Lëtzebuerg, den 17. August 2020
Ëffentleche Bréif un den Här Xavier Bettel
Ministère de l’état zu a vu Lëtzebuerg
Un d’Ministesch vum Ministère de la Santé
Un di integral Regierung vum Lëtzebuerger Land
Un all Deputéiert vun der chambre des députés vum Grand-Duché vu Luxembourg
Ref.: BfB2020LW
Dir Dammen, Dir Hären,
Mir hunn ons a ville verschiddene Quellen informéiert, an erausfonnt, dass:
· vu ville Medeziner (Dokteren & Professeren) gesot gëtt, dass SARS-CoV-2 net méi geféierlech ass ewéi di ons bekannten Influenza-Viren | · eng ganz Rei Covid-19 Patiente falsch behandelt goufen, an als Konsequenz un der Behandlung gestuerwe sinn, an net u Covid-19 |
· de PCR-Test, deen zu Lëtzebuerg, awer och an anere Länner benotzt gëtt, fir mat SARS-CoV-2 infizéiert Mënschen ze identifizéieren, an héchstem Mooss (88% falsch positiver) onprézis ass | · déi ons vun iech opgezwonge Maske absolut net déngen, fir sech oder anerer virun engem Virus ze schützen, well ee Virus esou kleng ass, dass en duerch di Masken doduerch geet |
· sech Otemschutzmasken bei méi laangem Droen ewéi 20 Minutte ganz negativ op d’Gesondheet auswierken, souwuel op physescher ewéi op psychescher Basis, an et doriwwer Étude ginn, déi dir ze ignoréiere schéngt, an dir och de psychologeschen Effekt, deen d’Droe vun deene Masken op d’Vollek huet, ze ignoréiere schéngt | · sech SARS-CoV-2 schonn am Oktober 2019 di éischte Kéier manifestéiert hätt, wat zu der Conclusioun féiert, dass all vun de Regierunge weltwäit entscheete Moossnamen, fir eng Ausbreedung vu SARS-CoV-2 ze verhënneren, vill ze spéit komm sinn, an dat onofhängeg vun der Geféierlechkeet vum Virus |
· de SARS-CoV-2 Virus zu kengem Moment no wëssenschaftleche Kriterien isoléiert gouf | · souguer onbenotzte PCR-Test-kits positiv ugewisen hunn |
Ëffentleche Bréif un d’Regierung an un d’Chamber, Ref.: BfB2020LW, Säit 1
· no den Aussoe vu medezineschem Personal an den USA negativ Tester zu positiv ëmgeschriwwe goufen, well do all Covid-19 Patient dem Spidol 31000$ bréngt | · et eng Korrelatioun tëschent a) Leit déi am Virfeld géint Gripp geimpft goufen, b) massiv Loftverschmotzung, c) 5G nëtz, an Covid-19 Patiente gëtt |
· déi meeschte Leit, déi offiziell u Covid-19 gestuerwe solle sinn, a) an den ieweschten Altersgruppe waren, b) eng oder méi chronesch Virerkrankungen haten, c) keen Ënnerscheet gemaach gouf ob di Leit just mat engem positive Covid-19 Test, oder u Covid-19 gestuerwe sinn | · Pathologe soen, dass sech bei kenger Obduktioun vun engem Covid-19 Patient erausgestallt hätt, dass SARS-CoV-2 bei hirem Dout eng Roll gespillt hätt |
Persounen, déi iech dës Fakte bestätege kënnen:
Prof. Dr. Dr. | Martin Haditsch | Prof. Dr. | Sucharit Bhakdi | Dr. | Jaroslav Belsky |
Prof. Dr. | Carsten Scheller | Prof. Dr. | Yoram Lass | Dr. | Jenö Ebert |
Prof. Dr. | Gérard Krause | Prof. | Erich Bendavid | Dr. | Joel Kettner |
Prof. Dr. | Hendrik Streek | Prof. | Frank U. Montgomery | Dr. | Karl J. Probst |
Prof. Dr. | Jochen A. Werner | Prof. | Jay Bhattacharya | Dr. | Mark Fidigge |
Prof. Dr. | John Ionannidis | Prof. | Karin Mölling | Dr. | Michael T. Osterholm |
Prof. Dr. | Klaus Püschel | Prof. | Maria Rita Gismondo | Dr. | Stefan Lanka |
Prof. Dr. | Knut Wittkowski | Prof. | Peter Gotzsche | Dr. | Wolfgang Wodarg |
Prof. Dr. | Pietro Vernazza | Dr. | Bodo Schiffmann | Dr. | Yanis Roussel |
Prof. Dr. | Stefan Hockertz | Dr. | David Katz |
All dat beweist, dass déi Moossnamen, déi dir dem Vollek operluecht hutt, extremst iwwerzu waren a sinn.
Firwat hutt dir…
- keng Debatt mat kompetente Leit, déi eng aner Vu ewéi är Beroder hunn, zougelooss?
- dem Land, a ville Bierger a Betriber mat ären Aktioune ganz vill Schuet zougefouert, wou mir de ganzen Ausmooss vun de Konsequenzen eréischt méi spéit wäerte gesinn?
- iech net un déi fir e Krisefall aller éischt Regel gehalen, an zwar “Keng Angscht a Panik verbreeden”?
- dem Vollek Angscht gemaach, andeem s dir him all Dag d’Zuel vun de soit-disant “infizéierte Mënsche” matgedeelt hutt?
- behaapt, 113 (Stand 29.07.2020) Mënschen wieren zu Lëtzebuerg um SARS-CoV-2 gestuerwen, hutt awer bei kengem vun deenen 113 Mënschen eng Autopsie maache gelooss, fir dat ze beweisen?
Gëtt et fir är Aart a Weis ze handele eng aner Erklärung wéi just dës zwou?
- Dir sidd op ärem Posten iwwerfuerdert, well soss wéisst dir wat mir wëssen, an hätt ganz anescht agéiert, oder äre Posten, dee Moment wou dir gemierkt hutt, dass dir iwwerfuerdert waart, direkt a fräiwëlleg ofginn.
- Dir sidd iech bewosst, dass dir dem Vollek an dem Land géigeniwwer net richteg handelt an/oder gehandelt hutt, an är Motivatioune sinn anerer ewéi d’Wuel vum Vollek a vum Land.
Ëffentleche Bréif un d’Regierung an un d’Chamber, Ref.: BfB2020LW, Säit 2
Onser Meenung no si fogend Fuerderungen un Ierch gerechtfäerdegt:
- den direkte Récktrëtt an dat direkt Astelle vun alle politeschen Aktivitéite vun der integraler Regierung, an allen Deputéierten, déi d’Mesuren am Zesummenhang mat Covid-19, déi dem Lëtzebuerger Vollek operluecht goufen, ënnerstëtzt an mat gestëmmt hunn
- déi Deputéierten, déi géint all Mesuren am Zesummenhang mat Covid-19 gestëmmt hunn, sollen déi wichtegst Missioune fir d’Lëtzebuerger Land temporaire iwwerhuelen an Neiwalen organiséieren, bis eng nei Regierung ernannt ass
Eng Kopie vun dësem Bréif gouf un all déi wichteg Vertrieder vun der Press, und de Ministère de la Santé an un d’Chambre des députés geschéckt, an um online Site vu Bierger fir Bierger ( https://www.bfb.lu/bréif ) publizéiert.
Mir, als Deel vum Souverain vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg, erwaarde vun iech eng Äntwert op dëse Bréif, an zwar fir net méi spéit ewéi 14 Deeg nodeem dir dëse Bréif erhalen hutt.
Är Äntwert kënnt dir u Bierger fir Bierger, 70 rue Baudouin, L-1218 Lëtzebuerg schécken, a per eMail u bierger.fir.bierger@gmail.com.
Mat beschte Gréiss,
Bierger fir Bierger, an all zu Lëtzebuerg wielberechtegt Mënschen, déi dëse Bréif ënnerstëtzen