Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

Laang Oppositiounszäit fir déi Gréng! 

Laang Oppositiounszäit fir déi Gréng!
paperjam news

Viru 40 Joer gouf mat “Sang&Klang” am Pafendall déi gréng Partei an d’Daf geholl. De Grand-Duché hat endlech seng Alternativ, fir d’éischt als APO, duerno lues a lues mat Deputéierten um Krautmaart. De ‘Muck’ huet dem US-Imperialismus d’Lewitte gelies, de ‘Jupp’ huet an der kuerzer Box am Parlament de “Bim-Bam-Biren, wéi ass et mat den Hieren” gesongen. Skandal! Skandal! 40 Joer duerno a virun allem 2 Méint no de Chamberwahlen stellt sech fir d’Ekologisten d’Fro vum back to the roots.

Déi Gréng waren am Ufank – d’Gestreits tëscht GAP a GLEI loossen ech mol op der Säit- tatsächlech eng Alternativ. Et war d’Spackelter-Partei, déi sech d’Gesondheet vu Mënsch an Ëmwelt op de Parteifuendel geschriwwen hat. Si waren de politeschen Aarm vu mouvement écologique & Co. Et gouf vill iwwert si de Kapp gerëselt, ma et gouf och vill ze laachen. An dach goufen déi Gréng mat der Zäit ëmmer méi eescht geholl.

déi Gréng

Esou eescht, datt si virun 18 Joer eng éischte Kéier an de Schäfferot vun der Haaptstad koumen a virun 10 Joer an d’Regierung. Gambia wier net zustane komm ouni si! Vertrieder ewéi de François Bausch hu scho vun enger “grénger Vollekspartei” geschwat, de Felix Braz huet gemengt, déi Gréng wieren déi besser Blo! Virun zwee Méint goufen si du vum Wieler bei d’Lisette gelooss, radikal ofgestrooft: si waren d’Ursaach fir den Doud vun der Dräierkoalitioun.

Esou séier ass ee keng Vollekspartei. Do muss ee schonn eng laang Vergaangenheet hu mat staarke Verwuerzlungen an der Populatioun an zwar queesch duerch d’Gesellschaft, bei den Handwierker esou gutt ewéi bei de Bänker, bei den Aarmen ewéi bei de Räichen. Dat war hinnen allerdéngs nëmmen zum Deel gelongen.

quotidien

D’Partei hat sech schëtzeg zu enger Schicki-Micki-Beweegung entwéckelt. Symbolträchteg war de Wiessel bei den ‘Häre vun der éischter Stonn’ vun der Jeans eriwwer op Armani. Deementspriechend war d’Entwécklung vun de Memberen, respektiv vun de Sympathisanten. Grad déi besser Quartieren an der Haaptstad – wou virdrun d’kathoulesch Kierch an hier Partei fir Recht an Uerdnung gesuergt haten-, goufen ëmmer méi vum grénge Virus befall.

Dacks eng kuriéis Clientèle. Vu Méindes bis Freides mat engem Elektro-Auto op d’Aarbecht an dann de Weekend d’Porsche mat Verbrennungsmotor aus der Garage geholl. De Wieler ass souwisou volatil, déi doten ëmsou méi.

paperjam

Dees waren sech déi Gréng net bewosst an hu sech weider op der Sonnesäit vun der Politik gesinn, dat heescht an der Regierung. Zanter zwee Méint sinn si mol keng Fraktioun méi um Krautmaart. D’Strof och fir eng munchmol degoûtant Iwwerhieflechkeet vis-à-vis vum Bierger: d’Partei weess ëmmer alles besser, dofir däerf d’Partei de Leit soe wéi si ze liewen an ze denken hunn!

“…Sinn déi Gréng do ukomm, wou si higehéieren?…”

War den 8. Oktober just en Ausrutscher? Ech mengen éischter net! Déi Gréng waren déi lescht 10 Joer op hirem Zenit ukomm. Fir de politesche Massaker eleng de “green bashing” verantwortlech ze maachen, geet wuel kaum duer; och aner Parteie mussen dat iwwer sech ergoe loossen…an esouguer ‘bashing’ kann seng berechtegt Ursaachen hunn.

Bei deene Grénge goung am Laf vun der Zäit dat AUTHENTESCHT ëmmer méi verluer, dat woufir si sech viru 40 Joer zesummegeraf haten: ekologesch Wäerter, vum ëmweltfrëndlechen Toilettëpabeier bis zum Fliger mat Solarenergie. De Geescht vun enger onkamouder Protestpartei fir d’Natur goung d’Päif aus, et huet een an der Regierungszäit ze vill Kompromësser mussen agoen, et gouf een zu enger Wischi-Waschi-Partei.

Déi nämmlecht Experienz maache jo grad déi Gréng an der Bundesrepublik. Hir ideologesch Iddie ginn an der Ampelkoalitioun mat der Realpolitik konfrontéiert, an et weist sech, datt si net duerchzesetzen sinn.

Déi Gréng sinn dacks eng Dramfabréck. Déi traditionell Parteien hu längstens hire fonds de commerce iwwerholl. Do bleift net méi vill Sputt fir eng exklusiv ekologesch Partei. Et sief dann, déi Verantwortlech géingen op d’Vollekspartei verzichten a wären nees deenen anere Parteien hiert schlecht Gewëssen.

D’Wahlcampagne huet gewisen, datt de Sujet Klimawiessel beim Wieler bei wäitem net esou uewe läit wéi et vun de Medien duergestallt gëtt; et gouf esou gutt ewéi guer net ugeschwat. Dobäi brauch d’Natur awer eng Zort Pressespriecher fir ëmmer nees op Sënnen a Mëssstänn opmierksam ze maachen.

An der Regierung hunn déi Gréng dat net fäerdeg bruecht. Si sinn antimilitaristesch ( Petting am Plaz vu Pershing) a schécke massiv Waffen an d’Ukrain. Si sinn anti-Atom an Däitschland muss säi Stroum deier am Ausland akafen. Si setze voll op d’Wandrieder a wieren sech géint de Waasserstoff als zousätzlech nei Energie.

De Gabor Steingart bréngt et am PIONEER knackeg op de Punkt: déi Gréng gehéieren zwar an déi politesch Landschaft, awer zu dësem Zäitpunkt net an d’Regierung.

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ech denken 2 personnagen am noen ausland symboliseieren perfekt de wee vun der grenger beweegung.
    De josef Fischer an den daniel Cohn Bendit.
    Vum maoistesche revoluzzer an stengewerfer zum ugepasste frend vum US imperialismus a top supporter vun dem ukrainesche regime.
    Eis Greng imiteieren vun ufank un de wee vun hire frenn jenseits der grenz.
    De problem ass, dass des nei ideologesch positiounen eigentlech nach besser duerch CSV oder DP vertruede gin an dass et kee senn mecht fir greng ze wielen ,wann een doru gleewt.
    An den tesla fennt ounihin jidderee gudd den sech ee leeschte kann.
    Bleiwt also nach den tram als grengen acquis…mais entretemps si jo och de luc an de xavier pro tram ginn

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *