Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

AT, PV a fichier: ass de Minister Bausch sech alle Konsequenzen bewosst? 

AT, PV a fichier: ass de Minister Bausch sech alle Konsequenzen bewosst?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Déi lescht Woch  war an der zoustänneger Chamberkommissioun iwwer deen ominéisen “fichier central” bei der Police Rieds gaangen, virun allem iwwer d’avertissements taxés (http://3.127.214.33/fichier-bei-der-police-on-sen-fiche/ ). De Punkt stoung net um ordre du jour, ma den CSV-Deputéierten Laurent Mosar hat direkt um Ufank vun der Sëtzung dozou eng Fro gestallt; weder Minister nach d’Police waren also doropper virbereed – ein Schelm, der dabei Böses denkt!

Op alle Fall war de Minister Bausch net frou vun der Police ze héieren, datt déi AT’en ëmmer nach net am Fichier central geläscht woren, ënnert der Conditioun, datt se bezuelt sinn. Dobäi hat de Minister dozou am November e mëndlechen Uerder un d’Police erausginn, déi also ronn 4 Méint Zäit gehat hätt. De Minister huet elo der Police-Direktioun geschriwwen, ganz héiflech, ma ëmmerhinn, e schrëftlechen Uerder.

gkonline

Et huet sech d’lescht Woch d’Fro gestallt, virwat d’Police sech esou schwéier dobäi deet! Technesch Komplikatiounen? De Minister blouss stellen/schützen?

efichier huet an dësem Zäitalter och a virun allem eppes ze doen mat Informatik, an do kéint et mol sinn, datt beim Staat déi eng Hand net weess, wat déi aner mécht! Et ass nämlech esou, datt déi avertissements taxés net am Fichier central vun der Police stinn, ma si ginn gespäichert beim CTIE, also beim Centre Informatique de l’Etat. An anere Wieder, den Här Bausch huet do keng ministeriel Kompetenzen! Déi leien beim Statsminister Xavier Bettel. D’Police ass zwar Proprietaire vun den AT’en, muss allerdéngs mam CTIE informatesch zesumme schaffen, fir aus där Nummer erauszekommen.

Image par Pexels de Pixabay

AT ginn et fir falscht Parken oder och beim Blëtzen, ma déi zwee Fäll gi verschiddentlech behandelt:

Falschparken:  Polizisten a Pecherten kënnen den Ziedel manuell ausfëllen a spéider um Bureau an de Computer androen, an zwar an der Applikatioun PGRAT vum CTIE. Pecherten an enger Partie Gemengen, virop Lëtzebuerg an Esch kënne vun engem Handy aus d’AT’en direkt op de CTIE schécken. Desen AT gëtt vum CTIE als Bréif fortgeschéckt, wouropper dee klenge Sënner mat engem Virement ze äntwerten huet.

Radaren: An deem Fall ginn d’Daten am centre de calcul zu Bartréng behandelt. Do sëtzen wuel Polizisten, ma d’Informatik ass komplett vun der Police getrennt! Vun do aus gëtt den AT op de CTIE transféréiert. Wann am Delai bezuelt gëtt, bleiwt den AT beim CTIE; geschitt dat awer net an engem raisonnablen Zäitraum, da geet den AT eriwwer bei d’Police an zwar a Form vun engem PV, vun engem Protokoll. D’Police dréit dës PV’en an der Datebank IP an (informations policières), separat vum fichier central.

sollt d’Direktioun vun der Police et tatsächlech net besser wëssen, misst een sech schudderen, wéi wéineg si Bescheed weess, wat esou alles an hiren Servisser leeft, besonnesch um Plang vun der Informatik. Sollt si et allerdéngs dach besser wëssen, da stellt sech d’Fro: virwat huet hier Direktioun näischt an der leschter Sëtzung dozou gesot?

Image par Rudy and Peter Skitterians de Pixabay

De François Bausch ass nach net esou laang Minister vun der Police, ma d’Radaren an d’Stroosseblëtzer falen schonn zanter Joer ënnert seng Kompetenzen, nämlech als Transportminister. Also net grad ee Greenhorn wat d’AT ugeet! Bannent 6 Joer misst hien gewëssen Erfahrungswäerter hunn, de Prozedere kennen!

et gëtt eng Aberzuel verschidde Fichier, zum Beispill dee fir de “permis”/”Führerschäin”. Fällt ënner d’Autoritéit vum Transportministere, gëtt awer am CTIE gespäichert. Oder och de “fichier des véhicules”! Nämmlechte Fall! Hunn do de Ministère an/oder Police d’Autoritéit, Drock op de CTIE ze maachen?  Geet den Uerder duer vum Minister Bausch oder muss de Xavier Bettel als ministre de tutelle asprangen?

Et ass bis ewell net virgesinn, d’AT’en direkt ze läschen, well da besteet jo och keng Méiglechkeet méi, fir ze reklaméieren! D’Gesetz muss esou oder esou op de Leescht geholl ginn. Ma de Minister Bausch huet hei eppes versprach, dat hien esou net onbedéngt kann direkt anhalen! Et bleiwt d’Fro: tappt jiddereen an nach ëmmer am Däischteren, wat d’fichier beim Staat ugeet ??

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *