Lëtzebuerg huet keen Ötzi, dofir awer de Mann vu Loschbour. Hien ass souzesoen den Ur-, Ur-, Ur-,…Grousspapp vun eis alleguerten, well hien huet vrun 8000 Joer hei geliewt. Säi Sklett gouf 1935 zu Hiefnech entdeckt.
Lëtzebuerg huet e Plesiosaurus, dee virun 185 Millioune Joer duerch eist Gewässer geschwommen ass. Seng gutt erhalen Iwwerreschter goufen an den 90-er Joer bei Suessem ausgegruewen.
Lëtzebuerg huet de Mosaik vu Viichten. Et ass aus der Réimerzäit, also net därmoossen al, dofir awer wonnerschéin. An d’Land huet zanter genee engem Joer en Ichtyosaurus temnodontosaurus, dee virun 250 Millioune Joer seng Visittekaart op der Cloche d’Or hannerlooss huet. Deemools war op där Plaz kee Rond-point, ma Waasser bis zu enger Déift vun 40 Meter.
Grad deen Ichtyosaurus ass fir d’Paleontologen héich spannend. Ëmmerhin gouf dat Déier bis ewell eréischt zweemol an Europa wëssenschaftlech nogewisen. A wat mécht Lëtzebuerg aus all dësen Entdeckungen? Näischt! Wuel gouf just en Deel vun enger Wierbel vun deem Ichtio fonnt, ma et hätt een 1 Joer duerno kënnen op der Cloche d’Or/Gasperech e schéine Panneau opriichten, mat Foto an e bësselchen Text. Oder stéiert dat an der Betonswüst?
De Marc Thoma goung där Saach no a kuck do: et ginn nei a sensationnell Erkenntnisser ëm dee Riesenfëschsaurier an et gëtt och eng nei Entdeckung vun enger Fossilie vun engem mini Schlaangestär. Déi international Paleontologewelt hält den Otem un, fir Lëtzebuerg ass et just e Méckeschëss! Mir hu verléiert, eis ze verkafen, mir, déi jo souwisou den Nuebel vun der Welt sinn, stellen eis net méi gären an d’Vitrine.
Dem Marc Thoma säi Reportage ass op apart TV ze gesinn an och op dëser Säit.
Doranner ë.a. en Top-Interview mam Paleontolog Dr. Ben Thuy. Vill Spaass!