Bettel a Lenert wéi gewinnt am Duett optrieden, gëtt op youtube nach just deenen hier Ried live iwwerdroen. Wann d’Journalisten bis ufänke Froen ze stellen, ass de mediale Klimbim fäerdeg, d’Iwwerdroung gëtt gekäppt. Déi integral Pressekonferenz fënnt een nëmmmen nach iwwer de Link, deen un d’Press geet. D’Argument vun der Regierung: et versteet een dacks akustesch net d’Fro vu Journalist*innen!

Kommt! Mir stellen eis bei d’Heeschefra a sammelen Suen fir der Regierung en zousätzleche Mikro ze verschafen! Méi eng domm Decisioun hätt ee kaum kënnen huelen. Esouguer wann et net sollt d’Intentioun gewiescht sinn: beim Vollek kënnt et eriwwer wéi wann d’Regierung déi groussherzoglech Press déit fäerten…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *