Marc Thoma op apart TV: historesche Réckbléck op de Projet AKW Rëmerschen

0
351

Tëscht Russland an Europa leeft den Ament e Wirtschaftskrich. Besonnesch eisen däitschen Noper ass do an enger Hexekichen. Zanter virgëschter liwwert Gazprom nach just 20 Prozent u Gas, an dat geet der Industrienatioun bei wäitem net duer. Datt grad Däitschland sech an déi komplett Ofhängegkeet vu Russland a Saachen Energie hat dreiwe gelooss, erweist sech elo als kapitale Feeler. Derbäi kënnt d’Diskussioun ëm den Atom.

An der Bundesrepublik ginn et just nach dräi där Zentralen. Déi sollten u sech an den nächste Méint och zougemaach ginn. Elo awer – bedéngt duerch de Krich an der Ukrain- leeft eng Diskussioun iwwer eng eventuell BETRIBS-Verlängerung. Nach sinn déi Gréng an Däitschland kategoresch dogéint, aneschters d’Ekologisten an der Belsch an a Finnland déi sech fir d’Atomenergie ëmdecidéiert hunn. D’Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi ëmmer: still ruht die See!

Marc Thoma/Steve Nilles

Dobäi gouf et viru ronn 50 Joer och bei eis eng hefteg Diskussioun iwwer den Atom. Fir d’éischt hat sech eng CSV-LSAP-Regierung an de Kapp gesat, esou eng Atomzentral zu Rëmerschen bauen ze loossen. A wéi et zu engem Regierungswiessel koum, nämlech zu enger DP-LSAP-Koalitioun – déi éischt Regierung zanter dem Krich ouni CSV!- gouf de Match kontroverse tëscht de Regierungsparteien ausgedroen; an der DP goufen et Leit wéi den deemoolege Wirtschaftsminister Marcel Maart, déi éischter positiv zum Atom agestallt waren, an der LSAP war een éischter géint esou en Atomwierk. Zousätzlech koum et zu massive Protester aus der Populatioun, déi schliisslech dozou gefouert haten, datt d’Regierung de Projet zeréckgezunn huet. Ganz aktiv géint de Projet war d’Famill Kox. Quasi den Dag no der politescher Decisioun am Grand-Duché hunn d’Fransousen de Projet Cattenom op den Dësch geluecht. Fir mech perséinlech deemools eng wichteg Lektioun als Jonken um Wee an d’Realpolitik.

 

Marc Thoma/Steve Nilles

Ëm Rëmerschen goung et am Marc Thoma sengem Reportage op apart TV. Hien huet en Interview gemaach mam jonken Historiker Sascha Pulli, dee seng Ofschlossaarbecht am Master ebe grad iwwer d’Geschicht vun där Atomzentral made in Luxembourg geschriwwen huet: “Das gescheiterte Jahrhunderprojekt”. Grad an dësen Zäiten top aktuell.

Vill Freed mam Video vum Marc Thoma. A wéi ëmmer, et däerf kontroverse diskutéiert a kommentéiert ginn.

 

 

 

 

Marc Thoma/Steve Nilles

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here