Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Geheime casier: e pensionéierte greffier probéiert, eng Erklärung ze ginn 

Geheime casier: e pensionéierte greffier probéiert, eng Erklärung ze ginn
Image parJRoberts_ColemanFH de Pixabay

Op menger Facebooksäit huet sech de Paul Reiland zu Wuert gemelt, wat déi ablacklech Polemik ugeet ronderem e geheimen, inoffizielle Casier. Ech fannen seng Explikatiounen méi wéi interessant a maachen dowéinst e copy/paste op dësem Site:

An engem Artikel vum Februar 2017 stong am QUOTIDIEN eng Erklärung zu der leschter Reform vum CASIER JUDICIAIRE. D’Equipe em den Minister BRAZ huët d’Saach net vereinfacht : Amplaatz vun 2 Volets’ën gin et der vun 2017 un 5 (!) fir all méiglech Beräicher. 
Am Gesetz steht och dran önner wat fir Ömstänn en Patron kann en offiziellen Extrait froën an daß hién en muß an engem gewëssen Délai zerstéieren, ob en nun den Kandidat astellt oder net (Wat fir en Patron mécht dat schon ?!). 
Verschiden Geméngen schreiwen nach op hirem Site daß den Buergermeeschter, oder säin Representant kann en “CERTIFICAT DE BONNE VIE ET MOEURS” (Leumundszeugnis) ausstellen. 
“”””Le certificat de moralité appelé aussi certificat de bonne vie et moeurs est délivré par le bourgmestre ou son délégué uniquement sur présentation d’un extrait de casier judiciaire vierge récent (daté moins de 30 jours).
Il fait d’office d’attestation de bonne conduite, vie et moeurs.
Par conséquent, il vise à offrir les garanties de moralité requises, notamment pour être admis en tant que fonctionnaire auprès de l’Etat. En outre, il peut être demandé dans le cadre d’une activité qui relève de l’éducation, de la guidance psycho-médico-sociale, de l’aide à la jeunesse, de la protection infantile, de l’animation ou de l’encadrement de mineurs.
Mentions inscrites:
• Les nom(s), prénom(s), adresse, date et lieu de naissance, nationalité, état civil ainsi que le numéro et la date de l’extrait de casier judicaire sont repris sur le certificat de moralité.
Pour l’obtention d’un certificat de moralité, l’intéressé doit présenter :
• une pièce d’identité valable ;
• un extrait récent du casier judiciaire (en principe daté de moins de 30 jours)
L’extrait du casier judiciaire est délivré par le Parquet général (Cité judiciaire – bâtiment BC – 1er étage Luxembourg). Les personnes se présenteront munies des pièces d’identités valables.
En principe, le certificat de moralité, pour être accepté par les administrations, doit être récent (ne pas dépasser les 3 mois).
Coût: La taxe communale perçue pour la délivrance d’un certificat de moralité est de 3 euros.””””

Dat huët den Buergermeeschter un d’Police weidergereecht déi en Rapport gemaach hun, an dat op Basis vun hiren eegenen Protokoller. Deen Leumundszeugnis as awer zu Letzebuerg ofgeschaaft, obschon en nach gelegentlech vun verschiden auslänneschen Instanzen gefrot gët. 
An hiren Rapports’ën huët d’Police eigentlech eng Art Enquête sociale gemach an iwert den Liéwenswandel vun der Persoun bericht. Do hun sie sech och an hirem eegenen Fichier inspiréiert. Sie machen haut nach där Rapports’ën am Fall vun enger Demande en grâce betreffend eng Prisongsstroof oder en Führerschäinentzug.

Hei as den Artikel, deen den Casier nach ewell gut erklärt :

https://www.lequotidien.lu/…/nouveau-casier-judiciaire…/

Ofgesin dovun daß nach emmer vun der Police eng Enquête sociale gemach gët am Fall vun engem Gnadengesuch (demande en grâce) un den Grand-Duc huët en “geheimen” an illegalen separaten Police-Fichier, also eng illegal Datenbank, iwert engem Biérger séng Virstrofen oder Protokoller wou säin Num dran optaucht oder deen bei iérgend enger anerer Gelegenheet notéiert gouf, eigentlech keng Daseinsberechtigung. Oder schafft Police an der Hinsicht mam SRE zesummen. Efffektiv gët et fir den SRE, also den Geheimdéngscht, eng Ausnahm am Casiersgesetz. Sie können seit jeher dem Parquet Général Löschten mat Nim erangin an dann kréien sie deenen Leit hirt Virstrofenregister.
Déi Zäit wie ech um Geriicht ugefangen hun mat schaffen war ech am Ufank an den Casier delegéiert. Wie mir di éischt Geheimdéngschtlöscht önnerkomm as hun ech mech opposéiert fir di gefroten Renseignementer auszeliweren an hun den “Schlau” erem Heem geschéckt mat séngem Ziédel. Mëttes koum hién mam Procureur Général Henri DELVAUX erem an mäin Büro an du krut ech “offiziell” d’Vollmacht fir dem Zweeten Büro hirt Uleies ze behandelen, an zwar mat deenen heiten Wiérder : “Maacht et einfach, Här REILAND, dat as schon an der Rei esou !” Dat war méng éischt gréisser professionnell Dezeptioun an deen éischten Krack an ménger Berufséier an dem Eed deen ech op d’Verfassung, d’Gesetzer an den Grand-Duc ofgeluëcht hat….

 

Merci dem Paul Reiland fir dës Explikatiounen. Si weisen, datt mir net falsch loungen an eise Behaaptungen, déi mir den 18. Abrëll op dëser Plaaz gemaach haten. De Minister Braz, an och säi Kolleeg Bausch mussen elo séier Faarf bekennen!!!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *