Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Soziales

Eng an d’Gladder fir den OGBL an d’presse amie 

Eng an d’Gladder fir den OGBL an d’presse amie
gkonline

Wéi wäit déi klassesch Medie munchmol vun der Realitéit ewech sinn, gouf där Deeg mat der Delegatiounswal bei HUT, also bei der neier Caritas ënnermauert. Den OGBL verléiert seng Majoritéit! Gewonnen huet en absolutten Outsider, d’ALEBA, eng Gewerkschaft déi et bis dato just am Bankesecteur gouf. Déi Gewerkschaft krut 4 Sëtz an der Delegatioun, den OGBL der 3. D’Héchststrof fir de Bond, deen ëmmerhin décken Tamtam gemaach hat, wéi d’CARITAS am finanzielle Fiasko ënnergoung a wéi déi nei Gesellschaft aus dem Hutt gezaubert gouf.

Et war den OGBL, dee géint déi nei Struktur gewiedert hat, mam Opruff un iwwer 300 Mataarbechter, de Kontrakt mat där neier Gesellschaft net ze ënnerschreiwen. Des Gewerkschaft huet och op eng Manif virun d’Chambersgebai opgeruff a gouf  net midd, virun HUT ze warnen. D’Argumentatioun war dubiéis, ma d’Press huet d’Spillche matgemaach, nom Motto: wéi schéin ass et, an e Stéck Kéis ze bäissen an dobäi dat Schlecht op dëser Welt ze zerräissen!

De Verdacht loung no, datt d’Gewerkschaft sech éischter pro domo agesat huet ewéi fir d’Mataarbechter. Beweise kann een dat net, ma d’ALEBA schléit an dat nämmlecht Holz op hirer Internetsäit: les employés de HUT ont fait le choix d’un syndicalisme de terrain, réactif et constructif, où l’écoute et l’efficacité priment sur les postures idéologiquesDen onofhängege Gewerkschaftsbond ass gefall vun 100 Prozent op elo 33. De Beweis, datt d’Stëmmung ënner dem Caritas-HUT-Personal eng ganz aner war an ass wéi déi, déi an de leschte Méint vu verschiddene Medien kolportéiert gouf. De Beweis, datt (och) d’Medie responsabel sinn fir ëmmer méi Parallel-Gesellschaften.

D’Äerdkugel ass ronn. Et ass u jidder Eenzelem, ze decidéieren, op et grad de biergop oder de biergof geet.

An de leschte Méint hat ech an zwee aner Artikelen op déi besonnesch Situatioun vum OGBL higewisen, awer och op déi vum fréiere Caritas-Verwaltungsrot

https://bit.ly/43HVXjg

https://bit.ly/43IIS9m

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *