Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

CO2: Eene meene Muh, weg bist du! 

CO2: Eene meene Muh, weg bist du!
Image par Ria Sopala de Pixabay

D’CO2-Hysterie riskéiert ze platzen, wéi eng Seefeblos! Et gouf nämlech dës Woch e komplette Revirement, wat d’Situatioun an Däitschland betrëfft, also dat Land, wat eng Reduktioun vun den CO2-Emissioune geplangt hat an der Gréisstenuerdung vun 40 Prozent, fir nees op den Niveau ze kommen vun 1990. Grousst Ziel! Allerdéngs hat d’Kanzlerin Angela Merkel d’Enn vum leschte Joer selwer mussen zouginn, datt hiert Land net wäert dorunner erukommen! Wourobberhinn déi Gréng vun der Geleegenheet profitéiert haten, fir direkt op d’Energiepolitik vun der GroKo ze klappen!

Ëmsou méi verwonnerlech elo d’Informatioun vum ZDF, datt d’CO2-Emissiounen a

Image par nosita de Pixabay

Grossteutonien zejoert ëm 50 Milliounen Tonnen zeréckgoungen! 50 Milliounen bannent 12 Méint! Matt dëser Baisse läit den CO2-Gehalt an däitscher Atmosphäre bal um Niveau vun 1990. Et feele just nach 5 Prozent! Experten rechnen net dermadder, datt deen ugepeilte Minus vu 40 Prozent nach dëst Joer wäert kënnen areecht ginn, -si ginn esouguer dervunner aus, datt d’Emissiounen nees kéinten an d’Lut goen, wéinst den SUV (sic)-, ma dat neit Zuelematerial weist dach däitlech, datt an de leschte Joer méi geschitt ass, wéi et eis vun der Press am allgemengen a vun Klimaaktivisten am Speziellen gleewe gedoe gouf.

Et weist awer virun allem: d’Politik setzt de Kader, an déi fräi Maartwirtschaft reegelt dat selwer. Dat brauch munnechmol Zäit, ma da geet et herno ëmsou méi séier. D’Ursaach fir dës Baisse an Däitschland ass den héigen CO2-Präiss an der europäescher Unioun!

 

Dës Baisse weist nach en anert Phenomen. Déi drastesch Reduktioun vun Emissiounen, un déi kee méi gegleewt huet, kënnt zum absolutt falschen Ablack! Et war dach alles esou schéin arrangéiert ginn: d’Klimabeweegung hat hir jonk Jeanne d’Arc, matt ëmmer méi treien Zaldoten hannert hir, also Klimaaktivisten, an dausende Legiounen vu Bauerentruppen, also Jugendlecher, fir dëse Krich géint d’Ëmweltverschmotzung strategesch opzebauen a matt engem

Image par Michael Gaida de Pixabay

heroeschen Veni,Vidi,Vici ofzeschléissen. Däitschland huet elo ongewollt d’Roll als Spillverdiéwer iwwerholl. Schuéd! Ausgerechent dat Land, wou grouss Automarken à gogo getrickst hunn, wou Statiounen fir d’Qualitéit vun der Loft ze moossen, schéi brav 1 Meter laanscht d’Strooss opgeriicht sinn, ausgerechent dat Land, wou nach vill Kuelewierker sinn, kënnt elo mat esou engem gudde Resultat!

A wéi explizéiert ee sech, datt d’Medien- an Däitschland an och bei eis-, séier wéineg dovunner schreiwen a schwätzen? Wahrscheinlech, well et esou muenche Beruffskolleeg net arrangéiert, Journalisten, déi sech vun der Ënnergangsstëmmung hun aspäre gelooss, déi zwar fir eng fräi Press sinn, awer sech sos gewalteg fir eng Verbotsgesellschaft asätzen. Fir deen ee Sujet fiddert ee sech mat Ritalin, fir deen aneren hëllt ee Baldrian. Ma och de Mediesecteur gëtt vun der fräier Maartwirtschaft gereegelt…

Esou schlecht ass d’Situatioun och net zu Lëtzebuerg; et geet de biergan, op d’mannst wat den CO2 betrëfft:

Le total des émissions de gaz à effet de serre (GES), en 2017, était de 10.238 millions de tonnes CO2 équivalents, soit 19,9% en dessous de l’année de référence du protocole de Kyoto, 1990. Ainsi, on observe la tendance suivante sur la période 1990-2017 (et 2016-2017) selon les différents GES:

  • CO2: …………………………. – 21,98 % (+ 1,85 %)
  • CH4: …………………………  + 2.34 % (+ 1,40 %)
  • N2O: ………………………… – 2,98 % (+ 0,72 %)
  • gaz fluorés: ……………… + 390 % (+ 8,26 %)
  • Total GES :………………… – 19,9 % (+ 1,83 %)

(source:emwelt.lu)

Related posts

1 Comment

  1. Tom Conzemius

    https://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/co2-ausstoss-deutschland-2018-beim-klimaschutz-vorangekommen-a-1260819-amp.html
    ech sin averstan, dass mer positiv Nouvelle vill ze wéineg no fir brengen, mais är Konklusioun as falsch

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *