Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen
Bild von Łukasz Dyłka auf Pixabay

D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt, raus aus ville léiwe Gewunnechten. Et ass een net méi Zuchpäerd, ma den Hond deen hannendru leeft. Et sëtzt een net méi un der Quell vun Informatiounen. Et ass een net méi “Schöpfer” vu politeschen Texter, mä am beschte Fall Kritiker. A wann dann nach de Lider maximo sech zeréckzitt – wéi et de Fall war bei der CSV mam Juncker- , da lafen déi Dammen an Hären Deputéiert mol eng ganz Zäit laang wéi Seejomessen an hirem Nascht, an dat probéiert gëtt, anzebriechen: ouni Orientéierung, ouni kloert Zil!

D’Taina Bofferding zum Beispill ass nei Cheffe d’équipe vun der Genossenschaft um Krautmart an huet et (nach) net fäerdeg bruecht, d’Komeroden op de “garde-à-vous” anzetrainéieren, Disziplin an den eegene Reien hiergestallt ze kréien a virun allem eng politesch ligne éditoriale opzestellen: wat ass wichteg, wou leien d’Prioritéiten vun der LSAP, wien ass fir wat zoustänneg asw? An esou huet et de Sozialisten an de Chrom gepasst wéi de frësch gebakenen Inneminister mam Heescheverbuet koum; et war déi Geleeënheet fir sozialistesch Mënschlechkeet  an d’Vitrinne ze placéieren an de Léon Gloden als Äiskinnek ofzestempelen.

Déi Rechnung goung e puer Woche laang op, ma riskéiert elo ewéi e Bumerang zeréckgeflunn ze kommen. Ënnert den LSAP-Zaldoten gëtt et nämlech Ramouers, eng Partie vun hinne sinn der Meenung, datt een et bont genuch gedriwwen hätt an datt een elo domadder sollt ophalen. Si mengen ze wëssen, am Heescheverbuet net onbedéngt d’Majoritéit vum Vollek hannert sech ze hunn. Déi envisagéiert Enquêtëkommissioun géint den Inneminister soll allemol fale gelooss ginn, ënnert den Dësch, ënnert den Teppech….et la vie continue. Chianti drénken an ofwaarden.

Aner Parteien oder politesch Gruppéierunge sinn och am gaangen, hier 40 Deeg duerch d’Wüst ze goen. Bei Fokus gëtt et Sträit an Onzefriddenheet, Memberen verloossen de Mouvement ronderëm de Frank Engel. Et ass net auszeschléissen, datt d’Formatioun no den Europawahlen implodéiert. D’Piraten huet et grad esou schwéier erwëscht, eng Zort politesche Skorbut, Membere verloossen d’Black Pearl. Net där

Wikipedia
Jerry Weyer 2011

mannster wéi zum Beispill de Jerry Weyer dee viru 15 Joer  ëmmerhin Grënnungsmember war vun der Partei; oder e Gabriel Bleser, e Michel Karp an anerer méi.

Grad an der Lescht ass d’Onzefriddenheet gewuess, och wat de Positionnement vun der Partei am Heescheverbuet ubelaangt. Virun allem awer klappt d’Zesummenaarbecht net tëscht dem Sven Clement an dem Marc Goergen, deen eleng wëll Här a Meeschter u Bord sinn. Un engem Seel zéien, dat klappt den Ament net esou richteg. Och déi Situatioun ass normal, well si huet eppes ze di mat Enttäuschung nom Wahlresultat,  bei Verschiddene mat déiwem Frust.

D’Piraten sinn effektiv wäit ewech vun de 6 Sëtz déi senger Zäit den Tommy Klein als deemolege Chef bei der TNS-ILRES prophezeit hat. Et bleift ofzewaarden, wéi déi Partie tëscht Clement a Goergen ausgeet: entweder si fannen nees zesummen oder gi getrennte Weeër, an da schléissen ech net aus, datt de Sven Clement sech eng nei politesch Heemecht sicht, d’DP oder d’CSV.

Bei deene Gréngen schéngt sech d’Situatioun berouegt ze hunn. Op alle Fall bréngen Tanson, Bausch a Co et fäerdeg, dat Bild vun der Partei esou no baussen ze vermëttelen. Si setze voll op en neien Ulaf an den Europawahlen. Och déi Strategie kéint an d’Box goen: et ass alles aneschters ewéi sécher, datt déi Gréng hire Sëtz am Europaparlament behalen. Ruhe vor dem Sturm?

Et dauert wuel nach e bësselche bis datt d’Oppositioun hire Wee fonnt huet.

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Eemol méi ee Commentaire, deen alles iwwer den IST-Zoustand (an dësem Fall vun der Oppositioun) ausseet. Blass Politfiguren, déi elo opgrond vun hirer net verdauter Nieweroll , déi si onerwaart (opgrond vum Grénge Fiasko) an der Oppositioun musse spillen, verbal wéi wëll rondrëm sech schloen, an awer net eescht geholl kënne ginn, respektiv hirem Blender-Ego als Alphatierchen intern total kontraproduktiv Ausernanersetzungen ausdroen, déi an enger weiderer Spaltung oder Opléisung ende kënnen – an d’Regierung kann deem Trauerspillchen ganz entspaant an amuséiert nokucken. Déi Gréng maachen sech Hoffnungen fir d’Europawalen – mä mat wat fir engem Argument sollen dann elo déi Leit, déi si an de Parlamentswalen enttäuscht net (méi) gewielt hunn, si dann elo rëmwielen? Si riskéieren effektiv hire Sëtz ze verléieren. De Rechtsruck, wou d’EVP absolut mat deene Rechtsradikalen ëmmer méi evident sympathiséiert-wat immens penibel an aaremséileg ass – wäert och hei am Ländchen erkennbar ginn – d’Madame VDL ka jo voll op deen “Neie Luc” bauen – Wéi huet schonn den Herbert Grönemeyer gesongen: Mit den Reichen können wir prächtig, die Armen wollen nur ihr Geld. An : Wir schämen uns nie! Fir d’Muecht gëllt do absolut keen Tabu : CSV an ADR op EU-Niveau “vereint”…Wat soll een do nach weider soen?

  2. Jean

    Fir Fokus ass de kraizwee wahrscheinlech am juni eriwwer an dei partei verschwennt no engem weideren total flop..
    Ob de frank Engel da versicht bei enger anerer partei ennerzekommen…he war jo schon bei greng a schwarz …oder ob e sech beruflech anecht orienteiert an d politik un de nol haengt.
    Och net weltbewegend grad wei dei 6 maennercher oder weibercher dei Letzebuerg solle vertrieden an an der grousser mass vum EU parlement keng wichteg roll spillen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *