Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Gréngt Gestreits ronderëm eng Vëlosbréck iwwer dem Neiduerf 

Gréngt Gestreits ronderëm eng Vëlosbréck iwwer dem Neiduerf

 

Zu Lützerath no bei Oochen waren de leschte Weekend dausenden Demonstranten am Asaz géint d’Brongkuel. Däitschland brauch déi Kuel fir ze hëtzen, an der Haaptsaach awer fir Stroum ze produzéieren. A mam russesche Krich an der Ukrain gouf et bekanntlech nach méi enk um däitschen Energiesecteur, esou enk, datt esou guer déi Gréng an der Regierung der Meenung sinn, et kéim een op d’mannst déi nächst Joer net laanscht déi knaschteg Energiequell.

Garzweiler I an II, do stécht vill grénge Pathos dohannert. Schonn an den 80-ger Joer haten déi Gréng géint déi brong Kuel demonstréiert a si sinn och elo nees am Asaz géint eng Decisioun, déi….si selwer geholl hunn. Eng kokass Situatioun! Iwwerhaapt ass et – ofgesinn vun der Gewalt bei den Demonstratiounen- een echt Bild. D’Protestler stinn virun engem rieege Lach an deem no der Kuel gebuddelt gëtt, an hannendrun dréien d’Wandmillen. Esou als Message: déi nei Technologie verdrängt déi Al.

tagesschau.de

An awer ass et fir déi Gréng eng batter Pëll. De Minister Habeck selwer gëtt et zou: “Wir verdrängen das Gas aus der Verstromung. Das finden alle toll. Aber der Krieg ist noch da und wir verdrängen das Gas durch Kohle. Das ist die bittere Pille”. Vill Klimaaktivist*innen – wéi zum Beispill d’Luisa Neubauer- si Member an der grénger Partei; wann si sech um Makadamm upechen oder am Bulli demonstréieren, da gëllt hir Roserei och hiren eegene Leit un der Spëtzt.

Si mussen deemno de Spagat fäerdeg bréngen, dem Diktat vun der Realpolitik ze follegen an zugläich Memberen a Wieler iwwerzeegen, datt dat just fir kuerz Zäit ass. Zu Lëtzebuerg hunn déi Gréng en änleche Problem, net wat d’Envergure betrëfft, just de Fong. D’Partei hätt zanter Joer gären eng Vëlosbréck vum Cents iwwer d’Neiduerf bis op de Weimeschhaff. An déi kréien si elo fir de Schnäppchen vu 17 Milliounen Euro, oder fir d’Oldtimer, fir net grad 700 Millioune Frang!

Ass dat net wechgeworfent Geld? Well ech selwer an deem Eck wunnen -awer net vum Projet betraff-, weess ech ganz genee, wéi vill Pedallisten bei mir laanscht fueren: et sinn der all Owes vun 18 bis 20 Auer tëscht 4 a 6 Stéck, dorënner een, dee säi klengt Kand an enger ugeschraufter Kutsch spadséiere féiert, ouni vir an hannen eng Liitchen brennen ze hunn!  Mä dat ass en anere Sujet. Um Cents sinn der grad esou wéineg ënnerwee, vum Weimeschhaff net ze schwätzen.

Meng kleng Statistik ass och net wichteg, schliisslech kritt een gekontert: et sinn esou wéineg Vëloen ënnerwee, well déi ablécklech Streck esou geféierlech ass. Mat der Bréck gëtt alles besser! Ech hu meng Problemer, dat ze gleewen, ma reagéieren ewéi de blo-schwaarzen Schäfferot um Knuedler: dajee alt! Da kritt Dir Är Bréck. A Gott mat Iech. Wann si awer spéiderhin net dacks benotzt sollt ginn, da stellt Dir Iech hannenun mat Ären neie Fuerderungen!

Elo kënnt allerdéngs eng richteg gutt argumentéiert Oppositioun géint dee Projet. An zwar vun Natur an Ëmwelt, also vun der gréisster Naturschutzorganisatioun zu Lëtzebuerg. Kloer, datt net all Member vun där Organisatioun ipso facto Member ass vun der  grénger Partei- et wäerten duerchaus och Schwaarz-Rout-Bloer drënner sinn-, an nawell woen ech ze behaapten, datt et sech haaptsächlech ëm eng gréng Wielerschaft handelt. An hir Sektioun vun der Stad Lëtzebuerg kënnt zur Konklusioun, datt déi geplangte Bréck problematesch ass, an zwar fir d’Natur esou gutt ewéi fir de Mënsch!

gkonline
gkonline
gkonline

 

hei de link fir dee Bréif:

doc00849420230111201639 copie

An deem Schreiwes sinn Argumenter géint déi Bréck, déi een duerchaus deele kann. De Schäfferot gëtt opgeruff, op dee Prestige-Projet ze verzichten, ma et ass virun allem eng an d’Akaul fir déi Gréng. Hiren “Nach-net-grad-Buergermeeschter” François Benoy huet domadder e Problem. Et ass wuel kaum mat enger Schlammschluecht ewéi zu Lützerath ze rechnen, ma a 5 Méint sinn Gemengewahlen an do kënnt et op all Stëmm un. D’Natur an Ëmwelt a.s.b.l. schreiwt houfereg op hirer Internetsäit: hat heute rund 11.000 Mitglieder, aufgeteilt in Mitgliedsorganisationen, sowie 40 Partnerverbände. Déi Memberen kommen natierlech net alleguerten aus der Haaptstad, ma déi héich Zuel weist dach, datt een d’Organisatioun sollt eescht huelen.
D’lescht Woch war de François Benoy mol um Neijoerschpatt vun der Natur&Ëmwelt. Ob hien elo bereet ass, am Schäfferot géint déi Vëlosbréck ze diedegen entzitt sech menger Kenntnis. Amusant ass allemol festzestellen, datt déi Gréng – zanter si eng biergerlech Partei sinn- ëmmer méi dacks an d’Realpolitik gedréckt ginn. Witzeg och, datt d’ADR als eenzeg Partei um Knuedler géint déi Bréck gestëmmt huet.

Related posts

2 Comments

  1. Michel Brebsom

    Wat d’Zuel vun de “Pedallisten” betrëfft, do kann ee just spékuléieren. Ech kéint mir awer virstellen, dass duerch déi Vëlosbréck vill Leit, déi um Cents wunnen an um Kierchbierg schaffen, de Velo huele wärten fir hieren Arbechtswee.

    Ech sinn e Weimeschhaffer Jong, sinn do grouss ginn wéi de Weimeschhaff nach praktesch en Duerf wor, vill Gréngflächen op deene mir gespillt hunn, wou d’Scouten oft Aktivitéiten haaten a wou jidfereen jidfereen kannt hued. Deemools hued kaum een de Weimeschhaff kannt, an ech hunn dann ëmmer gesot, “de Weimeschhaff wäert an Zukunft den Zentrum vun der Stad ginn”. Wéi prophétesch wor dat?! Virun dem Covid sinn ech fir eng Koppel Joren a mäin Elternhaus wunne gaang. Praktesch all Gréngfläch ass verbaut. An de sougenannte Kierchbierg, also alles wat lénks a riets vum Boulevard Kennedy verbaut ginn ass, ass Haut wéi den neien ökonomeschen Zentrum vun der Stad.

    Dat bréngt mech neess zréck zum Thema Pedallisten. Während där Koppel Joren, wou ech virum Covid um Weimeschhaff gewunnt hunn, hunn ech öfters de Velo geholl fir op d’Arbecht zu fueren. Dir kënt iech net virstellen, wat ech do ëmmer extrem vill Géigeverkéier hat vun Pedallisten déi Mueres aus dem Stadzentrum a Richtung Kierchbierg pedalléiert sinn, an Owes vice-versa. Speziell op der rouder Bréck koum ech praktesch nët géint déi Mass vun Veloën a Foussgänger un, déi mir entgéint koumen.

    Ech ka mir dowéinst virstellen, dass, soll déi Neiduerfer Velosbréck gebaut ginn, vill Centser Leit de Velo als Alternativ zum Auto an zum öffentlechen Transport huele wäerten, well sie mam Velo vill méi séier op hierer Arbecht um Kierchbierg wäerte sinn, an zusätzlech eppës fir hir Gesondheet an d’Emwelt wäerte maachen.

    Bon, op d’Emwelt-Problematik, déi de Bau vun dëser Velosbréck betrëfft, wäert ech elo net weider agoen. Doriwwer hued natur&emwelt sech an hierem Schreiwes jo genuch ausgedréckt.

  2. Phil

    Eng Orange raschteg Velosbrëck zu Esch geet largement duer… respektiv, bei deem déieren Präis wär komplett iwwerflësseg gewiescht!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *