Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Brandmauer … gegen RECHTS ! 
„Mit mir wird es eine Brandmauer zur AfD geben.“ Friedrich Merz Brandmauer. Der hochaktuelle Begriff dürfte in seiner politischen Bedeutung...
Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...

Blog Post

Featured

E puer Lektiounen aus der Pandemie 

E puer Lektiounen aus der Pandemie
Image par jacqueline macou de Pixabay

5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville Länner duerften net méi ewéi zwou Persounen zur nämmlechter Zäit op där nämmlechter Plaz sinn, d’Coiffeur-Salone bloufen zou, d’Kanner duerften net méi an d’Crèche, d’Studenten net méi op d’Uni, an an den Alters- a Fleegeheemer wore Boma a Bopa gestuerwen an der absolutter Isolatioun; keen duerft bei hinne fir déi lescht Reverenz passéieren. War dat alles richteg esou? Et war eis éischt Erfarung mat enger Pandemie, an aus Erfarung sollt ee léieren a sech e Plang opstelle fir deen nächsten Eeschtfall. Quetschen och! Do deet sech Lëtzebuerg schwéier.

Aneschters an Däitschland, wou de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier en Appell un d’Politik gemaach huet, déi Vergaangenheet dach endlech opzeschaffen. Parteien ewéi déi Gréng, CDU an FDP verlaangen esou guer eng Enquête-Kommissioun, d’SPD proposéiert e Biergerrot. Iergendwann gëtt bei eisem Noper driwwer geschwat: wat war alles richteg, wat falsch, wat war schif gelaf, wat hätt ee kënne besser maachen, wat däerf sech ni méi widderhuelen?

Dobäi geet et net drëm, d’Impffetischisten géint d’Schwurbler auszespillen an ëmgedréit, just ëm ee Schotz Wouerecht. Esou zum Beispill schéngt et sech ëmmer méi ze confirméieren, datt dee geféierleche Virus keng natierlech Originn hat, also net op engem chineeseschen Drecksmaart ‘gebuer’ gouf, ma an engem chineesesche Laboratoire. Dat ass eng Kleng an d’Akaul vu Wëssenschaftler wéi de Christian Drosten, deen direkt um Ufank vun der Pandemie kloer gemaach hat:Wir stehen zusammen, um Verschwörungstheorien, die darauf hindeuten, dass Covid keinen natürlichen Ursprung hat, aufs Schärfste zu verurteilen. Viru Kuerzem gouf bekannt, datt den däitsche Bundesnachrichtendienst scho viru 5 Joer mat enger Warscheinlechkeet vun 80 bis 95 Prozent dovunner ausgoung, datt de Virus aus engem Labo entwutscht war. Also och Wëssenschaftler kënne sech ieren!

Image par Manuel Alvarez de Pixabay

Niewewierkunge vum Vaccin?

Et gi keng, huet ëmmer nees den Epidemiolog a spéideren däitsche  Gesondheetsminister Karl Lauterbach ënnerstrach. Joren duerno ass gewousst, datt ronn.1000 Patienten  an der BRD de Post-Vac-Syndrom hunn. Dat sinn der extreem wéineg, ma et gi vill aner Leit mat méi klenge Niewewierkungen, wéi héije Bluttdrock, Duerchfall, Häerzmuskelstéierungen. Konklusioun: och eng butzeg Sprëtz bedeit e kierperlechen Agrëff, an et ass dem Bierger säi verdammtent Recht, sech doriwwer Gedanken ze maachen, an eventuell d’Impfung ze refuséieren. Wat awer war d’Reaktioun vun der Politik? Den ongehuwwelte Ministerpresident aus Bayern, Markus Söder, huet vu enger Pandemie vun den Net-Vaccinéierte geschwat.

Esou Spréch waren natierlech och zu Lëtzebuerg gehéiert ginn an et gouf sech mam Gedanken ofginn, eng Impfflicht anzeféieren. Iwwerraschend ass, datt d’Aussoen vum Christian Drosten haut manner interessant si fir d’Medien ewéi viru Joer. Dee Wëssenschaftler sot nämlech virun zwee Méint op der éisträichescher Televisioun ORF: de Lockdown fir Ongeimpftener hätt keng zolidd Basis gehat, well och déi vaccinéiert Leit de Virus konnten un anerer weiderginnEen Ageständnis, dat viru Joer ageschloen hätt ewéi eng Bomm! Haut gëtt et ignoréiert.

Déi digital Zeitung The pioneer kënnt zu der Schlussfolgerung: wann ee logesch bleift, war et keng Pandemie vun de Geimpften grad esou wéineg ewéi vun den Net-Geimpften. Och aner Wëssenschaftler ewéi den Hendrik Streeck a verschidde vu sengen Aarbechtskolleegen aus dem Robert Koch-Institut hunn esou ee Vokabular, deen zur Hetzjuegd an der Gesellschaft gefouert huet, net fir richteg fonnt, ma d’Medie wollten et net héieren a scho guer. net d’Politiker. Zur Wouerecht hunn déi zwee Pilier vun der Gesellschaft net onbedéngt bäigedroen.

Déi Béis waren déi Net-Vaccinéiert

Si hu sech permanent mussen teste loossen, et war d’Impfflicht duerch d’hënnescht Dier, obwuel d’Krankheet sech grad esou gutt vun enger vaccinéierter Persoun iwwerdroe léisst. Déi europäesch Medikamentenautoritéit (EMA) hat schonn 2023 präziséiert: D’Impfung gouf net zougelooss, fir d’Iwwerdroung vun enger Persoun op déi aner ze verhënneren, ma einfach fir déi geimpfte Persoun ze schützen. A wat huet e Politiker à la Lauterbach gesot? Ich würde mir wünschen, dass wir für die Ungeimpften das soziale öffentliche Leben so weit einschränken, wie es geht, weil sie sich selbst und auch andere gefährden. Das können wir nicht so laufen lassen!

Staarken Tubak! Villes, wat am Ausland diskutéiert an decidéiert gi war, gouf zu Lëtzebuerg 1 zu 1 iwwerdroen. An der

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Impfflicht awer wor d’Ministesch Paulette Lenert extreem retizent. Den 9. Februar 2022 seet si an engem Interview mat reporter lu: (…)Es bedeutet vielmehr, dass ich erst an dem Punkt, an dem keine anderen Maßnahmen mehr greifen, für eine solche Regelung bin. Das ist übrigens auch die Position der ganzen Regierung. All Respekt! An nawell gouf et eng Hexejuegd op déi Ongepickten, déi sech Dag fir Dag hu mussen an d’Rei stellenfir deen nächsten Test iwwert sech ergoen ze loossen,, mol ofgesi vun deene finanzielle Contrainten!

Haut wësse mir, wat vun de PCR-Tester ze halen ass an datt de large scale testing eng Laachnummer war https://bit.ly/4iXpTgb.. Haut wësse mir, datt et topeg war, klenge Kanner eng Mask opzezwéngen a si an engem äiskale Klassenzëmmer sëtzen ze loossen. Schoulmeeschter an Eltere wollten zwar an der Ëffentlechkeet dorobber hiweisen, hir Lieserbréiwer goufen allerdéngs meeschtens an de Medieredaktiounen ignoréiert.

Haut wësse mir, datt et ouni Respekt wor, Patienten an de Klinicken an eeler Leit an den Heemer dacks Méinte laang an der kompletter Isolatioun sëtze gelooss ze hunn. De fréiere Ministerpresident aus dem Nordrheinwestfalen Armin Laschet huet am Landtag säi mea culpa gemaach: Die Entscheidungen die dazu geführt haben, dass Menschen einsam sterben mussten, waren ein gravierender Fehler! Et géif gutt doen, esou Sätz och am Grand-Duché ze héieren.

Politiker ware viru Joer selwer dacks Schwurbler, si stoungen extreem ënner Drock, hir Optrëtter op Pressekonferenzen waren deementspriechend schappeg a konterproduktiv. Et wier besser gewiescht, an decisive Momenter d’Wëssenschaftler méi zu Wuert kommen ze loossen. Déi wéinegst Gesondheetsministeren ronderëm d’Welt haten an hirer Schoulzäit Biologie als Haaptfach, haten also net onbedéngt ee vill méi grousst Wëssen iwwer Liewen a Vermeeren vun engem Virus ewéi de Bierger Lambda. An där nächster Pandemie wënschen ech mir Politiker, déi manner op d’déck Tromm schloen, manner alarmistesch sinn, dofir awer méi berouegend.

Well, déi nächst Pandemie kënnt, egal ob aus engem Laboratoire oder vun engem sténkege Fëschmaart. Et wier gutt, wann d’Mënschheet doropper preparéiert wier, an dofir misst eng éierlech Debatt an der Politik an an der Gesellschaft gefouert ginn .Geschitt dat net, bleift bei ville Leit e Gefill vu Mësstrauen, an d’Medezinn esou gutt ewéi an d’Politik. D’Petitioun iwwer déi déi lescht Woch an der Chamber diskutéiert gouf, huet dat op en Neits ënnerstrach.

A wann dann d’Politiker op esou Verschwörungstheorien entsat reagéieren, da mussen si sech bei der eegener Nues huelen!

 

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Guido

    derweil sterben die Menschen weiter “plötzlich und unerwartet” !!!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *