Recent Posts

Post Categories

Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...

Blog Post

Finanzen

Steiergerechtegkeet: de Moment fir d’Fënsteren opzerappen 

Steiergerechtegkeet: de Moment fir d’Fënsteren opzerappen
Image par Steve Buissinne de Pixabay

Zwou vun dräi Regierungsparteien sinn fir eng Verméigenssteier. Déi Rout an déi Gréng sinn der Meenung, datt déi Steier, och wann si net vill bréngt, gutt ass fir d’Wahlclientèle. Bei den Demokraten ass et ëmgedréit: si sinn zwar blo, ma net blöd.

Dräi vun dräi Regierungsparteien sinn fir méi Steiergerechtegkeet. Dräi Regierungsparteien hu géint eng Motioun vun den CSV-Vertrieder Gilles Roth a Laurent Mosar an der Chamber gestëmmt. Et goung ëm d’Ofschafen vum Regimm vun de Stock Options an ëm de Mëssbrauch an de FIS-Steierstrukuren. Mam Vote am Plenum gouf däitlech: Gerechtegkeet? Jo, awer nach net elo.

De Jean Asselborn war an der RTL-Emissioun BACKGROUND der Meenung, datt déi nächst Wahlen um Punkt vu Steiergerechtegkeet kéinten decidéiert ginn. Wann deem esou ass, hunn dräi Regierungsparteien nach nozesëtzen.

Un der Steierreform gëtt zwar festgehalen, ma direkt um Ufank vun der Pandemie huet de Finanzminister Pierre Gramegna ze verstoe ginn, datt wéinst der Corona-Kris d’Steiererliichterungen méiglecherweis net esou grouss kéinten ausfalen, wéi dat nach virun engem Joer geplangt war. De Motto et kascht, wat et kascht gëllt net méi! Oder dach?

d’Loft fänkt un méi dënn ze ginn, de finanzielle Spillraum fir eng bis dato verwinnte Regierung gëtt méi kleng. An d’Gewerkschaften wénken mat der Scheierpaart: net déi physesch Persounen sollen verstäerkt zur Kees gebiede ginn, ma – esou schreift et d’CGFP an hirem Blietchen- de Schwéierpunkt misst anzwousch aneschters leien. Seit Jahren bleiben hierzulande Aktivitäten, die riesige Gewinne erzielen, nahezu von jeglichen Steuern völlig befreit.

Déi berüchtegt Immobiliëfongen wären allemol en Ufank. An de fonds d’investissement spécialisés sin honnerte Milliarden Euro gebunckert, mat wat fir engen Argumenter ginn déi Sommen minimal besteiert an den Otto-Normalbierger gëtt zur Keess gebieden?! Eng Reform wär e Signal fir d’Vollek, datt de politesche Wëllen tatsächlech nach net verflunn ass.

“…woher nehmen, wenn nicht stehlen…?”

De Staat huet manner Suen am Portmonni, an dat an Zäiten wou hien se batter néideg huet, well d’Auswierkungen vun der Pandemie op d’Wirtschaft gewalteg sinn. An zugläich eng Steierreform, wou jiddereen besser ewechkënnt? Wéi geet dat? De Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch huet am Interview haut mam Lëtzebuerger Wort e bësselchen aus der Schoul geplappert: méi Suen sinn néideg, fir déi sozial Kohesioun ze garantéieren; fir de Staatsbudget trotzdeem am Gläichgewiicht ze halen, kéint een higoen:  an zousätzlech Kreditter ophuelen!

De Staat also zousätzlech verschëlden? In Gegensatz zur CSV sind wir der Meinung, dass dies angesichts der sehr niedrigen Zinsen, ja sogar von Negativzinsen, absolut sinnvoll ist. Den LSAP-Mann huet domadder duerchaus Recht. Grad a Krisenzäiten muss kënnen investéiert ginn, fir datt d’Wirtschaft dréit. Esou sot et och ëmmer eng CSV, wéi si un de Schalthiewelen souz.

Déi parteipolitesch Interpretatioun ass wuel eng aner: d’Regierung plädéiert fir zousätzlech emprunt, well d’Finanzpolitik mat der Strenz de wichtegste Facteur ass, fir d’Koalitioun zesummen ze halen. An d’CSV steet do mam Fanger am Mond: jiddereen kritt eppes Klengs an de Schniewel, déi sozial Moossnamen ginn net erofgesat, ween interesséiert sech do schonn vill fir d’Staatsschold?

De Staatsbudget kënnt elo geschwënn op de parlamentareschen Instanzewee, eng éischt Erausfuerderung fir d’Regierung gëtt d’Enn vum Joer de Gehälteraccord an der fonction publique…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *