Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Politik

Si tacuisses… 

Si tacuisses…
Xavier Bettel,Yves Kortum

De Premier Xavier Bettel huet sech eng ferrem geleescht, wéi hien rezent am Gespréich wor matt enger Madame, déi geklot huet, datt et net ëmmer einfach ass, finanziell iwwer d’Ronnen ze kommen,schonn nëmmen eleng, well de Loyer esou héich ass. De Staatsminister huet do glat a guer kee Versteesdemech gewisen, vu Matleed net ze schwätzen! Seng lakonesch Aentwert war:” Dir hätt Iech jo virun 20 Joer kënnen eppes kaafen. Jo,jo. Dir hätt Iech kënnen e prêt maachen, da bräicht Dir haut net méi ze lounen”. Décken Tubak, deen drop hiweist, datt de Mann net vill Ahnung huet, wat et fir zigdausende Leit zu Lëtzebuerg bedeit, sech duerch d’Liewen ze schloen, an et erënnert staark un de Macron!

Natiirlech ass et richteg, ze soen, sech eppes kaafen gëtt laangfristech gesinn, méi bëlleg, ewéi eppes ze lounen. Mä, fir eng ganz Partie Leit geet dat einfach net. Eng Fra zum Beispill, déi monoparentale ass an een Akommes huet vum soziale Mindestloun, ass an der Onméiglechkeet, sech e Minimum vun Eegekapital unzespueren a si kritt näischt, respektiv bal näischt vun de Banken geléint, trotz  eventueller generéiser Hëllef vum Staat. Dat misst de Xavier Bettel wëssen an hien hätt op d’mannst esou maache kënnen, wéi wann hien der Madame hier Suergen géing verstoen; et goung jo an deem Gespréich net drëm, datt de Staatsminister an d’Täsch gegraff hätt, fir der Fra e puer Billiet op den Dësch ze bliederen…et goung éischter ëm ee Meenungsaustosch tëscht deenen do uewen an deenen do ënnen. An dat Gespréich goung total an d’Box!

Et erënnert un dat Gespréich viru Méint tëscht dem franséische Staatspresident an engem Gärtner, deen driwwer geklot huet, beim beschte Wëllen keng Aarbecht ze fannen. De Macron huet wirtschafts-liberal dréchen geäntwert: Ech ginn op déi aner Säit vun der Strooss a fannen direkt eng Plaz. Gidd an d’Restauratioun schaffen, do gëtt nach no Leit gesicht!” Och hei war d’Aentwert zum Deel richteg, louch awer komplett niewt der Plakk an huet Méint duerno mat zu der Roserei vun de gilets jaunes gefouert. E Politiker muss wëssen, wou beim Vollek de Schong dréckt; virun allem awer muss hien déi Suergen eescht huelen an ënner Ëmstänn Gesetzer op den Instanzewee schécken, fir engem Deel vum Vollek d’Iwerliewen méi einfach ze maachen! Wat den Staatsminister sech hei geleescht huet, ass eng Frechheet.

D’Rechnung vun deenen zwee Hären, Macron a Bettel geet souwisou net op: wann nämlech jidder Chômeur an d’Restauratioun schaffe geet, si geschwënn méi Serveur an de Bistrot ewéi Client a wann jidder Mënsch säin eegent klengt Doheem huet, maachen d’Immobilienagencen, déi dem Staatsminiszter jo awer a bëssinun d’Häerz gewuess sinn, faillite, well, mat der Locatioun gëtt och mächteg Suen gemaach. Beim Macron koum eriwwer: wee laang am Chômage liewt, ass e Lidderhännes; beim Bettel ass et wuel d’Konklusioun: wee keen eegenen Dag iwer dem Kapp huet, leet sech schlecht unn. Si tacuisses, philosophus mansisses! 

 

 

 

 

 

 

Related posts

10 Comments

  1. Clemens Marie-Rose

    Moien
    Mech intresséiert ween dat do wéini a wou opgeholl huet? An Zäiten vu Montagen a Faken sinn ech virsichteg ginn.
    Merci villmols

    1. Ech

      Mech och. Ech hun den Video bis lo net als Original gesin, mais emmer nemmen opgeholl vun engem Handy aus gesin.

  2. Tarayre

    Haipi et kritt een mol keen prêt ausser op enger auslaennescher bank letzebuerg as nach juste fier sech ze schummen , wei den herr bettel , dat as alles net mei normal dat sou hampelmaenner iwert leit décideiren , einfach nemmen traureg schummt ierch bis an den erdbuedem !!!!

  3. Kloot

    Dat Krasst ass, dass elo deen Video spuerlos vum Netz verschwonnen ass. Zensur ass nach wi vor eng waff di an der Politik emmer erem ugewandt get

  4. Melmer Steve Präsident Partei FSA

    Als Premier ass et onaxeptabel dass een sou behellt, ech perseinlech hun de Video gspeicheiert an wert nach en beitraach dozou machen, mee et ass wei gesoot en beweis dass den herr Bettel net wees wei et et keng suen ze hun oder an enger Noutsituation ze sin, leider ass daat bei villen Politiker de fall. Dei Basis situation muss sech äneren soss gett et just nach schlemmer.

  5. mary

    Ech vertstinn ganz eierlech net wou den problem ass.
    ech sinn och joerelaang fir ee mindestloun schaffe gangen bis ech ee gudde patron fonnt hunn dee mir meng aarbescht anstenneg bezillt……ech wunnen zanter dass ech 19 sinn eleng an bezuelen mäin eegenen loyer, an trotzdem krut ech geld op ee bauspar geluecht.
    an ech haat elo rdv op mener bank, an siehe da ech dierf bauen.
    et menschen sinn vun moies bis owes nemmen um mäkkeren an geingen fir fräcken net hieren arsch an lut kreien fir eppes un hierem lieewen ze änneren, haaptsaach mir ginn all an belge an maachen ons pret’en fir autoen dei guer net an onse budget passen, laafen all matengem iphone ronderem an vun den markenkleeder guer net ze schwätzen. wenn ech akaafen ginn an gesinn op waat fir engem niveau verschidden leit do lierwen gett et mir nach mei schlecht. kloer ass alles mei deier ginn an kloer ass et net emmer alles einfach. mee dovunner ofgesinn dass immobilien zimlech deier ginn sinn hunn mir bevölkerung ganz verleiert ze spueren. fir all scheiss gin mer geld aus an wonneren ons dann an der mett vum mount dass näischt mei um kont ass. selbststännegkeet ass och keng mei do well et ass jo emmer deenen aaneren hier schold dass een näischt am lierwen ereescht huet.
    dee ganzen quatsch mecht mech nemmen nach rosen. ech well keen vun onsen decken herren an schutz huelen, mee de groussdeel vun der populatioun vergesst dass den maart och virun 10 joer esou ausgesinn huet an net erreicht säit 5 joer.
    et ass dach einfach wenn ee elo ee schellegen fir dat ganzt huet. mee ech denken dass aaner grouss hären am soff och ganz vill fräcjt gemaach hunn…..just dass deen mat den armen um comptoir matgesoff huet

    1. admin

      Dir hutt komplett Recht, Mary! Et gëtt ze vill gegrommelt,geknoutert,gejéimert. De Probleem ass: et gëtt Leit, deenen dat zousteet,well et hinnen extreem schlecht geet; derbäi kommen dann déi, déi nëmme mengen, si géingen och zu deene gehéieren. Ech kennen där enger, a leider och där aanerer! Schéinen Dag a weiderhinn vill Courage.

  6. Hornisse16307

    War geif dem seng Mamm lo dozou soen ?
    Kann mir net virstellen dat dei Mamm den sou soll erzunn hun.
    An op Debatten mat aaneren Politiker gett seier Gesicht changeiert.
    Do sin 2 Gesichter am Spill…….

  7. Tarayre

    Heiansdo freet een ob de numm bettel as mee een schreiffehler betchel!!!! Traureg skrupelos persoun

  8. Phil

    Den Xavier Bettel gehéiert enger Generatioun un wou d’Elteren d’Méiglechkeet haten eppes ze spueren an op d’Säit ze léen fir dass hir Kanner et méi einfach sollen hun sech eng Existenz opzebauen. An den “fils” Bettel huet och voll dovunner profitéiert. Mä haut ass et net méi esou, well deelweils schon d’Elteren Problemer hun fir d’Wupper um Enn vum Mount beieneen ze kréien. De Video wou hien där Frâ iwwert de Mond fiert ass kee Fake, et beweisst juste wéi ons Hype an Yuppie Regierung funktionnéiert…. Après moi le déluge!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *