Recent Posts

Post Categories

FRANK BERTEMES: Des Friedens Kern 
Am 28. Juni strömten sie – ob vierzehn- oder fünfundzwanzigtausend, wer zählt das schon bei Volksbewegungen? – Richtung Knuedler. Und...
Von Cannes bis zum Gerichtssaal: die Wahrheit hinter Luxemburgs Filmglamour  
Während Millionen Steuergelder via Filmfund in die Taschen einer kleinen Zahl von sogenannten Filmproduzenten fließen und das Parlament jetzt  vor...
Frank Bertemes: Unterwerfung? 
Trumps Wille geschehe    – das beim NATO-Gipfel. Man kommt allerdings nicht umhin, sich ob der klaren Vorgaben dieses Machtmenschen,...
Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter 
Et huet sech erëmgeschwat: de Lëtzebuerger geet net gären op d’Strooss fir ze demonstréieren. Hie weess: wann a sengem Land...

Blog Post

Politik

Dass De net geess! 

Dass De net geess!

Déi gréng Europadeputéiert Thilly Metz wor also an e Militärlager a Flandern gaangen an hat sech do zesummen mat zwou aneren Dammen op eng Landepist geluecht.Aus Protest! Dat erënnert un déi gutt, al Zäiten. D’Aktioun huet allerdéngs wéineg bruecht, ausser, datt mir doduerger erënnert goufen, datt et nach ëmmer Atomwaffe gëtt, an esouguer zimmlech no bei eis. Fir de Rescht war et eng PR-Aktioun vum Thilly Metz, déi dräi Méint virun den Europawahlen onbedéngt wollt an d’Gespréich kommen. An do  muss een eng gudd Inszenéierung am Kapp hunn an esou Sätz fale loossen, ewéi.

meng grouss Angscht war, kënnen erschoss ze ginn!

Grad, wéi wann si an akuter Liewensgefohr gewierscht wier! An direkt drop berouegt si eis:mir goufe korrekt behandelt, d’Zaldoten hunn nëmmen hir Aarbecht gemaach! Groussen UFF!

 

Den Hummer ass allerdéngs de François Bausch, neierdéngs net méi eleng fir d’Mobilitéit responsabel, ma och fir d’Verdeedegung vun eisem Land. De Mann huet d’Thilly Metz fale gelooss, wéi eng waarem Gromper! D’Protestaktioun wor net rechtméisseg, seet de ministre de la défense, an hien huet natiirlech absolutt Recht. Wier net do d’Vergaangenheet vun deene Gréngen, déi an der Zäit regelméisseg sech mat Ketten ugestréckt hunn, manifestéiert a protestéiert hunn, méi wéi engkéier virum fréieren WSA-Lager zu Beetebuerg Gewier, -Ups!Pardon!- Sonneblumm bei Fouss stoungen. Wann de François Bausch elo ënnersträicht, datt en Europadeputéierten kee speziellt Statut huet, da muss ee sech d’Fro stellen, op Aktivisten vu Gréng, Greenpeace, mouvéco dann ieren esou e spezielle Statut hunn? Gutt Beispill ass Cattenom. E kloren “NEEN”! De François Bausch ass just an der Realpolitik ukomm. Ideologie war gëschter, a souwisou hu mir jo keng Panzer, ma dofir awer e schéinen Tram a gläich e Militärflieger!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *