Et geet esou lues dem Enn zou, dem Enn vum Joer. Vun 2022 zeréckzebehalen ass, datt d’Pandemie an der Intimitéit begruewe gouf; awer och, datt engem Kënschtler wéinst Plagiat de Prozess gemaach gouf, virum Riichter grad esou wéi an der Gesellschaft. De Jeff Dieschburg an de Gaston Vogel hunn an éischter Instanz gewonnen. Woumatter mir bei der 7. Konscht wieren, dem Film. Grad déi lescht Méint war de lëtzebuerger Film-Fong vill am Gespréich, wéinst dem Virworf vu finanziellen Irregularitéiten.
Mir hunn eis decidéiert, elo um Enn vum Joer zwee lëtzebuerger Filmer via apart tv ze weisen,déi engersäits vum Film-Fong keng Suen kruten, anerersäits trotz allem mat engem Minimal-Budget realiséiert an zu engem groussen Erfolleg goufen, esou gutt an de Kinoen, an dern Kulturzentren uechter d’Land wéi herno als DVD.
Där Filmer ginn et méi ewéi een denkt. Zum Beispill den “Heemwéi” vun der asbl FEIERBLUMM, deen Uganks 2015 de sougenannte lëtzebuerger Box-Office mat méi ewéi 10.000 Kinosentreeën dominéiert hat. De Film-Fund hat et net fir néideg fonnt, dat Wierk ze ënnerstëtzen a gouf anere Produktiounen eng Milliounen-Euro Hëllef, déi awer bei wäitem manner Succès zu Lëzebuerg haten wéi eben den Heemwéi!
Och de Film “Emil”dee vum Film-Fund ofgewise gi war, louch an der box office wäit uewen, hat grousen Zousproch ënner de Spectateuren an hat Méinte laang d’Kinoen an d’Kulturzentren am ganze Land gutt gefëllt. Donieft goufen iwwer 10.000 DVD verkaaf. Dëse Film- hätt hien dann d’Gnod vum Fong fonnt- wier deen Ament mat 3 Milliounen Euro subventionéiert ginn. Um Enn gouf hien mat ronn 300.000 Euro realiséiert.
E Beispill vun engem absolutt minimalisteschen Budget ass de Film Kropemann vun der asbl Camera Obscura, déi och vum FF ofgewise gi war: dëse Film gouf schliisslech mat 25.000 Euro realiséiert.
Groussen Erfolleg och fir de Kuerzfilm “Das Wunder von Waldbredimus”. Kuerz….a bëlleg! 4000 Euro. Méi war net dran. Hätt dëse Film de Seege krut vum Här Daleiden, hien hätt labber kënnen mat 300.000 Euro Ënnerstëtzung rechnen!
Och en historescht Dokument, den 52 Minutten langen Dokumentarfilm “d’Preise sinn rëm zréck” iwert dem Hitler seng läscht Offensive an den Ardennen zu Clierf deen ouni Film- Fund -Aiden fir 80 000Euro realiséiert gouf an och beim Publikum grouss Akkeptanz fonnt huet.
E weidert Beispill ass de Film 1000 Joer, en Documentaire duerch 10 Joerhonnerten zu Lëtzebuerg. Och hei the same procedure: en privaten Produzent – den Erny Koener – ouni agrément vum Film Fund – kee Fric vum Här Daleiden awer Bommenerfolleg bei de Leit. An dëse Film wëlle mir elo hei weisen. Genéisst déi 95 Minutten a sot Iech ëmmer: et stécht vill Aarbecht derhannert, an zwar op fräiwëlleger Basis .
Fir d’éischt eng grouss Foto-Galerie, do ënnendrënner dann de link fir de Film. Vill Spaass!
An hei dann de Link zum ganze Film deen den Owend um 9 Auer och apart tv ze gesinn ass