Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Endlech! Ech sinn dann elo och iwwerfall ginn! 

Endlech! Ech sinn dann elo och iwwerfall ginn!
Image par OpenClipart-Vectors de Pixabay

 

Henri Kox! Dir hat Recht. Ären Appell als Foussgänger an der Stad keng gëlle Ketten unzedoen, huet gepasst ewéi d’Fauscht op d’A! An Är Remark, datt d’Onsécherheetsgefill vum Bierger reng subjektiv ass- also wäit ewech vun der Realitéit-, war grad esou goldrichteg. Zanter haut kann ech Är Politik an aller Objektivitéit kommentéieren, well empiresch mat erlieft, an et geet ëm Fauscht a Gold.

De Moien um 11 Auer 12 hunn ech de Lift geholl am Theater-Parking. D’Dir war bal zou, wéi nach huerteg zwee Männer eragespronge sinn. Zwee aus dem Maghreb. Ech frot si, op wat fir ee sous-sol si wéilten fueren, ma si goufe just als Zeechen, et wier hinnen egal. Deen Ament schonn hat ech d’Gefill, datt eis Bekanntschaft kee gutt Enn déit huelen; an ech hunn un de Minister geduecht, u säi waarmhäerzegen Appell a bedauert, grad haut vergiess ze hunn, meng Ketten als Erënnerung un de Papp, net Doheem leie gelooss ze hunn!

Am Lift war ech agespaart an si waren zu Zwee. Dat géif e puer Schéiner an d’Schnëss ginn, duecht ech mir! Freet sech just fir wien. 11 Auer 13, endlech, d’Dir geet op an ech huschen eraus. Mäi Won steet ganz déi aner Säit,ech ginn zimmlech stramm op hien duer, déi Zwee hannendrun. Beim Auto ukomm, hunn ech meng Akafstuten néiergeluecht a mech ëmgedréit.

Ee vun deenen Zwee huet mir d’Fauscht dohinner gehalen, als Zeeche vu Frëndschaft. Hie wollt mir den Danz weisen vum Christiano Ronaldo, huet séier an aläert seng Been beweegt a mech zugläich hannen op de Kapp geschloen. An engem Reflex hunn ech mat der rietser Fauscht ausgeholl an de Mann am Gesiicht getraff, op d’mannst gesträift. Dorobberhinn ass hien mat engem “Merde!” fortgelaf, zesummen mam Kolleeg an zesumme mat der Ketten!

deen Techtelmechtel huet maximal 15 Sekonne gedauert. An der direkter Ëmgéigend stoungen 3 aner Auto ze waarden, wéi de Spektakel eriwwer war, waren och si fort. Verschwundibus! An esou Situatiounen erwaarden ech keng Rambo-Aktioun, ma wann déi dräi Chaufferen déck Kreesch gedoen a mam Klaxon getut hätten, wären déi zwee Täter warscheinlech éischter fortgelaf. Ma et ass een ëmmer méi gescheit herno ewéi virdrun.

Eigentlech sinn ech nach gutt ewech komm! Géint d’Brigangen hätt ech kaum eng Chance gehat a schliisslech hu si just d’Ketten matgeholl. D’Rolex – fir 20 Joer RTL- blouf um Arem an de Portmonni an der Boxentäsch. Trotzdeem stellen sech Froen. Wann et esou einfach ass, quasi all Dag Leit ze iwwerfalen an zwar matzen am Do, wou féiert dat hin?! Reegelméisseg geschitt et op Plazen, wou vill Leit sech ophalen, wéi an der Groussgaass, an der Beaumont’s-Gaass, op der Gare asw.

Déi zwee Männer wäerten an e puer Méint hir eege Konklusiounen zéien: wann d’Geschäft esou einfach rullt, da kann een och méi dobäi eraushuelen. Zugläich klëmmt den Agressiounspotenzial! Hei ass gewosst, datt et sech ëm eng Clique handelt aus nordafrikanesche Länner. Moies verloossen si hire Wunnsëtz a Louthrëngen, am Do dreiwen si hiert Onwiesen zu Lëtzebuerg an Owes verkafen si hiert geklautent Gold hanner Diddenhuewen.

Kuerz nom Iwwerfall war ech an der Keess vum Parking passéiert. De Mann sot, ech wär dat éichten Affer zanter Joer. Wat weist, datt de Secteur nei Débouchéë sicht. Henri Kox! Och ech dreemen net vun engem Polizeistaat. Ech dreeme léiwer vu menger schéiner Stad, wou ech a Rou kann akafen a mat de Leit iwwer Politik poteren. Zum Beispill iwwert Iech.

Ech weess, et ass genuch de Geck gemaach ginn iwwert Äre Saz: “Gitt ouni Ketten an d’Stad”, sou datt ech net nach weider wëll den Nol aschloen. Dir selwer sidd ugeschloe genuch, schliisslech ne tire-t-on pas sur une ambulance! Ma Dir schéngt jo wëlles ze hunn, op Ärem Ministerstull pechen ze bleiwen, dann erwaarden ech mir e puer Zousätz zu Ärem groteske Saz. Léif Leit, gitt ouni Ketten an d’Stad, ouni Rolex oder sos deier Auer an och ouni Portmonni. An der Haptstad brauch een sech net méi auszeweisen.Huelt esou mann Boergeld wéi méiglech mat, d’Geschäfter ginn vum Staat entschiedegt!

Dir fannt dat net witzeg? Da si mir eis an aller subjektiver Objektivitéit eens. No dëser Erfarung kann ech endlech mat Iech um nämmlechten Niveau matdiskutéieren! Mir géing et schonn duergoen, wann d’Police d’Gängster net misst stänneg lafe loossen….

 

Related posts

2 Comments

  1. patrick

    D’Beaumont’s-Gaass !? Wou de Setz vum Innenministère as? Wat eng Ironie.

  2. Robert

    Deet mir leed Guy. Et göt nie besser, éischter de Konträr. A wa mir nach 1000 Polizisten méi hun, ännert sech naischt. Fréier, ech mengen wéi ech selwer nach am Dingscht wor, si mir regelmässeg op Fousspatrull gangen, haut gesais de keen Polizist op der Strooss. Si machen eng gudd Aarbecht, awer d‘Politik as null.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *