Ouni Grenzen?

0
216
image credits: pixabay

D’Wuert “Grenz” gëtt zanter Joer mat der Thematik Migratioun ëmmer méi strapazéiert. Besonnesch den Europäer ass mat der Unioun gewinnt,  geographesch ouni Grenzen ze liewen. Op d’mannst déi eeler Generatioun weess awer nach, wat dat ass: et fiert een mam Auto oder mam Zuch ëmmer méi lues, bal am Schleekentempo, bis ee bemol eng Barrière gesäit, niewendrun e Fuendel oder och e Wopen. Et kann ee sech driwwer freeën, datt besonnesch Europa gréisstendeels “grenzenlos” fonktionnéiert a sech awer d’Fro stellen, op eng Grenz zéien net och e bësselchen am Mënsch selwer läit, a sengem Denken, am Charakter?

S


chonn an der Schoul fänkt et unn!

Fréier souzen d’Kanner an der Schoul an enger Hëlzebänk. Reegelméisseg gouf mam Bick oder och mam Zierkel e Stréch duerch d’Mëtt gezunn. Dat war d’Grenz!Bi heihinner, a keen Eelebou weider! Oder, wa Prüfungen geschriwwe goufen: ech hu mäi Bléck op d’Blaat vu mengem Bänkkolleeg riskéiert, a jenodeem, wéi deen drop war, huet hien e grousst Buch an der Mëtt vun der Bänk opgeriicht, fir mir d’Knäipen onméiglch ze maachen. Eng weider Grenz tëscht mir an engem aneren, tëscht “Mäin” an “Däin”.

image credits: pixabay

D’Baueren haten ëmmer e besonnescht Aa op d’Gréisst vun hiere Felder; do goufe Péil an de Buedem geschloen, fir Grenzen ze markéieren; dat ass och haut esou, wa mir Terrain oder Haus kaafen, an eis wéinst de Kiischten am Gaart mam Noper an d’Woll geroden. Fréier goufe Beem geplanzt, wir eng Grenz ze markéieren oder och Stäng geluecht, haut këmmert sech de Kadaster drëm. Ass d’Grenz ieren eppes wéi eng “Duftmarke”, mat där de Mënsch säi Revéier markéiert?

Am Laf vun de Joerhonnerten koum den absolutisteschen Nationalstaat.

Dee Staat gouf opgebaut duerch en nationaalt Zesummegehéieregkeetsgefill a verdeedecht duerch eng Arméi. Grenzen goufen zu Lignen, bannent deenen Mënsche liewen op Grond vun enger gemeinsamer Iddi. Grad an Europa goung dat katastrophal aus: zwee märderesch Weltkricher, wou duerno allkéiers nei Grenze gezu goufen, dorënner déi bekanntsten: d’BERLINER MAUER, oder och de Rideau aus Eisen! Westdäitschland huet sech Sonndes fir Sonndes politesch doriwwer opgereegt, an trotzdeem, kräfteg vun der Mauer profitéiert: d’Bundesrepublik huet an där Mauer souzesoen eng eegen Legitimatioun fonnt gehat, fir senge Bierger ze erklären, datt ‘déi aner Säit’ vun der Mauer déi Béis géifen hocken wéi op de Beem.

 Zanter 30 Joer hunn d’Grenzen eng aner Bedeitung krut! 

imagew credits:pixabay

D’DDR ass verschwonnen, d’BRD gouf méi grouss. Dat wor d’Ausnahm. D’Sowjetunioun ass an hier Eenzeldeeler zerfall a gouf an “x”  kleng Staaten zerstéckelt, woubäi Rusland nach haut geographesch gewaltech grouss ass; dat nämmlecht wor mam Tito sengem Jogoslawien de Fall: d’Land huet sech futti geschoss, entstaane sinn nei Länner, déi et an den ale Schoulbicher nach net gouf. A Länner wéi d’Belsch, Italien riskéieren sech den Norden an de Süden ze trennen! A waat leeft zu Barcelona? De Gedanken “Europa vun de Länner” gouf also flécks ëmgedeeft an “Europa vun de Regiounen”. Mir schwätzen esouguer vu Krich am Sënn vu Krich vun de Kulturen, déi einfach net matenee kënnen, am Genre: ech hunn näischt géint d’Moslems, ma si passen net heihinner, well mir eng kathoulesch-protestantesch Vergaangenheet hunn! Schwätze mer net och vun enger Zweeter oder  Drëtter Welt, fir eis séilesch, kulturell, politesch an ekonomesch ofzegrenzen?

Et kann ee sech also d’Fro stellen: gehéieren Grenzen net zu engem Urbedürfnis vum Mënsch?! Virwat sos gouf fir d’éischt an Europa eng Wirtschaftsunioun geschafen? Et kéint een och provokativ d’Fro esou stellen:wat fir eng Idealer kéinten et sinn, datt d’Lappländer an d’Sizilianer un engem Strank zéien?

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here