Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Wéi eise Staat vill Suen am Bësch verpolvert 

Jeannot Weber: Wéi eise Staat vill Suen am Bësch verpolvert
Bild von Franz P. Sauerteig auf Pixabay

De Finanzminister well sech Ausgabe vum Staat méi genee ukucken. Beim Office National du Remembrement sengen Aarbechten an de Bëscher, do lount sech dëse Bléck sécher. Den O.N.R.ass e Service vum Landwirtschaftsministère a funktionéiert no engem Gesetz vum Remembrement vun 1964. Den O.N.R. huet d’Aufgab, eng besser wirtschaftlech Notzung vun de Parzellen an der Landwirtschaft ze erméiglechen, an dofir zerspläitert oder verstreet Terrainen zesummenzeleeën. Dësen O.N.R schéngt an de leschte Joren déi eigentlech Aarbechten mat den Wisen, Stécker oder Wäibierger ausgaang ze sinn an huet lo eng nei Beschäftegung an de Bëscher fonnt .Eleng iwwer 250 Kilometer Bëschweeër sinn vun 2014 – 2018 zu Lëtzebuerg am Kader vun engem Remembrement ausgebaut ginn. Wéi bei Tarchamps eng Rei privat Bëschbesëtzer e Remembrement net gutt fonnt hunn, ass an engem grousse Bëschareal an de Gemengen Biekerech, Sëll, an Habscht wou de Staat wei Gemengen déi gréissten Proprietären sinn, Ersatz fonnt ginn. Scho gelungen: e Projet geplangt an Bëscher mat Nole- Beem, mat ville Privatbesëtzer, wiesselt an een Natur noen Biche Bësch mat der ëffentlecher Hand als Haaptproprietäre. D’Zil vun dësem Weeausbau war, de Bësch besser wirtschaftlech ze notzen. Nei Weeër sollten esou ugeluecht oder ausgebaut ginn, dat Camione direkt an de Bësch kéinte fueren, fir d‘Holz do obzelueden. Dofir sinn déi Weeër och mat engem festen Ënnergrond aus Schlaken an enger Folie ausgebaut ginn.

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Dat huet fir de Bësch bei der Kräizerbuch iwwer 80 Km esou nei Bëschweeër bedeit. Riicht Bësch – Autobunnen mat bis zu 10 Meter breeden Schneisen duerch e Natur beloossen Bësch, dovunner vill  komplett neie Weeër, wou et virdru mol keen Huesepad gouf. Et sinn Weeër déi mat Steiersuen gebaut si ginn, fir Holz méi einfach a bëlleg, bedeit wirtschaftlech aus dem Bësch ze huelen. Elo muss een awer wëssen, datt an engem Nole- Bësch d’Bewirtschaftung eng ganz aner ass wéi an engem Natur noen Biche -Bësch. Nolebeem gi geplanzt a wuessen bis zu engem gewëssen Alter (Fiichten 80 bis 100 Joer), a wann de Borkenkäfer se net zum Ofstierwen bréngt, dann kënnen se dann , wéi et heescht,  erageholl ginn. Do geet dann all Bam beienaner gehaen, mat ganz speziell Maschinnen, déi Beem ëmseeën an oft op Mooss a Stécker schneiden an op e Camion lueden. D’Virgoensweis an engem Naturnoen Biche -Bësch ass eng komplett aner. An engem Naturnoe Bësch bestëmmt d’Natur villes, wat do wiisst, dofir sinn hei verschidden Aarte vu Beem. Jee no Buedem Formatioun, oft Bichen mee och Eechen ann anerer, an do stinn an all Parzell Beem aus villen diversen Altersttrukturen, an nëmmen déi Beem déi e gewëssen Alter hunn ( Bichen mindestens 150 Joer) oder zevill eng grouss Konkurrenz fir anerer sinn, gi per Motorseeë ëmgeluecht. Bei den Naturnoen Laf -Bëscher gëtt et also méi eng selektiv Virgoensweis. Hei gi vu Beem wa se gehaen sinn, de Stamm vun Äscht a Krounen fräi geschnitten, an dëse Stamm gëtt dann aus dem Bësch eraus geschleeft ,meeschtens op eng Platz direkt bei enger Strooss wou se da kënnen oftransportéiert ginn.

Jeannot Weber

Déi Beem, ginn dann oft an esou Container gelueden, an dann nawell gären iwwer 8000 Km wäit a China gefouert, well mer zu Lëtzebuerg mol keng Seeërei méi hunn déi esou Beem verschaffen. Mer bauen aus wirtschaftleche Grënn extrem robust Weeër, esou Weeër ginn awer net esou gebraucht.

Och 2020 si weider Weeër vum O.N.R gebaut ginn dëst an de Gemengen Sëll, wéi Helperknapp, bis et 2021 e Moratoire fir nei Bësch- Weeër vum Ëmweltminister ginn ass. Ob dëse Moratoire elo nach gëlt, weess ech net, wat ech awer gesinn, datt et weider geet mat dem Verpolveren vun de Suen. 2022 hunn ech an der Gemeng Biekerech gesinn datt un enger Réi vun de selwechten Weeër (déi tëschent 2016 an 2018 ausgebaut oder nei gebaut si ginn) ouni ersiichtlechen Grond erëm massiv geschafft ginn ass.

Jeannot Weber

Grouss Forstarbechten a vill Reen am Februar 2018 hunn dëse Wee bei der Huewelerbaach gutt iwwerstanen. Trotz nach ëmmer engem excellenten Zoustand vum Wee, ass 2021 déi iewescht Schicht plus Schlaken hei,

Jeannot Weber

wéi ob villen aneren Platzen an der Gemeng Biekerech erneiert ginn.

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Ob Nofro bei der Gemeng  ass mer matgedeelt ginn datt dëst Aarbechten vum O.N.R. sinn.

Zënter 2023 bis elo gëtt och an der Gemeng Sëll erëm Kilometer wäit u Weeër geschafft, och hei déi selwecht Weeër déi eréischt 2018 nei gemaach goufen. Op Nofro beim Office National du Remembrement ass mer confirméiert ginn, dat si fir déi Aarbechten responsabel sinn. pb meng Fro firwat déi Aarbechten néideg wieren, ass mer verséchert ginn et dierf sech hei nëmmen em kleng Entretiensaarbechten handelen, déi néideg wieren fir d’Wee Netz an engem gudden Zoustand ze halen. Weider heescht et vum O.N.R. dat dees Aarbechten sech als néideg erwisen hätten, well sech eraus gestallt hätt, datt Waasser op verschidden Platzen Problemer gemaach hätt. Den O.N. R. huet déi Weeër fir Camionen geplangt a gebaut, an dofir musse se ëmmer erëm an e guddeen Zoustand gesat ginn, ass mer gesot ginn.

Februar 2018 bei Iener (Waasserbach)

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Doriwwer kann ech nëmmen staunen, ech passéieren déi Weeër reegelméisseg an ech war frou, datt sech no den Aarbechten vun 2018, Natur a Form vun e bësselche Grass an der Mëtt vum Wee erëm ugefaangen huet sech ze weisen. Des Weeër hu néierens och nëmme déi klengsten Spuer vun Schied gewisen, och no enger grousser Reeperiod, konnt e si quasi mat Sonndesschong benotzen, wat sech och op där enger oder anerer Foto weist.

Februar 2024 bei Iener (Waasserbach)

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

2019 an 2020 um Auto – Pédestre vu Sëll

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

Mäerz 2024 um Auto- Pédestre vu Sëll

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Webe

2019-2020 bei Iener (Boukels)

 

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

Februar 2024 bei Iener (Boukels)

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

 

Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller vun villen aneren déi weisen -oder grad net weisen- firwat un dëse Weeër nach emol esou grouss Aarbechten gemaach hu misse ginn. Déi Aarbechten sinn nach ëmmer net ofgeschloss, an och lo am Mäerz 2024 stinn nach ob ville Platzen esou Maschinnen an de Bëscher vun der Gemeng Sëll.

 

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Ech hunn bis elo hei an de Bëscher just déi Camionen begéint déi d’ Weeër ausbauen oder lo en sougenannten Entretien maachen. Datt eben Camioen hei passéieren kënnen, an een dës Weeër net aus der Sicht vun engem Spadséiergänger muss kucken, dorops betounen déi Verantwortlech vum O.N.R .-Dës Weeër sinn aus der Sicht vun enger Infrastruktur fir Camioen geduecht a geplangt ginn, an dofir bräicht et eben dësen Entretie, deen -wann si fäerdeg sinn – ,da vun de jeeweilegen Gemengen iwwerholl ginn. Wéi vill Camionen des Weeër bis elo genotzt hunn oder sollen notzen konnt mer net matgedeelt ginn. Genotzt ginn déi Weeër wuel virun allem vu ville Spadséiergänger.. Eleng eng 6 Autopedesteren, also National Wander Weeër sinn vun dësen Bësch-Autobunnen zantert 2016 an hirem ursprénglechen Charakter Kilomter wäit uerg betraff ginn. Aus eemolegen oft schmuelen Huesepied si breet Bësch- Autobunnen ginn.

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Dernieft sivill Bëton- Drainagen queesch an d’ Weeër geluecht ginn fir dat kee Waasser soll um Wee bleiwen. Déi Bëton- Drainagen leien oft ob 50 Meter hannereneen,

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

 

an dat ob iwwer 80 Km an engem Bësch um Lëtzebuerger Sandsteen, wou et ausser mol kleng punktuelle Problemer bei extremen Reen ansonsten keng Problemer mat iwwerflächlechem Waasser gëtt. Vill vun deenen verbauten Drainagen weisen séier, datt se eigentlech net esou einfach funktionéiere an net gebraucht ginn

   

Jeannot Weber
Jeannot Weber
Jeannot Weber

Iwwer déi Bëton Drainagen kéinten Camione ouni Weideres fueren.

Fir Leit déi net esou gutt ze Fouss sinn, a fir allem fir Kanner sinn déi Bëton-Drainagen queesch an de Weeër séier eng Gefor fir ze falen.

  

Jeannot Weber
Jeannot Weber

Genee esou fir net motoriséiert Gefierer wei Kannerkutschen, Vëlo an aneres.

Et gëtt héich Zäit déi Aktivitéiten vum O.N.R. an de Bëscher méi genee ze kucken . Et ass dach en Onsënn, datt bei alle Problemer déi de Bësch souwisou schonns huet, – a mer wësse wei wichteg de Bësch bei der Klima Krise ass-, datt mir haut nach ëmmer reng dubiéis wirtschaftlech Argumenter huelen, fir déi duerch Technokraten duerchféieren ze loossen.

All Joer ginn nach ëmmer Milliounen Euro an de Bëscher zu Lëtzebuerg sënnlos verpolvert, fir Weeër ze bauen déi kee Mënsch wierklech brauch. Eis Gesellschaft brauch awer Bëscher als e wichtegen Öko-System, an dofir sollten déi Suen déi hei verbëtzt ginn, besser agesat ginn, fir datt eis Bëscher eng Zukunft behalen.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *