Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Schummeswäert! Um internationale Bazar gouf Israel ausgelueden! Soll de ganze Comité demissionéieren? 

Schummeswäert! Um internationale Bazar gouf Israel ausgelueden! Soll de ganze Comité demissionéieren?
Bazar international

War et wierklech déi richteg Decisioun? Um leschten internationale Basar gouf den israeelesche Stand kuerzfristeg ausgelueden! Den Organisatiounscomité huet de Responsabelen e Bréif zoukomme gelooss an deem et heescht:” Mir sinn an der Obligatioun, déi ganz schwéier an traureg Decisioun ze huelen, fir Iech ze froen, net un dëser Editioun vum internationale Bazar deelzehuelen. Fir Äert Bescht, a fir ze evitéieren, datt all eis Benevollen a Visiteuren enger Situatioun ausgesat sinn, déi zu Risiken a Stress fir eis all féiert”. Staarken Tubak!

D’Israeeli duerften also dëst Joer aus Sécherheetsgrënn net matmaachen. Si goufen net direkt ausgelueden, ma kruten un d’Häerz geluecht, fräiwëlleg op eng Participatioun ze verzichten! Eng riicht an d’Gladder vun der israeelescher, vun der jiddescher Communautéit! Déi vill Leit déi an de leschte Méint un der Organisatioun vun deem Stand matgeschafft haten, wäerten decouragéiert d’Hänn an de Schouss geluecht hunn. Virun allem awer war et eng prematuréiert Kapitulatioun!

Bazar international

Datt ee wéinst dem Krich am Noen Osten méi virsiichteg gëtt, kann ech novollzéien. Ma da setzt een de Sécherheetsdispositif an d’Luucht. Dovunner ofgesinn, datt den Terrorismus dacks grad do zouschléit wou een et sech net erwaart huet. Attentater sinn zu egal wat fir enger Stonn egal wou méiglech! Maache mir elo d’Chrëschtmäert zou?! Bleiwe mir all doheem, wou et am séchersten ass? Home Office?

Mat dëser Decisioun vum Direktiounscomité gesäit et esou aus, wéi wann de Judd zu Lëtzebuerg misst fäerten. Esou vill Angscht mécht mir Angscht! Wat maache “mir” (Net-Judden) dann mat der israeelescher Communautéit, wann et wierklech eng Kéier haart op haart kënnt? Wat ech mir op kee Fall wënschen, wat allerdéngs – wann ech mir d’Situatioun an eisen Nopeschlänner ukucken- duerchaus am Beräich vum MÉIGLECHE läit! Mir wäerte jo dann hoffentlech net direkt mam Fanger op “SI” weisen!

Eppes ënner der Decken halen ass an dësen Zäite vun de soziale Medien net esou einfach. Op Facebook gëtt richteg lassgeluecht. Ech schumme mech fir onst Land, schreift d’Isabelle Faber; d’Marial Loutsch freet sech wou bleift do d’Solidaritéit vun deenen aneren Natiounen?  Een Urgestein vun de Liberale wéi d’Madamm Colette Flesch huet en oppene Bréif un d’Organisateure vum Basar geschriwwen: vos explications (…) ont été confuses, insuffisantes, voire inexistantes.(…) En quelque trente ans de vie publique, j’ai appris que si une menace de sécurité publique plane sur un événement – encore qu’il n’y ait apparemment pas eu de menace dans le cas d’espèce- il ne convient pas d’y répondre par la peur ou la fuite, mais par la prudence, la réflexion et tout autant par le courage et la détermination.

Bazar international

An et kënnt nach ee Kritiker dobäi: de Ferdinand Kayser. Hie goung op de Basar, wosst vun Näischt, huet de Stand Israel gesicht an ass elo just schockéiert. Hie freet an engem Bréif d’Demissioun vum ganzen Direktiounscomité:

 

 

 

Mesdames, Messieurs du Comité de Direction,

Nous avons visité en famille le Bazar International vendredi soir.

Après un premier tour et après être passé par le stand Ukrainien, nous avons cherché le stand israélien, ne serait-ce que pour donner un signe de solidarité…..en vain.

Pourtant, nous nous sommes rappelés que ce stand était bien présent dans le passé. Sans explication, nous sommes rentrés et nous avons découvert les raisons de labsence du stand israélien dans la presse luxembourgeoise durant les jours qui ont suivi et nous sommes tout simplement choqués, consternés: quel manque de courage civique, quel manque de courage intellectuel, quelle ignorance de lhistoire! Quelles que soient les raisons que vous ayez pu invoquer pour exclure le stand israélien seulement quelques jours avant le début du Bazar, vous ne pouvez pas échapper au reproche de lantisémitisme, ne serait-ce que par votre manque de solidarité!

Si vous aviez la moindre notion de lhistoire des années 30 en Allemagne, vous sauriez que cest ainsi que lanti-sémitisme à commencé en Allemagne, en excluant petit à petit les juifs de diverses activités et nous savons tous où cela a mené. A ceux dentre vous qui auraient besoin dun cours de rattrapage en histoire, je ne peux que recommander un week-end à Berlin avec une visite au Jüdisches Museum” https://www.jmberlin.de.   Cela permet de rafraichir les idées.

Jespère que vous aurez au moins la décence de démissionner en bloc du Comité de Direction car avec cet incident vous avez démontré que vous n’êtes pas du tout qualifiés pour gérer une organisation pareille. Cela permettrait au moins de limiter les dégâts et la honte qui plane sur votre organisation.

Veuillez agréer, Mesdames, Messieurs, lexpression de mes sentiments distingués .

Ferdinand Kayser

1/12/2023

 

Related posts

5 Comments

  1. Jean

    Vill gedaisch fir neischt aus engem bestemmten eck.
    Wann ee sech erennert wei den apartheid staat Suedafrika international sanktioneiert gouf virun der freiloosung vum Mandela an dem enn vun der apartheid…dann haett den apartheids staat Israel a seng rechtsextrem regierung dei krichsverbriechen zu gaza begeet, souwei seng supporteren hei am land, all grond de ball flach ze halen, wann dei eenzeg konsequenz eng net participatioun bei engem bazar ass.
    Hei get alt erem allegrement de staat israel an eng jiddesch communauteit am ausland vermescht.
    Mat der albekannter leier ,dass eng negativ haltung zum staat israel a senger regierung gleich antisemitismus a la nsdap ass.

  2. Christiane

    Merci, Här Kaiser, fir Ären internet-site, deen ech ëmmer mat groussem Interessi liesen. Dësen Artikel hannerléist awer e klengen Nogeschmaach bei mir an ech wär Iech wierklech dankbar wann Dir d’Méiglechkeet géift fannen, fir dat ze recherchéiren.
    Op engem lëtzebuergeschen Radiosender hunn se nämlech gesot dass d’Responsabel vum israeleschen Stand am Virfeld no zousätzlechen Sécherheetsmoosnahmen gefrot haten, och dowéinst bei der Police intervenéiert waren. Wëll d’Police bei esou Manifestatiounen just baussen fir d’Sécherheet zoustänneg ass, loung de Ball beim Organistiounskommitee. Wann d’Noriicht richteg ass, dann huet dësen Kommitee bestätegt dass alles zur Secherheet vu jidderengem gemat géif ginn an dass een keng weider Mesuren misst huelen. Ech selwer war als Visiteur um Internationalen Bazar a kann bestätegen dass all Posch duerchgekuckt ginn ass an dass de Visiteur suguer de Mantel huet missen opman, fir ze weisen, dass do näischt Geféierleches verstoppt ass.
    Wëll dat awer an den Aaen vun den israeleschen Responsabelen net duer gangen ass a si drop bestanen hunn dass weider Mesuren getraff ginn, huet de Kommitee vum Bazar zu dëser Moossnam gegraff a si gebieden, net um Bazar deelzehuelen.
    Wat hätt dann nach sollen gemat ginn ? Eng Sécherheetszone ronderëm den israeleschen Stand oder iwwerall Sécherheetspersonal en masse oder …. ?
    Dëss ganz Geschicht ass méi wéi onglécklech verlaaf mä et kënnt e bëssen aneschters eriwwer wann dat dann géif stëmmen, wat se um Radio gesot hunn.
    Mat beschten Gréiss
    Christiane

    1. Guy Kaiser

      Merci un Iech Madamm Christiane. Dat géing effektiv villes änneren. Esou hunn ech dat allerdéngs nierewou gelies oder héieren
      Et gouf jo och den Interview bei RTL vum 30. November mam Bernhard Gottlieb, Präsident vum RIAL, aus deem ervirgeet, dass d’Israeelesch Communaute’t net fräiwelleg op hier Präsenz verzicht huet…..Zitat:Den israeelesche Stand, den zanter Joren op dem Bazar International derbäi ass, gouf fir leschte Weekend kuerzfristeg ausgelueden. De Bernard Gottlieb kéint verstoen, dass et Bedenke gouf punkto Sécherheet, mä dat wier jo schonn u sech e Problem. Dat wier genee dat, wat d‘Terroriste wéilten, nämlech d‘Leit veronsécheren. Hie wier virun allem net frou gewiescht mat dem Bréif, dee geschriwwen gouf. Hie wier och do allergesch, wann ee géing soen, “mir huelen dës Mesure zu Ärem Wuel”. Hie géing fannen, dass ee selwer kéint decidéieren, wat ee wéilt maachen a wat net. D‘Police hätt jo och keng weider Sécherheetsbedenke gehat.
      An hei d’Äntwert vun der Police déi ech krut: Wéi geschriwwen ass d’Police do fir an den Alentoursen z’intervenéieren, wann et baussent engem Event zu Problemer kéim. Am Prinzip gi mir net eran, à moins et kéim zu Tëschefäll. Dëst ass déi üblech Opdeelung, wéi z.B. och bei Concerten oder Futtballsmatcher. Den Organisateur ass hei zoustänneg a muss sech entspriechend opstellen, le cas échéant mat private Sécherheetsfirmen, z.B. fir den Accès ze kontrolléieren.

      Dëst gesot, huet d’Police wéi bei all gréisserem Evenement am Virfeld vum Bazar International eng Risikoévaluatioun duerchgefouert, en fonction vun där si hier Dispositiounen getraff huet fir d’Evenement inklusiv engem israeleschen Stand ze garantéieren. D’Police war am Virfeld am Austausch mat den Organisateuren an huet mat hinnen zesummen e Sécherheetskonzept en Place gesat fir dat ze erméiglechen.

  3. Gilles Tangeten

    “Die Antisemitismuskeule”
    Ein vielsagender offener Brief dreier jüdischer Gruppen gegen den Missbrauch von Geschichte als Waffe gegen Andersdenkende und Meinungspluralismus.
    Ze liesen op Netzwerkkrista.de

  4. Anne Donckel

    Sie dollen all denissionneieren

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *