Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom
Bild von Jim Cramer auf Pixabay

Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an haten zum “Hippches-op-Hapches-Image” vun der Regierung bäigedroen. Normal, datt déi politesch Oppositioun probéiert huet, dee faux-pas auszeschluechten a wärend 48 Stonnen hir ganz Energie op den Atom konzentréiert hat. Dobäi goung eppes net Onwichteges komplett ënner…..eng Parlamentaresch Fro.

Et gëtt zwou Zorten vu QP: déi eng gi gestallt vun engem Deputéierten aus de Reie vun der Oppositioun. Dat si meeschtens méi kritesch Froen fir d’Regierungspolitik ze hannerfroen, si an inhaltleche Widderspréch festzeneelen. Déi aner gi gestallt vun engem Volleksvertrieder aus de Reie vun der Majoritéit. Déi Zort Froen si vum politeschen Aspekt ëmmer more Kascht. Den Deputéierten huet eng Geleeënheet, sech ze profiléieren, an de Minister kritt eng Platebande, fir sech kënnen ze explizéieren. Dat ass d’Spill um Krautmaart.

Esou stellt zum Beispill d’DP-Fra Corinne Cahen zesummen mat der Parteikolleegin Hartmann dem Edukatiounsminister Claude Meisch eng Fro iwwer handikapéiert Aarbechter: esou Leit hätten a Frankräich d’Méiglegkeet, an d’Léier ze goen,  Pourquoi n’est-il pas possible pour un jeune en situation de handicap de faire un apprentissage tout en ayant le statut de salarié handicapé ? – Qu’en est-il des apprentissages en cours d’emploi ? Est-ce que d’autres dispositions sont prévues lorsque la personne bénéficie déjà du statut de salarié handicapé lorsqu’elle intègre un apprentissage en cours d’emploi ? – Est-il prévu de remédier à cette situation le plus rapidement possible afin de faciliter l’accès des personnes handicapées au marché du travail en général et aux apprentissages en particulier ? Dans l’affirmative, s’inspirerait-on du modèle français ? Dans la négative, pour quelles raisons?

D’Äntwert vum Här Meisch läit nach net vir, ma ech ginn eng Wett an, datt de Minister wäert un alle Regëster zéien fir sech selwer iwer de Kléi ze luewen. E Fro-an-Äntwerte-Spill souzesoen ënner Frënn, ma déi nämmlecht Deputéiert Cahen danzt mat enger anerer parlamentarescher Fro hire ganz perséinlechen Tango. Zesumme mat där neier Fraktiounskolleegin Barbara Agostini hannerfreet si zimmlech hefteg d’Aussoen a Saachen Atom vun Luc Frieden a Serge Wilmes. Si geet dobäi nawell wäit: Den Här Premierminister huet gemengt, et misst ee «manner ideologesch» un déi Fro erugoen. Wat huet d’Sécherheet vun der Populatioun a vun der Zukunft mat Ideologie ze dinn?

A weider: Sinn d’Aussoe vum Här Ëmweltminister beim Mouvement écologique vum 21. Mäerz net am Widdersproch zu den Aussoe vum Här Premierminister. Falls jo, wéi eng ass d’Regierungspositioun? D’Fro ass duerchaus berechtegt, ma si hätt mussen aus de Reie vun der Oppositioun kommen. An d’Madamm Cahen grueft weider: Ass dës nei Positioun am Regierungsrot beschwat ginn?  Duerchaus berechtegt Nofroen, mä hat d’Madamm Cahen dës 9 Froenzeechen a Saachen Atom mat hirer Fraktioun ofgeschwat?

Eng Partie vun de Liberalen – besonnesch déi um Knuedler- woren am Carré gesprongen. Si wëssen nëmmen all ze gutt, datt di fréier Ministesch sech net zefridde gëtt, de Rescht vun hirem politesche Liewen als Schäffin an der Stad ofzesëtzen.  Si wëll méi. An de leschte Gemengewahlen goung d’Partie fir si däitlech verluer. Nächsten Ulaf a 5 Joer, ma den Tëschefall mat der parlamentarescher Fro huet gewisen, datt si schonn elo ganz wibbeleg ass a sech net genéiert, aner Weeër ze goen; dat ass net nëmmen der Knuedler-DP opgefall.

Eng manner ideologesch Diskussioun iwwer d’Atomenergie – esou wéi si den neie Regierungschef gären hätt-, ass zu Lëtzebuerg leider net méiglech, grad esou wéineg ewéi eng sachlech Diskussioun iwwer den Ënnergank vun eisem Planéit. Déi international Energieagence (AIE) huet zum Beispill ganz rezent matgedeelt, datt am Joer 2023 d’Emissioun vun CO2 weltwäit ëm 1,1 Prozent an d’Luucht goung, mat als Reaktioun grouss Kreesch vu grénge Revoluzer. Wat ënnerschloe gëtt: d’Hausse vun de Karbonaussstéiss gëtt stänneg méi kleng a schléit geschwënn ëm an eng Baisse.

An de räiche Länner ass an der Tëschenzäit de CO2 um Niveau ukomm vun 1970 an d’Kuel gëtt an der Europäescher Unioun esou wéineg benotzt ewéi zanter 100 Joer net méi. An d’Atomenergie? Si ass geféierlech, mä wat den CO2 ubelaangt, duerch an duerch gréng. A Groussbritannien leien d’CO2-Emissiounen esou niddereg ewéi am 19. Joerhonnert an deen Trend ass eleng drop zeréckzeféieren, well d’Insel d’Kuel duerch Atom ersat huet.

Wann et sollt e Widdersproch an der Politik ginn, da wuel éischter, well et e Widdersproch am Atom selwer gëtt. Dat Nukleart ass eng Topléisung a Punkto CO2, ma bleift hypergeféierlech…wann och manner mat der neier Generatioun. Fir Lëtzebuerg keng Optioun? Ass fir mech ganz ok, ma dat däerf net verhënneren, datt aner Natiounen et aneschters gesinn. Däitschland zum Beispill huet dem Atom d’kal Schëller gewisen a muss massiv Stroum importéieren (39,6 TWH am Joer 2021), och vu Lëtzebuerg. D’Tagesschau nennt d’Ursaachen: die höhere Stromerzeugung aus Wasserkraft in den Alpen und Skandinavien, der Ausbau kostengünstiger erneuerbarer Energien in den Nachbarländern, und die höhere Verfügbarkeit von französischer Atomkraft im Vergleich zum Vorjahr 2022, als der französische AKW-Park zu beträchtlichen Teilen …

Oder d’Beispill Schweden: ronn 30 Prozent vum Greta Thunberg hirem Stroum ass Käergespléckt. Net schlecht! An iwwer all dat hätt ee kënne schwätzen, ma léiwer emol e bësselchen Zirkus maachen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *