Recent Posts

Post Categories

D’Justiz ass kee politeschen Acteur! 
Zanter enger Woch ass de John Petry a senger neier Fonctioun als Staatsprocureur. Hien huet domadder d’Successioun vun der Martine...
3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 
Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi...
Frank Bertemes: Krisenfall Demokratie 
„Eine Stimme ruft aus dem Chaos: Lächle! Denn es könnte schlimmer kommen… Ich lächelte… Und es kam schlimmer!“ Dieses Zitat...
An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin? 
D’Fro an der Iwwerschrëft as provokativ, ma duerchaus realistesch. Et hänkt alles dovunner of, wéi staark oder schwaach déi verschidde...

Blog Post

Divers

Sinn Accidenter mam Tram virprogramméiert? 

Sinn Accidenter mam Tram virprogramméiert?
image credits:Luxtram

Direkt um Ufank vun der grousser Vakanz, den 19. Juli, gouf et e Schockament um Kierchbierg: e Bus an den Tram haten sech um John F.Kennedy/ rue Alphonse Weiker ze pake krut. 5 Persounen goufe blesséiert, dorënner zwou méi schwéier. Et huet sech direkt d’Fro gestallt: wee vun deenen zwee Gefierer hat Gréng, respektiv, ween war am Recht, ween am Feeler? Et kéint jo nach déi aner Méiglechkeet bestoen, datt et Problemer goufen mat der Signalisatioun. Mat der Computertechnik ass et haut einfach, dat zeréck ze verfolgen. Et huet een awer nie méi eppes vun deem Tëschefall héieren…

 

Gëschter wor eng Stad- a Landbekannte Perséinlechkeet op en Hoer an déi nämmlecht Situatioun gerooden. De Mann stoung mat sengem Auto um Schuman’s-Eck virun de roude Luten ze waarden, bei Gréng ass hien ugefuer an du koum, zur grousser Iwwerraschung, him säitlech en Tram entgéint. De Mann wor natiirlech fierchterlech erféiert a mat béide Féiss op d’Bremspedall gesprong. Geschitt wor näischt, ausser datt beim Mann de Bluttdrock op 100.000 geschoss war. Ech kennen dëse Mann schonn zanter Joerzéngten, an hie brauch bei mir keng déclaration sur l’honneur ze maachen, fir datt ech him d’Geschicht ofkafen. Also misst den Tram säin Zeechen op “rout” gehat hunn, oder awer, et gëtt tatsächlech e Probleem mat der Signalisatioun. Villäicht mellen sech mat dëser Geschicht nach aner Leit, déi an eng ähnlech Situatioun gerode waren.

 

wat d’Feier am Ënnergrondparking “Rousegäertchen” betrëfft: do si jo eng Partie Auto a Flamen opgaangen, an et heescht, datt och op d’mannst en Elektro-Auto drënner war. D’Batterie vun esou Ween brennt extreem gutt an d’Feier ass schwéier ze läschen. Dat fënnt een och esou um Internet:

https://www.futurezone.de/produkte/article216848967/Wenn-E-Autos-Feuer-fangen-warum-Elektroautos-nur-schwer-zu-loeschen-sind.html

Bon! Do kritt ee gäre virgehäit, et hätt een eppes géint den elektresche Woon, ma fir d’Diskussioun ze versachlechen, wär et gutt, wann d’Konklusiounen vun der Enquête, déi nach leeft, géingen integral veröffentlecht ginn: wéivill e-Auto stoungen deen Ament am Parking, wéivill vun hinnen woren Affer vun de Flame ginn a wéi grouss war den Impakt vun esou enger Batterie op dee ganzen Tëschefall?

Jenodem kritt d’Diskussioun iwwer d’Sécherheet an engem parking souterrain en aneren Dréi!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *