Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

COVID 19: Mat bloer Mask an eng Zwou-Klasse-Gesellschaft? 

COVID 19: Mat bloer Mask an eng Zwou-Klasse-Gesellschaft?
image credits:Pixabay

Viru genee engem Joer hat ech an engem Artikel drop higewisen, datt  mir fréi oder spéit an enger Zwou-Klasse-Gesellschaft wäerte landen. Deemols goufen esou Iwwerleeungen an den Eck gestallt vu “Schwurbler” a vun Verschwierungstheoretiker! An Däitschland ass et elo esou wäit: schonn dëse Weekend ginn d’Restriktiounen fir déi geimpfte Persounen opgehuewen, a Bayern vun en Donneschdeg un.GroKo peitscht Rechte für Geimpfte durch! Dës Leit sollen also hir Grondrechter zeréckkréien. Juristesch ginn et keng valabel Argumenter, déi dogéint schwätzen. Ass dat awer glécklech? Kann d’Politik sech iwwer d’Gesetz ewechsetzen? Kaum! An zu Lëtzebuerg ass déi Diskussioun nach iwwwerhaapt net ukomm.

D’Politik hat allemol e ganzt Joer Zäit, fir sech déi Situatioun duerch de Kapp goen ze loossen. Elo weist sech an Däitschland op en Neits, datt e ganzt Joer just 365 Deeg sinn an net d’Zäit, fir nozedenken. Déi geimpfte Leit solle kënnen esou en normaalt Liewen ewéi méiglech féieren: si mussen zwar weider d’Mask undoen, well si ëmmer nach e potentiellen Träger vum Virus kënne sinn, ma d’Ausgangsspär gëtt fir si opgehuewen, grad ewéi d’Kontaktlimitatiounen.

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Dat kéint zu bossege Situatioune féieren. Zum Beispill wier sech virzestellen, datt 100 vaccinéiert Persounen sech op enger Plaz versammelen. A wien kontrolléiert dës Leit, déi jo den Impfpass musse kënne virweisen? D’Police! Bonjour les dégâts! Si kënnt elo schonn net no mat hirer Aarbecht. Dëst Ophiewen vun de Restriktiounen gëllt fir all geimpfte Mënsch, also och fir déi Al an den Altersheemer.

Zwou eeler Dammen mam Vaccin am Blutt kéinten also zesummen an d’salle-à-manger iesse goen, iwwerdeems en Här, deen sech net impfe gelooss huet, misst a sengem Zëmmer eleng speisen. Där Beispiller kéint een nach vill opzielen. Eng vun de -gewollten?- Niewewierkungen ass, datt den Drock op d’Impfgéigner staark zouhëlt.

Dobäi sinn den Ament eréischt 8 Prozent vun der däitscher Bevëlkerung fäerdeg mat impfen a 25 Prozent kruten hir éischt Dosis. D’Restriktiounen ginn also fir knapp 10 Prozent vun all de Leit opgehuewen! D’Ongerechtegkeet besteet doranner, datt vun deenen aneren 90 Prozent eng absolutt breet Majoritéit mol nach iwwerhaapt keng Geleeënheet haten, sech impfen ze loossen! Ass et also normal, datt déi nei Fräiheet elo schonn fir eng Minoritéit gëllt, an eng grouss Majoritéit nach 5-6 Méint waarde muss? Impfneid macht sich breit!

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Gëtt et iwwerhaapt Spillraum fir d’Politik vis-à-vis vun der Justiz?. D’Restriktiounen waren mam Argument agefouert – an domadder d’Verfassung ausgehiewelt- ginn, datt d’Mënschheet zu deem Ablack keng aner Waff hat, fir sech ze wieren, ze schützen. Mat der Verfassung dreift een net den Uz, an d’Politiker hu bei all gudder Geleegenheet drop higewisen, datt dës Moossnamen just provisoresch wieren. Elo ass de Moment komm. Ma wéi soll ee virgoen?

Wär et net méi intelligent, et dem Land Eisteräich nozemaachen. Do däerfen net nëmmen déijéineg vu méi Fräiheete profitéieren, déi fäerdeg geimpft sinn, ma all déi, déi eng éischt Dosis gesprëtzt kruten. Mécht Sënn! Mat zwou Dosissen ass eee grad esou infiziös ewéi mat enger, mä mat enger Dosis soll schonn de Verlaf vun enger eventueller Ustiechung bedeitend manner schlëmm sinn. Op déi Manéier kéinten an Däitschland iwwer 33 Prozent vun de Leit vun deenen Erliichterungen profitéieren.

Et schaaft och d’Ongerechtegkeeten of tëscht de Vaccinéierte selwer: mat AstraZeneca ass ee fäerdeg bannent 10 Wochen, mat BioNTech bannent 4 Wochen a mat Janssen an engem eenzegen Dag! Oder huet ieren d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP Recht, wann si d’Gesetzgebung wéi folgend interpretéiert: et däerf ee just dann d’Grondrechter mat a Betruecht zéien, wann si fir jidderee gëllen, an zwar ouni Ausnam! Ass déi Interpretatioun juristesch fondéiert? Dat sief mol dohinner gestallt.

Eng Diskussioun iwwer des Problematik ze féieren, wär allemol net vu Muttwëll, och a grad am Kontext vun der nächster Péngschtvakanz! Fir op d’CGFP zeréckzekommen: déi huet et jo tatsächlech fäerdeg bruecht, eng Prioriséierung vun hirer Wahlclientèle erauszeschloen. Zm Beispill fir d’Magistratur! Grad wéi wann d’Riichter*innen däermoossen dem Covid ausgesat wären! A wien denkt nach un d’Cassière am Supermarché?! Ëmmerhinn goufen si virun engem Joer als Heldinnen gefeiert…mä dat war jo eng Zäit, wou den Toilettepabeier eis extreem wichteg war. Wien weess: villäicht hu sech OGBL an LCGB vum 1. Mee erholl a setzen sech elo fir dës Fraen an?!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *