Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Gesondheet

One flew over the cuckoo’s nest(2): Plaidoyer fir ee méi mënschlechen Ëmgang mat Patienten an eelere Leit 

One flew over the cuckoo’s nest(2): Plaidoyer fir ee méi mënschlechen Ëmgang mat Patienten an eelere Leit
Photo de Flickr: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/animal-faune-gros-plan-plumage-154508/

An der Medezin goufen et déi lescht Joerzéngten enorm Fortschrëtter. Nämmlecht Entwécklung an der Fleeg vun den eelere Leit, virun allem duerch d’Aféieren zu Lëtzebuerg vun der Fleegeversécherung am Joer 1999. Fortschrëtt bedeit awer automatesch fir de Mënsch: nei Situatiounen, nei Erausfuerderungen, nei Upassungen. An do hippt de Grand-Duché  hannendran. Reegelméisseg feelt et u Mënschlechkeet, munchmol och u konkrete Gesetzer. Am Dacksten an am Stäerkste kréien dat nawell gären eeler Patienten ze spieren, esou gutt an de Klinicken ewéi an den Alters- a Fleegeheemer. Gare la Box si nerven: da riskéieren si, “kal” -gestalt ze ginn, de Rescht Fräiheet déi hinne kierperlech a geeschteg nach bliwwen ass,  ewechgeholl ze kréien. Stéchwuert: fem.

Dat ass d’Ofkierzung am Däitschen fir “Freiheitentziehende Massnahmen”.Déi fänken un mat engem u sech harmlose Gitter laanscht d’Bett bis hin zum Gebrauch vun Neuroleptika fir besonnesch wibbeleg Patienten roueg ze stellen. Et ass um Dokter an um Fleegepersonal, de Pro an de Contra ofzeweien. Hoppela! Feelt do net een?! Ah jo! De Patient selwer, respektiv – wann hie geeschteg net méi präsent ass- e Member vun der Familljen, en Tuteur also. Ma grad mat där Kommunikatioun ënnertenaner klappt et an deene wéinegste Fäll.

E Fleegeheem ouni Sedativa ass sech nëmme schwéier virzestellen; eeler Persounen kënnen duerchaus

Photo de Kampus Production: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-amour-gens-personnes-7551684/

gehéiereg onroueg sinn, jo esou guer aggressiv, sou datt eng Medikatioun ka Sënn maachen. Vun engem Dokter deen net wëll genannt ginn, krut ech dat heiten geäntwert: et gi richteg Indikatiounen, wou Patienten an engem Delirium sinn a sech selwer a Gefor bréngen. Do kann a bestëmmte Fäll just en Neuroleptik hëllefen. Wann Dir zum Beispill en demente Patient hutt, deen déi ganz Nuecht duergerneen ass a jäitzt a ronderëm sech schléit, da kann een dëse Patient oft och net mat berouegendem Zouriéden calméieren. Oder, wann hie sech berouege léisst, da just fir kuerz Zäit. Da misst Dir eng Aide-soignante déi ganz Nuecht niewend  hie stellen (an déi kënnegt no 2 Nuechten). Hei wier en Neuroleptik am richtegen Dosage beim Schlofegoen schonn eng gutt Saach. Bei eelere Leit kënne Benzodiazepinen, also eng aner Klass vu berouegende Medikamenter och gären Deliren ausléisen, sou datt d’Fachgesellschaften oft Neuroleptika de Benzodiazepinen virzéien.

Déi europäesch Medikamentenautoritéit huet nämlech schonn am Joer 2009  grad bei den Demenzkranken ee méi héige Mortalitéitsrisk festgestallt an zanterhier dierften Haldol&Co net méi bei deene Patiente verschriwwe ginn!

Gebongt! Ganz ouni Neuroleptika komme weder d’Klinicken nach d’Heemer aus. Dat muss awer dann a voller Transparenz geschéien, an zwar an deenen zwou Richtungen an et ass do wou ech meng Zweiwel hunn. Gëtt et e Gesetz, dat d’fem -d’Freiheitentziehende Massnahmen- reegelt? Net nëmmen d’Neuroleptika, ma och d’Bettgitter oder esou Banalitéiten ewéi um Rullstull d’Bremsen amaachen an de Patient sech laang eleng iwwerloossen? Hei d’Äntwert vum Gesondheetsministère op meng Fro: Au Luxembourg, il n’existe pas de disposition légale spécifique et transversale sur les mesures de privations de liberté qui concerneraient à la fois les hôpitaux et les structures d’hébergement pour personnes âgées au sens où l’entend Monsieur Guy Kaiser.  

Photo de Vlada Karpovich: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-couple-amour-gens-5790716/

Et gëtt direkt an ausféierlech op e Gesetz vum 10. Dezember 2009 higewisen, wat déi forcéiert Hospitalisatioun ugeet vu Leit mat mentale Problemer. …prévoit qu’un patient peut faire l’objet d’un traitement involontaire en rapport avec son trouble mental que si son état présente un risque de dommage grave pour sa santé ou pour autrui. Dat nämmlecht Gesetz géing och de Kader setzen fir de Patient an den Isolement ze bréngen est venue encadrer la mise en place de mesure d’isolement ou de contention dont peut faire l’objet un patient dans le but de prévenir tout dommage imminent pour lui-même ou pour autrui…. esou Moossnamen missten awer ënner medezinnescher Kontroll duerchgefouert ginn an op e strikte Minimum reduzéiert bleiwen...Par exception et pour faire face à une situation d’urgence, la contention momentanée pourra être faite sur un patient sans contrôle médical mais il faudra que le personnel procédant à la contention momentanée en informe immédiatement le médecin de service s’il est absent au moment de la contention intervenue. 

A wie kontrolléiert d’Neuroleptika? Lescht Instanz ass den Dokter.

 Petitioun fir e strikte Verbuet vu Sedéierung

Do hat jo net am Joer 2021 eng Madamm Seyler – op déi mir an engem aneren Artikel ausféierlech zeréckkommen- eng Petitioun lancéiert fir de komplette Verbuet vu Sedéierung an zugläich fir ee mi mënschlechen Ëmgang mat de Patienten, besonnesch mat deene méi Schwaachen. Bei där Geleeënheet huet déi deemoleg Gesondheetsministesch Paulette Lenert sech géint  ee Verbuet vun Neuroleptika ausgeschwat: l’interdiction (…) dans les maisons de soins aurait pour conséquence de dégrader la prise en charge de ces patients obligeant alors au transfert en milieu hospitalier ou à la réalisation de contentions physiques. Le respect stricte de la prescription médicale est rappelé. Den Dokter ass a bleift déi iewescht Autoritéit; wann also mol eng Kéier eppes sollt schif lafen, ass automatesch och seng Responsabilitéit engagéiert. S’il existe des dérives avérées en maisons de soins, elles doivent être signalées, après discussion avec l’équipe soignante et le médecin prescripteur.

Esou Zeile liesen sech gutt, si villäicht gutt gemengt ma bréngen net onbedéngt eppes. Et weess ee mol net, op wat fir ee Gesetz sech déi fréier Ministesch do baséiert huet! Dat Brutaalt an där ganzer Thematik ass, datt dee betraffene Patient jo wuel kaum selwer säin Accord gëtt, roueg gestallt ze ginn. Déi Decisioun hëlt eng aner Persoun fir hien! Schlëmm genuch. Dofir muss d’Gro-Zon fir eventuelle Mëssbrauch esou kleng ewéi méiglech gehale ginn.

Ech vermësse ganz staark déi méi human Approche an eiser Gesondheetspolitik. Bei enger eelerer Persoun d’Bremsen um

Photo de MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/enfant-enfance-bonheur-moment-special-7491218/

Rullstull amaachen  a si Stonne laang do stoe loossen, ass erniddregend. Stellt Iech vir, d’Infirmière géing e Puppelchen an de Ställche leeën an hien do fir Stonnen sech selwer iwwerloossen, da wier wuel d’Welt ze kleng! D’Kanner hunn eben e speziellt Schutz-Gesetz, iwwerdeems déi Al a Krank musse kucken, selwer eens ze ginn.

An der Geriatrie ass wuel kaum laanscht “Pampers” ze kommen, nawell ass et  onmënschlech, eeler Leit Stonne laang doranner leien oder sëtzen ze loossen. Och an de Klinicken ginn déi Plastik’s-Béxelcher gäre benotzt, natierlech aus hygienesche Grënn, ma och aus Commoditéit an aus organisatoreschen Ursaachen.

Ech si mir duerchaus bewosst, datt d’Fleegepersonal e schwéiere Beruff huet an datt d’Clientèle och net ëmmer einfach ass https://bit.ly/4aGvqo2. Eng Ursaach méi fir gesetzlech ze intervenéieren zu Gonschten vun alle concernéierte Säiten. Esou laang dat net de Fall ass, gehéiert d’Maxime de Patient steet am Mëttelpunkt just an d’Kategorie vun den eidele Phrasen. Wann eng Fra fir e medezineschen Test Bigoudien op de Kapp gesat kritt, dee Pech net ewechgewäsch gëtt an d’Fra no enger Woch Openthalt an der Klinik sech beim Coiffeur eng hallef Glatz muss schneide loossem, dann ass dat eng mënschlech Sauerei. Wann eng Patientin d’Infirmière Moies drop opmierksam mécht, datt si op eng bestëmmten Zort vu Medikament mat enger hefteger Allergie reagéiert a wann si Owes an der Pëllekëscht grad dat Medikament dra leien huet, dann ass dat eng Sauerei plus eng faute grave. Wéi grouss muss de Mëssbrauch vu Medikamenter eréischt sinn bei eelere Leit déi net méi alles matkréien, déi schonn zum Deel an enger anerer Welt liewen!

Iergendwellech Konsequenzen? Null. Nix. Eis ass den triple A méi wichteg ewéi dat Humaant. Schliisslech hate mir Joerzéngte laang an eiser Verfasung esou ee wichtege Saz ewéi la dignité humaine est inviolable vergiess gehat. Ups! Dat hu mir am Joer 2023 séier nogeholl (Artikel 12 an 13), nodeems déi nämmlecht Madamm Seyler en héichkarätege Politiker, dee mat un der neier Verfassung geschafft huet, op dee “Lapsus” opmierksam gemaach hat. La dignité humaine est inviolable. (1) Toute personne a droit à son intégrité physique et mentale. (2) Nul ne peut être soumis à la torture ni à des peines ou traitements inhumains et dégradants. Elo stinn déi Sätz do ze stoen a riskéieren ze vergammelen; dobäi missten si a gëllene Buschtawen iwwer all Entrée vun de Klinicke stoen. 18 Karat!

An engem nächsten Artikel kommen ech ausféierlech op déi Thematik zeréck mat engem konkrete Beispill wou villes komplett falsch gelaf ass.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *