Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Gesellschaft

Tëscht Hummer an Amboss 

Tëscht Hummer an Amboss
Image par Free-Photos de Pixabay

D’Regierung weess nach net wouhinner mat der Finanzpolitik. Kann si och net wëssen, well nach laang net all d’Parameter vun der Wirtschaftskris bekannt sinn. A wat ech iwwer de Weekend esou alles vu Patronen erzielt krut, mécht wéineg Courage.

Ugefaangen mam Commerce an der Haaptstad. Déi bekloen sech schonn zanter Joer driwwer, datt vill Banken a staatlech Verwaltungen aus dem Zentrum fort geplënnert sinn, fir op de Kierchbierg ze zéien oder op d’Cloche d’Or. Manner Employée an der Stad, ass gläich manner Client virun der Théik; dat gëllt fir d’Geschäftswelt am allgemengen a fir den HORESCA-Secteur am Speziellen: Bistrot liewen -ausser an der Touristesaison- vum Geschäft tëscht Mëtteg an 2 Auer.

D’Touristesaison wäert dëst Joer net fantastesch ausfalen, an och den “Dréchesummer” léisst op sech waarden. Derbäi kënnt awer en neie Phenomen, an dat ass den home office. Vill Beamten schaffen vun doheem aus, ginn also net an d’Stad fir de menu du jour a fir duerno nach kuerz an engem Kleedergeschäft ze passéieren. Déi hunn souwisou de Probleem, datt si net un déi néideg Wuer erukommen, kënnen der Clientèle also net esou vill ubidden. Kee business as usual also an der Stad!

Image par Ryan McGuire de Pixabay

ePatron vun enger Gesellschaft mat gutt 50 Ugestellten huet mir verdrësslech vu sengen Erfarungen aus dem deconfinement erzielt. Eng gutt Dosen vu senge Leit koum iwwerhaapt net méi zeréck! Natierlech geet een do fir d’éischt d’Schold bei de Patron selwer sichen, schlechten Aarbechtsklima, ze groussen Aarbechtspensum an deesgläiche méi. Mä, dee Mann gëtt ze bedenken, datt no enger gezwongener “Vakanz” vun déck zwee Méint, d’Aarbechtsmoral bei verschiddene Mataarbechter e Knacks erwëscht hätt: vun enger Partie hätt hien sech mussen trennen -ënner anerem wéinst Krankmeldungen direkt am Deconfinement ouni Krankeschäin-, anerer hätte vum Confinement profitéiert, fir sech no enger neier Plaz ze ëmkucken!

En anere Patron erzielt vu sengem Dilemma: entweder entloossen oder riicht an d’Faillite! De Mann muss tranchéieren tëscht engersäits mënschleche Gefiller an anerersäits kalbliddegem Gerechens. Wann hien sech net bannent kierzester Zäit vun engem Deel vu sengem Personal berufflech trennt, iwwerlieft säi Betrib net d’Summervakanz! Wat ass méi mënschlech? Keen elo entloossen an herno sëtzen se alleguerten op der Strooss oder awer sech vun engem Deel trennen, fir wéinstens deenen aneren – an natierlech sech selwer- iergendwéi eng Zukunft kënnen ze garantéieren?

“…ech ginn dem Mann Recht, sinn awer verdammt frou, net a senger Haut ze stiechen¨…”

Entloossungen bleiwen déi nächste Méint net aus. Déi zwou Säiten – salariés a Patron – sinn ewéi tëscht Hummer an Amboss. An dofir ass et esou wichteg, eng Tripartite ze maachen. Grad dat Element aus dem lëtzebuerger Modell, dat déi lescht 10 Joer fir dout erklärt gouf, kéint zu neiem Liewen erwechen. Déi heite Wirtschaftskris kritt een net (eleng) duerch gutt bezuelten Etuden vun Auditgesellschaften vum Dësch! Déi heite Kris brauch grad wéi virun 45 Joer d’Stolkris eng national Solidaritéit, also Patronat zesummen mat Gewerkschaften, plus d’Regierung als Coordinateur. Gambia I an II hu bis dato duerch eng staark Bedeelegung vum Patronat geglënnert, elo d’Gewerkschaften mat an d’Bot ze huelen, dat wir tatsächlech fir Bettel & Co e Paradigmewiessel!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *