Recent Posts

Post Categories

Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...

Blog Post

Enseignement

A franséische Schoule solle lauter Engelcher produzéiert ginn! 

A franséische Schoule solle lauter Engelcher produzéiert ginn!
Bild von Jason Goh auf Pixabay

Déi Eeler vun eis erënneren sech: virun 20 Joer war et a méi grousse Betriber ganz hype, d’Personal besser op de Stress op der Aarbecht ze formatéieren. Coachen goufen zu Hëllef geruff déi fir deiert Geld Gruppendynamik erbäigezaubert hunn. D’Mataarbechter hu sech am Krees mussen op de Buedem leeën an en déiwen AOUM  vu sech ginn; nëmmen esou konnt een zu positiver Energie komme fir mat neier Kraaft de berufflechen Erausfuerderungen entgéint ze reiden. Déi Moud mellt sech elo zeréck: a Frankräich ginn an de Schoulen Coursen obligatoresch, an deenen d’Jugend Empathie bäibruecht kritt. E pedagogeschen Desaster!

Et ass eng weider Kapitulatioun vun den Elteren. Wat si net fäerdeg bréngen, soll d’Schoul fir si riicht béien. Hausaufgaben? Mir hu keng Zäit! Maacht dat wannechgelift an der Schoulzäit! Empathie? D’Eltere wëssen dacks mol net, wéi d’Wuert geschriwwe gëtt. Wann a franséische Schoulen d’Welt an der Rei wier, wann also d’Kanner keng gréisser Problemer hätte beim Liesen a Schreiwen, keng Problemer an der Mathematik, wann net esou vill Schüler an den Examen déiten duerchtrëllen, da kéint ech et nach acceptéieren: Coaching souzesoen als klenge Leckerli. D’Realitéit ass aneschters, ëmmer méi Fransousen kënnen net liesen a schreiwen, sinn Analphabeten!

Et ass och eng Kapitulatioun vun der Schoul, well déi Empathie-Coursen jo net vun den Enseignant selwer gehale ginn. De Coaching ass awer néierewou akademesch unerkannt an d’Vergaangenheet huet gewisen, datt do vill Amateuren drënner sinn. Hinnen iwwerléisst de franséische Staat d’Recht, d’Kanner moralesch ze trimmen, hinne bäizebréngen, wat moralesch richteg a falsch ass? A bee jo!.

Bild von Stefan Keller auf Pixabay

D’Philosophin Julia de Funés weist am l’EXPRESS zu Recht drop hin: “L’empathie, comme tout sentiment, est une qualité d’âme, certainement pas une juxtaposition d’états rationalisés ni le résultat d’une recette comportementale!” Et goufen nach ëmmer Mënschen déi d’Empathie méi am Blutt hunn ewéi anerer. Fir wat also dëse pedagogesche Quatsch?

D’Basis vun der politescher Decisioun ass den Harcèlement an de Schoulen. Och dee gouf et nach ëmmer, huet allerdéngs – besonnesch duerch d’sozial Medien- haut eng aner Envergure krut. An dat Harceléieren an de Klassen  géif duerch dëse Coaching verschwannen? Wuel kaum. Et entsteet éischter eng nei Schluecht tëscht dem Gut- an dem Bösmensch.

De Coach ass logescherweis de Gudden. Et ass hien, deen de Bouwen a Meedercher Spuere vu mënschlechem Matgefill anhaucht. Kee wot et, dem Coach ze widderspriechen, hien iwwerhaapt a Fro ze stellen; hie gëtt fir d’Kanner – déi sech tëscht Himmel an Hell beweegen- zu engem neien Apostel. Wien wonnert et? Schliisslech huet no den Elteren och d’Schoulwiesen nees eng Kéier demissionéiert….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *