Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Featured

One flew over the cuckoo’s nest: eng Trilogie iwwer d’Sedéieren a Klinicken an Heemer (1) 

One flew over the cuckoo’s nest: eng Trilogie iwwer d’Sedéieren a Klinicken an Heemer (1)
Image par Bruno de Pixabay

Sedatioun oder Sedéierung, en delikate Sujet iwwer deen net gäre geschwat gëtt. Fréier goufe Patienten festgestréckt, haut gi se roueg gestallt, immobiliséiert, wat op dat nämmlecht erauskënnt, just datt et net méi esou opfält. Zum Beispill eng Sedatioun duerch Neuroleptika. Dat kann duerchaus am Sënn sinn vum kranke Mënsch, awer grad esou gutt am Sënn vum Fleegepersonal. Besonnesch kriddeleg gëtt et, wann eeler oder dement Persounen op déi Manéier roueg gestallt ginn, an dobäi weder si nach sos e Member aus der Familljen ëm hier Meenung gefrot ginn.

Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-stylo-regarder-porter-6010795/

An Däitschland ass d’Gesetzgebung zimmlech restriktiv: enger Persoun iwwer länger Zäit e Medikament ginn ouni therapeutesche Sënn, gëllt als Kierperverletzung. Et kann een also duerchaus dowéinst viru Geriicht ugeklot ginn. Ee Fall vu villen bei eisem Noper: viru 17 Joer stoung eng Infirmière virun de Riichter; si hat deemools op der Intensiv-Statioun geschafft, also do wou d’Leit no enger Operatioun wakereg ginn, a si gouf verschiddene Patienten Dormikum; villäicht gutt gemengt, fir datt déi Leit net esou vill sollte vun hirer Péng matkréien, ma weder mam Dokter nach mam Patient ofgeschwat. De Verdikt:

Die Angeklagte wird wegen gefährlicher Körperverletzung in zwei Fällen sowie wegen versuchter gefährlicher Körperverletzung in fünf Fällen, davon in vier Fällen in Tateinheit mit versuchtem unerlaubten Verabreichen von Betäubungsmitteln zu einer Gesamtfreiheitsstrafe von zwei Jahren verurteilt. Duerchaus hefteg, ma zu Lëtzebuerg ass dat weider keen Thema. Bei eis ginn där Pëllen drop an derwidder geschléckt. Ass jo u sech kee Problem: jiddereen decidéiert fir sech selwer, wat gutt fir seng Gesondheet ass oder net. Ma wéi ass et, wann een déi Pëlle kritt ouni ëm seng Meenung gefrot ginn ze sinn? Wéi ass et, wann een al an dement ass? Ginn an Alters- an a Fleegeheemer esou Medikamenter agesat, fir d’Leit roueg ze stellen?

Décke Business mam Schlof

D’Bierger zu Lëtzebuerg schéngen d’Onrou vum Alldag mat an d’Bett ze huelen. D’Medikamenter an deem Segment verkafen sech ewéi waarm Bréidercher. 44 Hypnotica an 231 Antipsychotika hunn eng autorisation de mise sur le marché. Hei ënnendrënner ass d’Opstellung aus dem Gesondheetsministère, déi allkéiers déi 5 am meeschte verschriwwe Medikamenter fir d’Joer 2023 weist:

Numm vum Medikament Unzuel un Ordonnancen
Hypnotika a Sedativa  
Stilnoct CPR.PELLIC. 10 mg  1*28 cpr.ss blist. 50 338
RELAXINE CPR.PELLIC. 500 mg  1*30 CPR.SS.BLIST. 17 429
ZOLPIDEM EG-10 CPR.PELLIC. 10 mg  1*30 CPR.SS BLIST. 13 457
LORMETAZEPAM EG CPR. 2 mg  1*30 cpr.ss blist. 13 046
Stilnoct CPR.PELLIC. 10 mg  1*7 cpr.ss blsit. 12 612
Antipsychotika  
DOMINAL FORTE CPR.PELLIC. 80 mg  1*50 cpr.ss blist. 8 017
SEROQUEL XR CPR.LIB.PROL. 50 mg  1*30 CPR.SS BLIST. 2 931
RISPERDAL-1 CPR.PELLIC. 1 mg  1*100 cpr.ss blist. 2 723
DOGMATIL GELUL. 50 mg  1*30 GELULES 2 367
ABILIFY CPR. 10 mg  28*1 CPR.SS BLIST. 2 209

D’Zuel vun Ordonnancen bei Assuréeën déi kee plan de prise en charge vun der Fleegeversécherung haten, loung an deem Joer bei 108.464 fir Hypnotica a Sedativa a bei 30.255 bei den Antipsychotica. D’Zuel vun Ordonnancen bei Assureeën, déi esou e Plan de prise en charge haten, loung bei 17.886 fir Hypnotica a Sedativa a bei 14.676 bei den Antipsychotika.

Et geet mir net drëm, déi Medikamenter unisono ze verdäiwelen, obwuel, eng Partie vun hinne stinn op

Photo de cottonbro studio: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-main-sante-medicament-4661296/

der rouder Lëscht. Et geet mir ëm d’Gefor vun engem Mëssbrauch vun deene Pëllen, munchmol aus Commoditéit vum Fleegepersonal, munchmol well d’Ekippen chronesch ënnerbesat sinn. Déi Pëllen si kee Schockela. D’Leit ginn net nëmme midd dovunner, et gëtt hinnen hire Wëlle geholl, hir Beweegungsfräiheet, an dat wërft ethesch an och juristesch Froen op. An esou niewebäi kënnen se geféierlech si fir d’Gesondheet.

Wat an dëser Oplëschtung vum Ministère feelt, sinn d’Neuroleptika allgemeng a Form vun Drëpsen. Et  sinn awer grad déi, déi an de Klinicken an an den Altersheemer an den Asaz kommen: e puer Drëpsen an engem klenge Glas Waasser hëlt de Patient -besonnesch den eeleren- méi liicht ewéi eng déck Pëll mussen ze schlécken.

Kuerz: et geet ëm “Spill”-Reegelen, déi den Ëmgang mat Neuroleptika detailléiert festhalen. Esou hat den Deputéierte Sven Clement 2021 der Familljeministesch Corinne Cahen ë.a. d’Fro gestallt:Bleift d’Regierung bei hirer Aschätzung, dass eng konkret Gesetzgebung betreffend fräiheetsentzéiende Moossnamen net néideg ass (…)? Der Ministesch hir Äntwert: zu dësem Zäitpunkt ass keng nei Etude zum Sujet “Freiheitsentziehende Massnahmen und Gewalt in der Alterspflege” geplangt!.

Dobäi ass sech d’Politik der Problematik bewosst, well firwat sos gouf d’Gesetz 7524 geschriwwen? Et geet ëm eng respektvoll Betreiung vun eelere Leit2356_res_0 . Op d’mannst 40 Prozent vum Personal mussen zanter deem Gesetz eng speziell Formatioun matgemaach hunn an all Gestionnaire muss en Ethikcomité en Place gesat hunn. Aus dem Gesondheetsministère heescht et: À notre connaissance, il n’existe pas de décisions judiciaires ayant donné lieu à des condamnations à la suite de mesures privatives de liberté comme les mesures de contention et d’isolement ou encore la mise en place d’un traitement involontaire. 

Also Frieden, Freude, Eierkuchen? De Bierger huet munchmol eng aner Vue vun der Saach, wëll allerdéngs zugläich net ze vill plapperen aus Angscht, der Mamm, dem Papp, dem Bopi asw hiren Openthalt am Heem ze verdiérwen. Dacks sinn Patient an d’Familljen, respektiv Tuteur/Tutrice sech eleng iwwerlooss. Fir op Nummer sécher ze goen, ass et absolutt ubruecht, Mount fir Mount d’Lëscht vun de Medikamenter déi a Rechnung gestallt ginn, ze iwwerpréifen. Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser!  Wann een dann mat der Medikatioun e Problem huet, kann een – pièce à l’appui- mat der Direktioun doriwwer schwätzen.

A villen Heemer kritt een iwwregens gläich am Virfeld e Kontrakt z’ënnerschreiwen. Doranner seet een sech averstanen mat alle medikamentéisen Decisiounen, déi am Verlaf vum Openthalt ze huele sinn. Hat do een eppes vu Matsprocherecht gesot?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *