Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Justiz

Prozess Lunghi: de secret de l’instruction bei der Däiwel? 

Prozess Lunghi: de secret de l’instruction bei der Däiwel?

Déck 6 Joer huet et gebraucht, éier aus der sougenannter Affär Lunghi e Prozess gouf. Allerdéngs huet deen gläich um éischten Dag mussen ënnerbrach gin, well ee vun den Affekoten, de Gaston Vogel sech de Fouss gebrach hat; deem Mann geet et besser, sou datt et de 17. Abrëll ka weidergoen. Ma villäicht war deen onglécklechen Tëschefall en Zeechen aus dem Himmel, well de Prozess riskéiert hat, um falsche Fouss unzefänken!

De Riichter hat nämlech a senger Preparatioun zwee Bicher komplett “vergiess”. Hien hat si glat a guer net um Radar! Dobäi hat eng Madamm Gaeng – d’Fra vum Här Lunghi- zweemol zur Fieder gegraff, zwee Bicher geschriwwen a publizéiert. Eng nawell gëfteg Fieder mat ville perséinleche Beleidegungen a virun allem, mat engem permanenten Drang fir de secret de l’instruction ze violéieren. An dat gouf et an deem Mooss bis ewell nach net zu Lëtzebuerg. Du jamais vu! An dësem zweete Buch wimmelt et nëmmen esou vun Extraiten aus den Enquête-Rapporten vu police judiciaire, vun Untersuchungsriichterin a vun engem confidentiellen RTL-Audit, an d’Madamm Gaeng gëtt dat och ongenéiert zou! Hei den Artikel iwwert si am Tageblatt vum 2. Juni 2021

 

 

An dësem Text vun zwou Säiten heescht et ënnert anerem:

Caramba an Donnerknulles! Et versteet ee jo, datt si gären hätt, datt d’Affär aus hier Siicht gekuckt gëtt, ma dowéinst d’Gesetzer bewosst lénks leien ze loossen, ass ee staarkt Stéck! Besonnesch hiert zweet Wierk geet doranner wäit, zitéiert aus de Verhéier esou gutt bei der police judiciaire ewéi bei der Untersuchungsriichterin an och aus dem RTL-Audit op deen ech nach zeréckkommen. An der Quelle sass die Dame! Hire Mann koum schliisslech un all déi Aussoen erun, si huet sech just brauchen ze zervéieren. Helerei nennt een dat, an doropper stinn bis zu 5 Joer Prisong! Leider war beim Pressespriecher vun der Justiz net gewuer ze ginn, wou hiren Dossier drun ass deen, ëmmerhin versprécht Jurisprudenz ze schafen.

 

D’Buch  “Donc, nous avons menti au public” war firu Kuerzem ëmmer nach an enger stater Librairie ze kréien. Ech schreiwen dat net fir Reklamm dofir ze maachen, ma well et mech dach staark verwonnert. Op alle Fall sinn op déi Manéier diskret Verhéier zanter enger Rei Joer ëffentlech ouni datt och nëmmen iergendeen sech dorunner gestéiert hätt. Et ass jo fir e gudden Zweck, zur Wahrheitsfindung. Ech däerf mech also och zervéieren an zwar ouni mech strofbar ze maachen. Da lass! Sollt allerdéngs dësen No-go Schoul maachen, da kann een an Zukunft all Gesetztext iwwer de secret de l’instruction an de Recycling geheien.

 

 

Wat hat den deemolegen RTL-Chef Alain Berwick der Untersuchungsriichterin ze pësperen? E kuerze Bléck op d’Säit 103 am zweete Buch. Gréng ugekräizt sinn d’Aussoen, giel gefierft sinn d’Kommentaren vun der Madamm Gaeng.

Anert Beispill, den Affekot Paul Urbany virun der Police Judiciaire:

 

Op de Säiten 59 bis 94 gëtt aus de Verhéier virun der PJ wuertwiertlech zitéiert, op de Säiten 97 bis 119 aus deenen aneren Verhéier mat der Untersuchungsriichterin. Absolutten Novum! Dat gouf et an där Form net zu Lëtzebuerg! Ech ginn dovunner aus, datt de Riichter vun där erzwongener Paus vu 6 Wochen profitéiert huet, fir sech déi zwee Bicher op d’Long ze zéien.

Dat éischt Buch vun der Madamm Gaeng nennt sech “lynchage médiatique”. Wëll heeschen, den Enrico Lunghi ass duerch de Reportage op RTL Telee an der Ëffentlechkeet fäerdeg gemaach ginn, hie gouf ze soen higeriicht ouni déi geréngste Chance sech kënnen ze verdeedegen. Wann een dee point de vue och deele kann, esou muss een op där anerer Säit d’Reaktiounen vun verschiddene Medien relativéieren an an de Kontext setzen. Ech hat dat a mengem éischten Artikel zum Sujet ausféierlech gemaach http://bit.ly/3Mtiw2v a bréngen fir haut e Beispill, op wéi eng Manéier d’Press dat éischt Buch kommentéiert huet.

Den Tageblatt-Schreiwer Jeff Schinker schléit sech also op d’Säit vun der Madamm Gaeng ouni allerdéngs déi aner Klack lauden ze loossen. Dat ass säi gutt Recht, an an engem Editorial sinn engem ze soen keng Grenze gesat. An dach ass déi Iwwerleeung “…Vielleicht aber auch, weil die Schuldigen unbestraft davonkamen“ (…) Das Schweigen der Hauptangeklagten – allen voran Kulturminister Xavier Bettel –…” eng Virverurdeelung wéi aus dem Billerbuch. Dobäi geet d’Madamm Gaeng an hirem Text net grad zëmperlech ëm mat der betraffener RTL-Journalistin a nennt d’Sophie Schram eng putassière, also eng Gebeesshouer op Lëtzebuergesch. Eng Hypokritin déi op Uerder vun his master’s voice dee Reportage zesumme gezwafft hätt. Respekt! Respekt! Dat geet scho wäit!

“…et geet och ëm Schwurbeler…”

De fréieren MUDAM-Direkter Lunghi hat probéiert, de Staatsminister Xavier Bettel, seng Conseilleren an de Verwaltungsrot vum MUDAM mat an d’Affär eranzezéien. Och si – virun allem de Premier- sollten ugeklot ginn, an zwar wéinst Complicitéit. Eng Verschwörungstheorie gouf opgebaut an déi héiert sech esou un:

  • De Bettel sëitz par personne interposée am MUDAM-Verwaltungsrot.
  • Bettel wëll Lunghi lass ginn a rifft dem RTL-Chef un.
  • Den Alain Berwick, ëmmer fir e Spaass ze kréien, schwätzt mam Marc Thoma.
  • Dee schwätzt mam Sophie Schram an déi organiséiert den Interview
  • D’Schicksal hëlt säi Laf a schonn den 4. Oktober reagéiert den deemolege Kulturminister Bettel mat enger Disziplinarenquête géint den Här Lunghi. Nom Motto: you name it, we fly it. RTL kritt schliisslech Subsiden vun der Regierung a Milliounenhéicht a steet domadder an der Schold, also hëlleft een gären beim Ofseeën vun engem Musée-Direkter. Lunghi um Zervéier-Plateau oder besser:Lunghi mam Stréck ëm den Hals.

Fäerdeg ass de Komplott!

Esou guer d’Untersuchungsriichterin schéngt op déi Verschwörungstheorie eragefall ze sinn, näischt aneschters ewéi eng Infox. Ma RTL ass op engem anere Punkt desagreabel opgefall. Iwwerraschend séier nämlech hat een sech vum CEO Alain Berwick getrennt. Deen hat zwar eng gëllen Handrësel krut, ma war dach zimmlech sec liquidéiert ginn. An net nëmmen hien! Och d’Journalistin Sophie Schram ass op Dirängelen vun e puer Leit aus der RTL-Kultursektioun op d’Strooss gesat ginn, an zwar ouni dee geréngsten Botterkichelchen. Aarbechtsrechtlech héich brisant, well d’Madamm Schram huet ëmmerhin 5 Joer fir RTL geschafft! Fir Rou an d’Bud ze kréien, hat een eben den Alain Berwick, de Papp vum RTL-Tower um Kierchbierg geaffert.

A fir ze ënnermaueren, datt een deen Tëschefall net op déi liicht Schëller geholl huet, gouf e strikt confidentiellen Audit gemaach. Esou en Instrument ass ëmmer gutt fir den Eeschtfall! Et léisst een sech eppes kaschten, et wierkt seriö, ma et bréngt absolutt näischt!

Allméiglech Leit goufe geruff an interviewt fir zousätzlecht Liicht an d’Geschicht ze bréngen, ma wuel och fir dat eegent Gewëssen bei RTL ze berouegen. Ëmmerhin war jo och eng laangjäreg Emissioun wéi Den Nol op de Kapp – 20 Joer + 9 Méint- vun engem Dag op deen aneren ofgeschafe ginn an et wollt een sech net de Virworf gefale loossen, déi journalistesch Ekippen am Reen stoe gelooss ze hunn. Dobäi hunn déi zwee Auditeuren absolutt kee Grond gesinn, fir den Nol ofzeseeën.

Jiddereen deen do gelauschtert gouf, krut d’Sätz ze héieren: “Dat hei ass strictement confidentiel! Et kënnt näischt no baussen eraus, et ass just fir eis bei RTL!” Also alles ënnert dem Deckmäntelchen vun der strikter Confidentialitéit! Witzegerweis steet an der Aleedung och geschriwwen: Wann den Inhalt vun dësem Audit no bausse bekannt gëtt, géif dat staark de Fiduz vun deene beschiedegen déi fir den Audit hir Aussoen gemaach hunn. Wéi et awer  den 2. Mäerz 2019 zu enger Perquisitioun bei RTL koum, huet een net laang gezéckt, mat deem Audit erauszeréckelen! Och dat wär et fréier net ginn. Schliisslech waren fir deen Audit eng Rei Journalisten ausgefrot ginn, ënnert hinnen de Marc Thoma.

Deen hat an deem implizéierte Reportage am Nol op de Kapp gesot, datt nieft der Molerin Doris Drescher nach aner Artisten sech bei him gemellt an och geiergert haten, datt si net konnten hier Wierker am MUDAM ausstellen. Dës Artisten wollten awer weder hiren Numm public maachen, nach virun der Kamera schwätzen, am anere Fall kréichen si an der lëtzebuerger Kulturzeen ni méi e Fouss op de Buedem. Si haten dobäi op de Quelleschutz gepocht! An deem Audit hätt de Marc Thoma sollen d’Nimm vun deenen Artisten bekannt maachen, eben mam Verspriechen: et bleift alles ënnert eis! Glécklecherweis hat de Marc Thoma sech konsequent op säi Quelleschutz beruff a keng Nimm genannt. Glécklecherweis och fir RTL déi sech domadder eng zousätzlech Affär konnte vun der Box halen. Ech ginn ze bedenken, datt d’Madamm Gaeng via hire Mann Zougang hat zu dësem Dokument draft and confidential an sech net genéiert huet, an hirem Buch aus dësem Dokument ze zitéieren. Esou wären also d’Nimm vun dësen Artisten op der place publique gelannt.

“…ass sech de Riichter dees allem bewosst?…”

Ech hoffe also ganz staark, datt dee Mann vun de leschte 6 Wochen profitéiert huet, fir sech an déi zwee Wierker vun der Madamm Gaeng eranzeschaffen. Violatioun vum secret de l’instruction ass kee Kavaléierdelikt! An datt de Kommunikatiounsservice an der Cité judiciaire him eng uerdentlech Presserevue preparéiert huet. Well och déi medial Aspekter (cf. mäin éischten Artikel) sinn net oninteressant, weisen eis, wéi kleng eist grousst Ländchen ass, an datt perséinlech Rancunnen duerchaus eng Roll kënne matspillen.

Fir mat engem Schmunzelen opzehalen: den Här Lunghi huet behapt, datt hien duerch déi ganz Geschicht an eng Depressioun gefall wier. Dat kann ech novollzéien: hie gouf en Interview a stoung um Enn komplett plakeg do! De Mann huet eng grouss Bewonnerung fir d’Chanson française an huet seng musikalesch Carrière op YouTube ugefangen mat engem Liddchen an deem et heescht: ech hunn déck Loscht op deng schéi Broscht. Schaarf geschoss gëtt wuel nawell op dësem Prozess!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *