Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Impfen wéi an der Planwirtschaft, Madamm Lenert? 

Impfen wéi an der Planwirtschaft, Madamm Lenert?
Image par Thomas Wolter de Pixabay

Et ass, fir sech mam Kapp an e Potto ze stoussen! Zu Lëtzebuerg goufen zanter Enn Dezember bis haut 6,73 Prozent vun der Populatioun geimpft. Bannent 67 Deeg also gutt 42.000 Persounen. Wann en d’Statistike kuckt vun our world in data, da stellt ee fest, datt ganz West-Europa lues ass, extreem lues.

Däitschland kënnt op e score vun 8,13 Prozent, Frankräich vun 7,69 an d’Belsch vun 7,47 Prozent. Lëtzebuerg ass an dëser Regioun also ‘lanterne rouge’. Mir si Champion am Lues-Sinn! Groussbritannien huet schonn en Drëttel vu senger Bevëlkerung gesprëtzt, e grousst Land wéi d’USA ronn e Véierel.

Image par fernando zhiminaicela de Pixabay

Fir d’Ulafzäit vun der Vaccinatiounscampagne konnt een nach Entschëllegunge gëlle loossen: net vill Dosissen do, an déi eeler Leit ze impfen an den Heemer mécht sech och net grad wéi am TGV. Wann een déi éischt zwee Méint ausklamert, gëtt et engem ellen virun den nächsten 10 Méint.

Bis de Mount Mee nämlech soll endlech och bei eis genuch Vaccin ukomm sinn. Da solle mer quasi dra schwammen. Spéitstens dann gëllt keng Ausried méi! Ma et gëtt keng grouss Hoffnung op Besserung. Laut den Aussoen nämlech vun der Ministesch a vun hiere Leit aus der santé kéinten dann (Mëtt Mee) an deene verschiddenen Impfzentren an Impfstrossen – héiert sech bal un ewéi Autofestival a Wäschstrooss- all Woch bis zu 35.000 Persounen hir Dosis kréien. Dat wär allerdéngs den absolutte Maximum! Et geet een éischter vun 30.000 Impfungen d’Woch aus. Nees eng Kéier: näischt ze vill!

D’Ministesch geet nämlech vun am Ganzen 800.000 Vaccinatiounen aus, 1. an 2. Dosis zesummegerechent an Soustraktioun vun den Impfgéigner. Dat géing bedeiten, datt d’Campagne 26,6 Wochen bräicht, also ronn 6,5 Méint. Dee leschte Kandidat kéim esou ronderëm Kleeserchersdag un d’Rei!

Dat dauert vill ze laang, ass awer bei eis- aneschters wéi bei den Noper-, weider keen Thema. Erstaunlech! Mir loossen eis léiwer aschléiferen mat gregorianeschem Gesang, mat deem mir erzielt kréien, datt mir schéi brav d’Mask mussen undoen an Owes fréi an d’Nana goen. Fir de Rescht: d’Paulette wäert et scho schmäissen!

Image par press 👍 and ⭐ de Pixabay

D’Ministesch huet en Hällejeschäin, si kritiséieren kënnt enger Majestéitsbeleidegung gläich.

Et brauch een d’Madamm jo net a Stécker ze räissen, si huet duerchaus hier Meritter an dësem Pandemie-Stratego. Ma elo ass de Moment komm, fir hir d’giel Kaart ze weisen: Impfen bis Chrëschtdag, dat geet guer net! Do muss nogebessert ginn! Firwat net d’Hausdokter mat abannen? An Däitschland leeft d’Diskussioun an deem Sënn, a Frankräich, idem. An deene Länner gëtt wéinstens nach diskutéiert. Mir zu Lëtzebuerg schwätze léiwer Essentielles, zum Beispill wann iergendwou am Land en Hond säi Flapp op enger Vëlospist hannerlooss huet.

Firwat net aner Gesondheetsberuffer mat an d’Boot huelen. Firwat um 19 Auer d’Luuchten an den Zentren ausknipsen an net an d’Verlängerung goen bis 22 Auer? Firwat net méi d’Arméi mat deem Organisatoreschen mat eranhuelen, dat ass ëmmerhin eng vun hire Spezialisatiounen? Eis Noper sinn am gaangen, eis dervunner ze fueren: Frankräich hëlt op an an Däitschland kommen dem Olaf Scholz no an den nächste Wochen 10 Milliounen Impfdosissen un! An am Grand-Duché gëtt selch elo schonn op den nächste Chrëschtdag gefreet, déi lescht Pick souzesoen an der Krëppchen! An op eng schéin Vakanzephoto vu Biarritz.

Madamm Lenert, et ass un der Zäit, Iech ze aktivéieren. Är Lorbeerblieder an allen Éieren, ma déi sinn méi séier fort wéi Dir si opgesat krut. D’Bierger si genervt, d’Vertrauen an d’Politik ass am gaangen, d’Schësserbaach erofzelafen! Oder, wann Iech dat besser gefält, paraphraséieren ech den Dieter Hallervorden: Vertrauen an d’Politik ass ewéi e Stéck Äis; eemol geschmolz, ass et fir ëmmer fort!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *