Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Tëschefall op der Gare – Krich vun de Banden 

Tëschefall op der Gare – Krich vun de Banden
Image par Here and now, unfortunately, ends my journey on Pixabay de Pixabay

an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg koum et op der Stater Gare zu engem Tëschefall. Wéi ëmmer war “Fix, der fliegende Reporter” op der Plaz, also Persounen, déi déi Zeen mam Handy gefilmt a spéider op Facebook an Twitter verëffentlecht hunn.Op deene verschiddene Biller gesäit et tatsächlech esou aus, wéi wann d’Beamten vun enger privater Sécherheetsgesellschaft iwwer hir erlaabte Grenzen erausgaange wieren, datt si hiren Hond op eng Persoun lassgelooss hätten.

An esou fänkt op de soziale Medien direkt eng hefteg Diskussioun un, déi doriwwer eraus politesch gefierft ass: ënner anerem d’Sozialisten an déi Gréng sinn net grad begeeschtert, datt déi blo-schwaarz Koalitioun um Knuedler eng privat Gesellschaft mat der Sécherheet a verschiddene Quartieren beoptraagt huet. D’Geschicht koum an der Tëschenzäit an de klassesche Medien un, ma et feelen verschidde wichteg Detailer!

Op der Gare leeft d’Drogegeschäft. Dat ass zanter 40 Joer gewosst. Vun Zäit zu Zäit kënnt et vir, datt d’Dealer sech an d’Hoer geroden, wann et ëm d’Verdeelen vun hirem fonds de commerce geet, also souzesoen ëm déi territorial Muecht fir de Verkaf vun den Drogen. Esou ee Krich vun de Banden schéngt den Ament nees am gaangen ze sinn.

Den Tëschefall vum Weekend ass net eleng op eng onglécklech Ausernanersetzung mat enger Privatfirma ze limitéieren. D’Geschicht huet eng Stënnchen éischter ugefaangen wéi dräi Drogendealer unenee gerode waren. Deen Ament koume streetworker vun der Gemeng Lëtzebuerg laanscht a si wollten déi hëtzeg Atmosphär e bësselchen ofkillsen, also d’Dealer berouegen. Dat ass hinnen net gelongen a si kruten selwer Streech.

D’Police koum erbäi an huet zwee Dealer festgeholl. Deen Drëtten war hinnen entwutscht an et schéngt dee Mann gewierscht ze sinn, dee kuerz drop fir d’éischt mat engem Stull, duerno mat enger Schosswaff op ee vun den Agenten vun der Privatgesellschaft lass goung.

Natierlech kann een elo driwwer diskutéieren, datt et un der Police an net un enger Privatfirma ass, fir law and order ze suergen an et kann een sech och driwwer opreegen, datt de Maulkuerf vum Hond net hätt duerfen opgoen. Ass et awer net virun allem d’Confirmatioun vun der Feststellung, datt op der Gare munchmol der Däiwel lass ass an datt d’Police wäit derfunner ass, d’Situatioun ënner Kontroll ze behalen?! Net well si net wëll, ma well si net kann. Et feelt hir u Personal.

Déi Leit, déi sech elo entwutzen, datt en Drogendealer vun engem Hond liicht blesséiert gouf – hie konnt no ambulanter Behandlung d’Spidol verloossen-, wat ganz kloer net hätt duerfe geschéien, déi Leit sollten sech mat der blo-schwaarzer Koalitioun um Knuedler op deem Punkt solidariséieren an Drock op den zoustännege Minister Kox maachen. Et ass un him, endlech Initiativen ze ergräifen! D’Gemeng huet privat Sécherheetsgesellschaften jo schliisslech net engagéiert fir hien baschten ze doen, ma well si sech hirer Hänn kee Rot wosst. An elo sinn hirer eegener Leit d’Affer ginn vu Kläpp a Streech…

D’Poliziste selwer sinn net onzefridden iwwer d’Zesummenaarbecht mat de Privatgesellschaften, ma hu fir de Rescht déck de Kéis. “D’Politik mécht den Ament just Schäiss!” sot mir kierzlech ee vun hinnen. Dat seet genuch aus iwwer d’Atmosphär an der Cité policière, an den eenzele Bierger denkt sech Säint!

Related posts

1 Comment

  1. Kinn-Roller Sylvie

    Gudde Kommentar

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *