Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Op der stater Gare gäert et 

Op der stater Gare gäert et

Ënnert de Garer Geschäftsleit ramouert et scho méi laang. Fir d’éischt war et dee fierchterleche Schantje mam Tram wou eng Partie Geschäfter hate musse Raute wénken, an elo wou déi Aarbechte gedoe sinn, ass d’Situatioun esou, datt -besonnesch un der ieweschter Spëtzt vun der neier Avenue- d’Kommerzanten weiderhin mussen ëm d’Iwwerliewe kämpfen. Tatsächlech net grad glécklech an et freet een sech, wisou d’DP-Politikerin Corinne Cahen déi bekanntlech op där Plaz e Schonggeschäft huet, sech an der Zäit net méi an der Ëffentlechkeet manifestéiert hat.

Dobäi kënnt, datt d’Drogenzeen net grad méi kleng ma éischter méi grouss gouf. A virun Deeg zousätzlech Opreegung: eng Fra vun 28 Joer war an der Strooss dout fonnt ginn. Si hat extreem vill Blutt verluer, nawell seet de Parquet, datt et sech net ëm Mord, ëm Doudschlag gehandelt huet. An dat wëllen déi Garer net wouer hunn.

Ech selwer si Member an engem Grupp op WhatsApp dee sech nennt: Quartier Gare, sécrité&propreté. Do geet et munchmol héich hier an ech hunn decidéiert, e klengen Deel vun deene Messagen an deem Grupp weiderzeginn. An zwar ongefiltert, also net op d’Wouerecht iwwerpréift. Déi kleng Texter weisen allemol, datt d’Leit net grad ënner engem subjektiven Onsécherheetsgefill leiden, éischter objektiv, well Dag fir Dag selwer erlieft.

 

Eng Fra schreift vun enger rezenter Erfarung vun hierer Bekannten:


Oder  dëse Message

 

Eng aner Fra beschwéiert sech, datt een iwwerall Sprëtzen um Buedem fënnt


E bësselche Sarkasmus

D’Politik kënnt an deem Ganzen schlecht ewech, besonnesch déi Liberal

“Mir” goufe vergiess…

 

D’Politik hätt eigentlech schonn de Quartier Gare opginn

 

Dat liest sech esou wéi wann d’Drogemafia d’Kontroll am Quartier iwwerholl hätt. No de Wahlen wëll kee Politiker méi eppes vun de Garer Problemer wëssen


An d’Police kritt och net grad vu Begeeschterung an d’Hänn geklappt

An och si hätt de Quartier opginn

 

A wou bleiwen d’Strofen fir déi Kriminell?

E weideren Témoignage an déi nämmlecht Richtung

 

Och d’Polizisten sinn nëmme Mènschen…

Wat da maachen, wa Politik a Police näischt méi ennerhelt?

An och d’Eisebunnsgesellschaft kritt hiert Fett of. Als Rappell: ech hunn dat alles net iwwerpréift, ginn dat ongefiltert weider; also dach mat Virsiicht ze liesen…

 

 

D’Tageblatt koum viru Wochen mat engem änlechen Artikel doriwwer.

Ech hale vun all dësen SMS’en fest: d’Garer Leit fillen sech méi wéi veronséchert; d’Police mécht hier Aarbecht ouni grouss Motivatioun, kee gehäerzten Asaz. Villäicht denkt d’Politik drun, datt ee fir esou Situatiounen onbedéngt muss Spezial-Patrulle forméieren, déi 24 Stonnen op 24 fonctionéieren, 7 Deeg op 7. Et wär scho bal eng Frechheet, bluttjonk Polizist(inn)e souzesoen an d’Messer lafen ze loossen. Also eng Spezial-Unitéit, wat net onbedéngt gläichzesetzen ass mat Gemengepolice!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Ech géif mir heizou een ZItat aus deem zum Thema vun der Organiséierter Kriminalitéit richtungsweisende Buch vum Auteur Jürgen ROTH aus dem Joer 2004 mam Titel “Ermitteln verboten – Warum die Polizei den Kampf gegen die Kriminalität aufgegeben hat ” erlaben – a mir sinn haut och op der Gare (wéi den Alldag et beweist) genee do ukomm:
    “Die Politiker belügen uns über das wahre Ausmaß der Kriminalität, die Kriminellen selbst triumphieren und dazwischen steht die Polizei und muss machtlos zuschauen.” Wann elo déi verantwortlech politësch “Klass” mengt, datt wann elo opgrond vun der Testphase vu 6 Méint mat der Aféierung vun der Gemengepolice an der Stad an zu Esch mat méi Präsenz vun deene Polizisten de Grondproblem geléist gemengt ze hunn, da kann ee just de Kapp rëselen. Keen traut sech un de Fong, un d’Wuerzel vum Problem ze goen, nämlech déi organiséiert Kriminalitéit – an do gëtt wuel zurecht gefaart-sou wéi hei an engem Kommentar geschriwwen – datt een eng Kugel am Réck riskéiert. Mir si wäit komm – a keng Besserungs ass an Aussiicht, och wann do geleeëntlech e puer Politiker virun allem eng medial opportun (-istësch) Präsenz op der Gare manifestéieren, fir duerno rëm séier an der Uwerwerstad an der Géigend vu Palais a Luxusgeschäfter ze verschwannen…an d’Leit op der GGare, wat sech mol eng Kéier ee flotten, ee liewege Quartier vun der Stad war, mat all hire Problemer alleng ze loossen. Traureg!

  2. Gilles Tangeten

    Bonjour Här Kaiser,
    An Äerem Artikel sinn e puer Nimm matt Telefonsnummeren ze erkennen. Ech wollt Iech dorops opmierksam machen well ech net dovun ausginn, dass daat vun Iech gewollt ass.

    Matt beschten Gréiss,
    Gilles Tangeten

    P.s.: dësen kommentar muss dann och net veröffentlecht ginn 😉

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *