Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Fake News oder elektronesche Schmu vun engem Minister? 

Fake News oder elektronesche Schmu vun engem Minister?
Photo de Danya Gutan: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-lisant-un-journal-brulant-3278364/

Wann een am August eppes vun der Politik wëll gewuer ginn, da muss een seng Tier iwwer de Päerderchers-a Schofsmaart dréien. D’Politiker – Deputéierten ewéi Minister- hunn am Laf vun de Joer de Glacis mat Knuppauto a Riserad fir sech accaparéiert, déi eng ginn fir d'(Wieler)vollek zervéieren, déi aner drécken d’Patten. Wéi ëmmer, vill politesche Beschass, ma dëst Joer och eng speziell Rumeur, déi, sollt si stëmmen, e gepefferte Skandal wär. Ech goung där Saach no.

E Minister oder eng Ministesch hätt nämlech virun enger Zäitchen eng Säit op Facebook opgemaach, an zwar ënner falschem Numm. Op där Säit géing hien oder si iwwer alles hierfalen, wat net an de Krom passt. Dës Persoun hätt reegelméisseg vun där Säit profitéiert, fir virun allem politesch Géigner ze diskreditéieren. Wéi gesot ënner falschem Numm, also anonym.

Sollt dat stëmmen, wier et een du jamais vu. Deloyaalt politescht Gespills, ausgerechent vun engem Politiker dee mam gudde Beispill misst virgoen. Et géing sech ëm eng Ministerpersoun handelen oder awer ëm eng Persoun aus där hirem enken Entourage.

D’Frittebuden um Glacis sinn esou wäit ofmontéiert, ma dat politescht Gehurels fänkt réischt richteg un!

“…Gesicht gëtt de Patrick Muller…”

Muller ginn et zu Lëtzebuerg wéi Sand um Mir, grad ewéi Schmitten a Weberen. An dësem Fall ass déi franséisch Schreifweis gewielt ginn, also ouni Pinktelcher um “u”. Hei déi betreffend Säit op Facebook.

gkonline

Dee ‘Mulles’ huet besonnesch an der Lescht Häerz-wat-begiers-de aus der Politik kommentéiert, sech dobäi awer besonnesch un zwee Politiker geriwwen: um Marc Ruppert, fréiere Generalsekretär vun der DP an um Serge Wilmes, éischte Schäffen an der Gemeng Lëtzebuerg.

gkonline

Dee krut den Dicks geriicht: keng Politik fir d’Stad attraktiv ze maachen, d’Stad gëtt mat enger Wüüst verglach.

 

D’Kritik un der CSV-, ma och un der DP-Politik huet sech gewäsch, et kann een duerchaus domadder averstane sinn. Dorëms geet et awer net an dësem Artikel. Et geet ëm de Patrick Muller, et geet ëm ee Minister, deen als Phantomas op Facebook geeschtert, am Numm vun der Feigheet déi aner dichteg erofmécht. An esou kritt d’CSV och de Virworf gemaach vun der Hypokrisie, wat de Quartier vun der Gare betrëfft

gkonlinw

Oder méi einfach vum Mulles formuléiert: d’Gare ass dout!

gkonline

 

 

 

Zugläich ass de Mulles grousse Fan vun der Familljeministesch Corinne Cahen. Mol a sobere Wieder, mol total ausgeflippt, euphoresch fir déi Madamm. Ass de Mulles e Member vun der demokratescher Partei, wéinstens e Sympathisant, oder fënnt hien ganz einfach, datt d’CC wierklech effikass Politik mécht? Et ass schwéier ze beurteelen. Hei een éischt Beispill, wou et ëm d’Politik geet fir d’sans-abris:

gkonline

A wann da mol d’Ministesch eng op den Hutt kritt vun de Commentateuren, dann ass de Mulles séier do, fir si a Schutz ze huelen

gkonline

Där Beispiller ginn et genuch. De Mulles kritiséiert Staatsbeamten, déi hien “education.lu-Leit nennt, kommentéiert d’Politik am allgemengen. Als Erënnerung: d’Rumeur seet, datt et sech ëm eng Ministeschpersoun handelt!

Et koum den Dag, do gouf et dem Marc Ruppert ze bont an hien huet dem Mulles d’Propositioun gemaach, sech eng Kéier ze gesinn, also face-to-face sech géintiwwer ze stoen a sech politesch auszetauschen. De Serge Wilmes, deen net manner genervt war, huet déi Iddi begréisst.

gkonline

 

Aus deem Meeting gouf näischt. De Mulles goung séier an d’Defensiv an huet villes (bal alles) op senger Facebook-Säit geläscht; hien ass zanterhier elektronesch dout. De Marc Ruppert huet nach probéiert, e bësselchen ze stëppelen, ëmsoss: Mulles ward nie mehr wiedergesehen!

gkonline

De Mulles kéint wéi gesot, eng Fra sinn. Laut der Rumeur ass et eng. Also eng Ministesch! Kloer ass, datt et sech ëm e Fake Account handelt; an déi Richtung ginn och d’Analysen vun Top-Informatiker. Facebook ass net onbedéngt déi grouss Hëllef bei de Recherchen déi am gaange sinn.

Et ginn och gewëssen Ongereimtheeten. Zum Beispill: wisou verdeedegt de Mulles d’Politik vun der Madamm Cahen an ass selwer net “Frënd” mat hir op FB? Wisou huet hien/si seng Spueren verwëscht, wéi déi zwee Politiker sech mat him/hir wollte gesinn? De politeschen Observateuren ass opgefall, datt de Mulles besonnesch aktiv gouf an de leschte Méint, also zu engem Ablack, wou déi éischt Weichen fir d’Gemengewahlen gestallt goufen.

Iwwregens ass de Patrick Muller och “Frënd” vu mir op FB

Phantomas! Mell Dech! Déi betraffe politesch Partei hëlt dës Rumeur iwwregens ganz eescht: si hänkt hir wéi en Amboss um Been an dat e puer Méint virum Supperwahljoer!

 

Related posts

3 Comments

  1. Frank Bertemes

    Et gëtt ëmmer méi offensichtlech, datt gewësse Leit hir politësch Ambitiounen mat alle Mëttel benotzen, fir sech an hir politësch Zukunft perséinlech – a bosonnësch viru Walen – ofzesécheren. Et
    huet ee gemengt, deen ënneschten Tirang wär bei verschiddene Leit schonn erreecht, mä dat hei beweist, datt et awer nach méiglech ass, deen no ënnen ze toppen – TOP deemno! Anere Leit Haass mëttels Netz-Commentaire virzewerfen , déi och mol ënnert d’Gürtellinn ginn, an dat selwécht (an och nach hannerëm) an och nach als Minster/ësch ze maachen, fir dee politësche Géigner ze diskreditéieren, dat ass da wuel déi nei Polit-Kultur? Dat passt allerdings bei eng Persoun, déi hei wuel viséiert kéint sinn – et brauch een net besonnësch wäit ze sichen, schéngt et mir…an dat wonnert mech eigentlech net! Sou eng “Minister” – falls dat sollt stëmmen – dierfe keng politsch Zukunft méi hunn, si hu sech als dat geout, wat se sinn…An et wär duerchaus méi wéi ugesot, den Numm vun där Persoun ëffentlech ze maachen an eng entspriechend Plainte ze deposéieren fir ze verhënenren, datt sou Leit nach jemools dierften ee politëscht Amt oder Mandat ausüben-een absoluten “No-Go”!

    1. Guy Kaiser

      Merci Här Bertemes, loosse mir mol ofwaarden. Villäicht kënnt jo nach eppes no. Bescht Gréiss

  2. Marco SCHMIT

    Dem Frank sengem Kommaentar ass näischt bäizefügen. Richteg esou!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *