Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

De SREL-Pozess ass ausgesat, villäicht definitiv! 

De SREL-Pozess ass ausgesat, villäicht definitiv!
Image parGerd Altmann de Pixabay

 

Den TRIBUNAL D’ARRONDISSEMENT aus der Stad ass Meeschter an der ultra kuerzer Kommunikatioun a léisst déi dräi Ugeklote wëssen: well en Zeien net disponibel ass fir de Prozess, deen den 19. November hätt sollen ufänken, brauchen déi dräi Ugekloten Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer och net op de Prozess ze kommen. Héiert sech logesch unn, an de Parquet hätt dee Bréif solle viru Woche schreiwen, a Plaz datt déi Ugeklooten et iwwer d’Presse hu musse gewuer ginn, datt hire Prozess nees engkéier misst verréckelt ginn!
Elo gëtt dat Schreiwes allerdéngs dichteg kommentéiert:

gk online

De Prozess war wéi gesot schonn emol verréckelt ginn, well deen Zeien, nämlech de Jean-Claude Juncker, als europäesche Kommissiounspresident säi beruffleche Kalenner esou struppevoll hat, datt zwee Joer geward gouf, éier nei Terminer konnten festgeluecht ginn. Den Ennerscheed läit awer am Detail. Deemools war den Ugekloten matgedeelt ginn, datt de Prozess “sera fixée à une date ultérieure”. Déi Kéier ass d’Sprooch eng aner: de Message ass just: Dir braucht net ze kommen! An dat gëtt elo an Affekotekreesser esou interpretéiert, wéi wann et nimools zu deem berüchtechte SREL-Prozess déit kommen.

Et ass och schonn bäino 3 Joer hir, datt d’Chambre du Conseil decidéiert hat, datt et zu esou engem Prozess sollt kommen. Dat misst awer geschéien  bannent 5 Joer, oder dans des délais raisonnables wéi d’Europäescht Geriicht vun de Mënscherechter et formuléiert. Bannent 5 Joer also. Allerdéngs ass dat just relativ! Gëtt deen Zäitraum duerch iergendeen acte judiciaire oder eng citatioun ënnerbrach, gëtt d’Auer nees op Null gestallt an de count down leeft op en Neits 5 Joer of; dat kann esou 20 Joer weidergoen. De Prozess wier also op Mokuchsdag verluecht, ausgesaat, wéi och ëmmer….

An dësem Schreiwes vum Parquet gëtt op alle Fall den Ament näischt Zousätzleches an Aussiicht gestallt. Déi dräi Ugeklooten kéimen also laanscht e Prozess, wat si wuel wäerte bedaueren: op dës Manéier bleiwt ëmmer eppes un hinnen hänken, si kréien (wahrscheinlech) ni d’Geleegenheet, ëffentlech an ënner Eed auszesoen.

Et ass allemol um Parquet fir sech ze explizéieren!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *