Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Schwaarzen Dënschdeg fir d’Majoritéit! 

Schwaarzen Dënschdeg fir d’Majoritéit!
Image par Heiko Stein de Pixabay

déi zwee Tëschefäll gëschter Metten an der Chamber am Zerkel hunn däitlech gemaach, wéi schwaach d’Regierung a verschiddene Ressorten opgestallt ass an datt d’CSV endlech an der Oppositioun ukomm ass- Uff! No bal 7 Joer! Dobäi huet d’Wirtschaftskris nach net richteg ugefaangen. Et stellt sech zanter gëschter d’Fro: schéisst dës Regierung sech selwer of?

D’CSV, wéi iwerhaapt déi ganz Oppositioun, hat natierlech Recht, sech driwwer ze beschwéieren, datt vun 17 parlamentareschen Drénglechkeetsfroen der 16 vum Chamberpresident an de Pabeierkuerf geflattert sinn. Hie krut virun allem vum Gilles Roth den Dicks geriicht, net de President vun allen Deputéierten ze sinn, ma de Waasserdéier vun der Regierung. Et gëtt iwwer dat an der Chamber diskutéiert, wat an de Kroom passt, de ganze Rescht gëtt vertikal klasséiert!

Et huet ee gemierkt, datt beim Gilles Roth d’Gal zum Iwwerlafe koum, mat senger Ausso un d’Adress vum u sech gemitterlechen Parlamentspräsident:“Dir sidd mat där Aufgab total iwwerfuerdert!” Méi frontal Attack geet net! Ma d’Oppositioun ass an hirem Recht! Wat huet et e Sënn, Froen un d’Regierung ze stellen, wann déi souzesoen keng Chance hunn, vun der Majoritéit acceptéiert ze ginn? Déi Strategie ass näischt aneschters, wéi d’Oppositioun kuerz ze schléissen. Just den CSV-President Frank Engel huet gemengt, mussen ze iwwerdreiwen; hie wollt den Nol ganz déif aschloen an huet op facebook gemengt:“…eng méi inkompetent Figur wéi de Fernand Etgen huet nach ni d’Chamber presidéiert. Et ass méi wéi lamentabel…..E kann näischt….” Dat nennt een ‘sech am Toun vergräifen’.

deen zweeten Tëschefall ass jo tatsächlech ob esou eng parlamentaresch Fro zeréckzeféieren, eng question élargie vum Laurent Mosar iwwer d’Virkafsrecht, dat de Gemengen gesetzlech garantéiert ass, wann een Terrain zum Verkaf steet. Och do, Frust pur op der Säit vun der CSV: d’Inneministesch Taina Bofferding hätt op keng eenzeg vun de Froen geäntwert, ausser mat der Ausso, datt d’Virkafsrecht keng Prioritéit vun der Regierung wär.

Am verbalen Duell mam CSV-Vertrieder huet d’Madame Bofferding net déi beschte Figur ofginn. Opgefall ass den Observateuren, datt keen eenzege Vertrieder vun der Majoritéit hir zur Säit gesprongen ass an datt schliisslech de Gong vum Chamberpresident koum: d’Zäit war ofgelaf, d’Diskussioun eriwwer, d’Rettung virum technesche K.O. Et heescht, den Här Etgen géif elo e Bréif un d’Ministesch schreiwen, mam Message, datt esou Interventiounen vun engem Regierungsmember näischt bréngen, déi nächste Kéier also Tacheles ze schwätzen, e bësselche méi an der Posch ze hunn ewéi waarem Loft.

Zousätzlecht Beispill: wéi geet et am Déconfinement weider mat de Leit an den Altersheimer? Déi Persounen däerfen ëmmer nach net aus hirem Gebai eraus, ausser fir e rendez-vous beim Dokter; duerno mussen déi Leit awer an eng Quarantaine vu 14 Deeg! D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëll näischt mat esou enger Circulaire ze dinn hunn a verweist op d’Madame Corinne Cahen, déi direkt de Ball zeréck schéisst. Och do däitlech Meenungsdivergenzen! D’Geschicht vun der waarmer Gromper.

“…e méi wéi schlecht Signal un d’Ekonomie!…”

D’Regierung presentéiert haut eng Rei wirtschaftlech Moossnamen. D’Chamber kritt d’Prioritéit: 5 Ministeren ginn d’Detailer bekannt: Pierre Gramegna als Finanzminister, d’Hären Kersch a Bausch als Vizepremier, respektiv Aarbechtsminister, Franz Fayot fir d’Ekonomie an Max Delles fir de Mëttelstand. No där Sëtzung ass Pressekonferenz…an net derbäi sinn d’Hären Fayot an Delles. Ausgerechent de Wirtschaftsminister ass also de groussen absent! Gouf deen an d’Verdammung geschéckt?

Ech kann et nach novollzéien, datt ee keng PK mat 5 Ministeren wëll maachen, an awer kommen ech zu der Konklusioun: dat do ass dat falscht Signal! Ech stelle mir eng ähnlech Situatioun an Däitschland vir: PK iwwer Regierungspolitik a Saachen Wirtschaft an zwar ouni de Peter Altmaier! Net ze denken! Déi ganz däitsch Press géing d’Regierung a Stécker räissen.

Nach huet d’Kris net zougeschloen, nach huet de Stuerm net richteg ugefaangen. Dee kënnt awer! Net méi spéit wéi haut koum d’Noriicht, datt d’Aarbechtslosegkeet Enn Abrëll bei net grad 7 Prozent loung: bannent engem Mount hunn 4800 Persounen hir Schaff verluer! Eng Explosioun vun 31 Prozent! An elo schonn ass deen een oder aneren aus der Equipe GAMBIA politesch ugeschloen a méi wéi een Deputéierten aus der Majoritéit seet sech doriwwer an de Kulissen entsat. Et weist sech an den nächste Méint, ob an esou dramatesche Momenter fir d’Land eng politesch Majoritéit vun enger eenzeger Stëmm duergeet oder awer net!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *