Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

PCR-Test: vun positiv op negativ 

PCR-Test: vun positiv op negativ
Image par Наркологическая Клиника de Pixabay

de PCR-Test ass bekanntlech ëmstridden: déi eng behaapten, hie géing sech iwwerhaapt net eegenen, fir de Virus ze detektéieren, déi aner weisen drop hin, datt den Test net fiabel ass. Eigentlech géing et keng wëssenschaftlech Etüd dozou ginn, d’Zouloossungsprozedur wier extreem séier gewiescht, den “Test fir den Test” wier net seriö duerchgefouert ginn. Dat sief alles mol dohinner gestallt, ma ech hunn vun zwou Persounen héieren, déi selwer vun engem falschen Test-Resultat betraff sinn/waren.

Déi eng Persoun gouf de 17. September positiv getest an huet mussen an d’Quarantaine. 4 Deeg drop war déi nämmlecht Persoun negativ. Bis dato huet an der Santé d’Reegel gespillt, datt deen negativen Test net onbedéngt dee Positiven déit ophiewen, an anere Wieder, d’Isolatioun vun där betraffener Persoun huet weider gegollen. Déi Interpretatioun schéngt elo net méi ze gëllen….

gkonline

d’Persoun hat also 4 Deeg ëmsoss an der Isolatioun verbruecht! Nom Motto: Präventioun iwwer alles. D’Madamm Lenert, geléiert Juristin, weess selwer am Beschten, datt déi dote Situatioun op wackelege Féiss steet. Wann een dervunner ausgeet, datt 1,4 Prozent vun den Test-Resultater falsch sinn – esou wéi dat allgemeng ugeholl gëtt, da waren gëschter bei 6100 Tester der 85 falsch.

Sinn dat der elo vill oder wéineg? Wann een den Duerchschnëtt hëllt vun 53000 Tester, déi pro Woch gemaach ginn, kënnt een op 742 falsch Resultater. Wann een dës Zuel an de Kontext setzt vun aktiven Infektiounen, déi sech den Ament op 1124 belafen, kritt dat Ganzt eng aner Dimensioun. Woubäi een natierlech net déi eng vun deenen aneren däerf ofzéien, ma ëmmerhinn….

Isolatioun ass kee klengen Dreck, ma wéi schreift de Steingart de Moien: Das Virus wird medial vergröbert und vergrössert, wodurch alle anderen Belange des Menschen geschrumpft werden. Deem ass näischt dobäi ze setzen, ausser villäicht: Kritik ass d’Hief vun der Demokratie!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *