Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Si tacuisses…Nr 2 

Si tacuisses…Nr 2
Xavier Bettel,Yves Kortum

Bäino 60000 Leit hu bannent 16 Stonnen mäin Artikel iwwer den Optrëtt vum Staatsminister Xavier Bettel gelies! Dat ass erstaunlech, well de  “gkonline” réischt zanter 3 Wochen online ass. Et weist awer zwou Saachen: et mécht een net den Uuz matt de Suerge vun de Leit an anererwäerts weist et, wéi grouss d’Suerge sinn vun de Leit, sech een eegent Doheem kënnen unzeschafen an dobäi nach eenegermoosse liewen ze kënnen!

Ech hat jo nëmmen een eenzegt Beispill genannt, vun enger Fra, monoparentale, déi den onqualifizéierte Mindestloun huet. D’Problematik muss een allerdéngs nach méi breedgefächert gesinn: och e Jonggesell mam qualifizéierte Mindestlouhn deet sech méi wéi schwéier, aus där Féckmillchen erauszekommen, jo och eng Persoun, déi 3000 € brutto de Mount huet, ka sech bal näischt op d’Säit leeën, fir eventuell e klenge prêt vun der Bank accordéiert ze kréien, fir sech mat maximal 200.000 € e klenge Studio leeschte ze kënnen.Et sinn déi betraffe Leit selwer, déi sech grouss Gedanke maachen, an et sinn och deene Jonken hir Elteren, déi, wann se finanziell net kënnen hëllefen, mussen nokucken, wéi hir Kanner sech am Krees dréien,ouni déi geréngste Chance, aus där Nummer erauszekommen.

Et ass esou villes iwwer d’Problematik “logement” zu Lëtzebuerg ze schreiwen, wat ech haut net ka maachen, well ech an der Schivakanz sinn; noom ville Schnéi déi leschten Deeg kéint ech haut eng éischte Kéier op de Bierg. Schi Heil also. Ma ech kommen op d’Thematik zeréck. Meng éischt Erfahrung um Internet huet mir op eng krass Manéier virun Aa gefouert, wéi déif de Malaise an der lëtzebuerger Gesellschaft sétzt, an dee malaise sollt een eescht huelen, virun allem nattîirlech d’Politiker, a matt un der Spëtzt de Staatsminister.

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Leon Krein

    Ohmei armen Haer Bettel, mengt daer virun 20 Joer hätt een vir een Eegenheem Souen nogeheit kritt, zu daer Zeit huet een och mussen als Einfachen Arbechter vill an schweier schaffen vir un een Eegenheem zekommen,an derniewt bemierkt wann een dei Zeit näscht zesummen gespuert haat huet een och keng Souen geleint kritt,et krett nit all Mensch d Geld esou nogeheit wei zb. daer.
    An ech fannen daer als Staatsminister sollt deenen klengen Leid aus dem Mettelstand nolauschteren,aplatz esou domm an Frech Äntwerten zeginn. Schummt Iech!!!

  2. Jo Schmit

    Bravo Guy. De Nol op de Kapp an schéi Vakanz. Richteg Här Krein. Den Staatsminister huet sech ni mussen ploen. Eng deck Schness huet en. Mier soot en zu Hesper op der Versammlung hien hätt d’Härz lenks an de Portmonie riets. Ech mengen awer lo dat eent aus Steen ass

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *