Kaméidi an der Kulturzeen. Et geet ëm de Festival Fräiraim, wou déi zweet Editioun an der Philharmonie geplangt ass. Ee gewëssene Chris Reitz hat sech op Facebook zu Wuert gemellt, sengem Ierger fräie Laf gelooss. D’Philharmonie organiséiert, invitéiert, ma gëtt keng finanziell Entschiedegung fir d’Artisten. Villäicht war et och an dësem Fall nees den Toun deen d’Musek mécht.
An der Invitatioun heescht et nämlech: Bitte beachte, dass diese zweite Ausgabe des Festivals, wie schon die Pilotausgabe, nicht kommerziell ausgerichtet ist. Das bedeutet, dass du kein Honorar von der Philharmonie erhalten wirst. Aber keine Sorge: wir lassen dich nicht im Stich, ganz im Gegenteil. Ein ganzes Artsenal wird dir kostenlos zur Verfügung gestellt, von der Bühnentechnik über das technische Personal bis hin zu den Kommunikationsressourcen. Nicht schlecht, oder?
Dat héiert sech zimmlech arrogant un, an esou huet de Chris Reitz (Elektroviolonist)op Facebook dorobber reagéiert, wërft der Philharmonie eng Arroganz sonnergläiche vir…
Also Kloertext: wann esouguer Bistroen kënnen e puer Schäiner um Dësch leie loossen, da misst eng Philharmonie mat engem Budget vu 25 Milliounen Euro dat och fäerdeg bréngen! An de Chris Reitz erënnert un d’Charte de déontolologie vun deem grousse Musekhaus mam Optrag fir d’Aarbecht vum Kënschtler mat Respekt ze begleeden an also och e puer Mécke sprangen ze loossen.
De Stephan Gehmacher, Generaldirekter vun der Philharmonie huet e leschte Freideg am Luxemburger Wort https://bit.ly/3GrVXHt dorobber reagéiert. Et géif nun emol en Ënnerscheed bestoen tëscht professionelle Kënschtler a passionéierten Hobbymuseker. Si géifen net bezuelt ginn, ma kréichen awer d’Méiglechkeet gebueden, hir Faszinatioun fir d’Konscht an der grousser Philharmonie ënner Beweis ze stellen. Donieft wier et net richteg ze behaapten, datt de Festival näischt géif kaschten. Virun 2 Joer hätt d’Philharmonie dofir ronn 200.000 Euro ausginn gehat!
D’Reaktioun war geduecht, d’Gemidder ze berouegen, ma schéngt de Contraire ze bewierken. Et soll een sech also just glécklech schätze fir an der Philharmonie däerfen opzetrieden. Dem Jacques Ruppert (ë.a. fréiere Bassist bei den Horseblinders) bleift d’Reaktioun op d’Reaktioun ewéi e Krabb am Hals stiechen an huet och zur Fieder gegraff:
“…Fräiraim Festival, ein Festival für die Dummen?…”
Jetzt ist sie also da die Stellungnahme von Philharmonie Generaldirektor Stephan Gehmacher, warum Luxemburger Musiker auf dem Festival Fräiraim gratis musizieren sollen.
Und diese Stellungnahme hat es in sich, die Luxemburger Musiker sind laut Herrn Gehmacher, bis auf einige Ausnahmen (die dann in der Philharmonie auf eigenes Risiko, also auch ohne feste Gage in der Fraïraum Konzertreihe spielen dürfen), keine Kunstschaffenden sondern, ich zitiere, “passionierte Hobbymusiker*innen, die Ihre Leidenschaft als Laien unter dem Dach des Konzerthausen präsentieren” dürfen.
Und damit auch jeder Luxemburger Kunstschaffende versteht was hier gemeint ist, wird das Gegenteil direkt auch erklärt: Bezahlt wird von der Philharmonie der Kunstschaffende der professionell ist, der Potenzial hat und bei dem eine Karrierentwicklung voraussehbar ist.
Diese Erklärung wird komplettiert mit dem Hinweis, dass die Philharmonie für das Festival Bühne, Ton und Lichtanlage, Techniker und sogar professionelle Fotografen zur Verfügung stellt. Als ob das die Veranstalter beim Blues and Jazz Rally, beim Blues Express und bei den vielen Veranstaltungen der “Fête de la Musique” nicht täten, aber mit dem Unterschied, dass hier die Musiker bezahlt werden.
Getarnt wird dann dieses unsägliche und widerwärtige “Play for Exposure” Event die keines seriösen Veranstalters würdig ist als “Förderung der Breitenkultur”. Soll das heissen “schlechte” Musik gratis für das gemeine Volk im Gegensatz zur akademischen Kulturkunst für Auserlesene ?
Jeder Musiker der sich entscheidet bei diesem Festival mitzumachen muss sich bewusst sein, dass er sich selbst zum leidenschaftlichen unprofessionellen Laien ohne Potential und Karrieremöglichkeiten abstempelt der gerne ohne Gage auftritt, wenn er nur spielen darf.
Ich rate jedem Musiker ab hier aufzutreten, es gibt genug anständige große und kleine Veranstalter hier im Lande die den Luxemburger Musiker mit Respekt behandeln.
Jacques Ruppert
Op der Internetsäit vun der Philharmonie gëtt déi fréier Kulturministesch Sam Tanson beméit, déi virun 2 Joer dat heite sot:
«Fir vill Bands an Ensembelen ass den Optrëtt an der Philharmonie en Héichpunkt virum Summer, op den si vill Méint drop hischaffen. Dës Aarbecht muss belount ginn, an ech freeë mech, datt di verschidde Musekerinnen a Museker hiert Talent op de grousse Büne weise kënnen. Si sinn Deel vun eiser Musekslandschaft»…also Fräizäitmuseker beloune jo! awer net mat Fric, ma duerch en Optrëtt op enger grousser Bün viru vill Leit.
Dat sot si 24 Méint éier deen Zodi hei lassgoung. An der Tëschenzäit huet den Eric Thill de Kulturressort iwwerholl, an hie gouf vun de Piraten mat enger parlamentarescher Fro begléckt. Als Observateur freeën ech mech, datt hien elo säin Talent als frësch gebakene Minister kann ënner Beweis stellen. Direkt um Ufank vu sengem Mandat an enger prinzipieller Fro tranchéieren: soll de Fräizäit-Museker eng kleng Entschiedegung fir säin Hobby kréien oder net? Et hätt net besser fir hien kënne sinn! Grousse Kino!
Absolut richteg H. Ruppert
Och wann een net vill vu Kultur versteet, sou sollt dat hei tatsächlech eng éischt Aufgab fir eise neie Minister ginn, deen aus där klenger Schierener Szeen an déi “grouss” national Kulturwelt katapultéiert ginn ass – an hei direkt mam “vif du sujet” konfrontéiert gëtt – dierft dach intressant sinn, oder? A firwat sollt hien grad als een, deen net iergendwéi virbelaascht ass, seng Missioun als Test fir weider Aufgaben net och reusséieren? Wait and see…
Et schingt mer allerdings och kee grond ze ginn e freizeit musiker, deen aus spass un der sach an der philharmonie optrett,vun staatlecher seit ze entlounen.
De plus ou moins talenteierte musiker deen an der grousgass oder op der pless spillt get jo och net offiziell bezuelt…et sief dann e puer gentil passanten werfen him e besse menz a seng kescht.
Sinn Amateur-Kënschtler an Ensemblen agelued ginn, oder mussen sie sech mellen fir däerfen dobäi ze sinn?
Ech hunn an e puer Banden gespillt, an ech ka soen, dass et extrem schwiereg ass en Engagement ze kréien fir eng Band déi nach keen Numm hued – also total onbekannt ass – a wou kee vun de Band-Mitglieder bekannt ass oder Relatiounen hued. An deem Sënn ass et eng gudd Saach, dass esou Banden eng Chance kréien viru Publikum kënnen opzetrieden, virausgesetzt d’Philharmonie akkzeptéiert hier Präsenz wann sie sech fir dé Festival mellen.
Trotzdem wär et flotte Jesst, wann d’Band dann och nach eng Gage kréie géif, op mannst fir hir Fräën ze decken (z.b. fir de Bensin ze bezuelen fir de Wé op an zréck vum Festival). Awer wär domadder jidfereen zefridden, déi selwecht Gage ze kréien, oder soll déi dann no Bekanntheetsgrad gestaffelt ginn? Wéi een et och mecht, mecht een et wahrscheinlech falsch!?
Dass sech Kënschtler wéi de Chris Reitz doriwwer opreegen, fir net mol fir en Apel an e Stéck Brout optrieden ze mussen, kann ech gudd verstoen. Awer sie si jo keng Onbekannter méi an der Musékszeen, hunn hir Referenzen, an hunn secher net néideg gratis spillen ze goen. Awer grad sou Nimm wéi Reitz, Ruppert a Ko. kéinten e Publikum unzéien, dat dann zugläich och déi total onbekannten (Amateur)-Künstler entdecke kéint. Mé bon, dommadder steet d’Fro vun der Gage nach ëmmer am Raum.
Meng Erfahrung: de Muséker gët irjendwéi ëmmer ausgenotzt. Fir d’Tountechnik (professionel oder net), d’Bühn, a wat nach sou zu engem Festival oder Konzär gehéiert, do gët net driwwer diskutéiert, déi gi bezuelt. Mam Muséker gët spéidstends da gefeilscht, wann déi aaner Posten de Budget opgebraucht hunn. Dobäi gët net berücksichteg, dass de Muséker an der Regel jorelaang geübt hued, fir iwwerhaat op dem Niwo ze sinn fir virun engem Publikum kënne opzetrieden, plus nach de Käschtepunkt vu sengen Instrumenter. Ma dat interesséiert wuel keen Organisator, deem et am Prinzip just em de Goss geet.