Recent Posts

Post Categories

Néckel Ritz: Bratwürste und Panzerfäuste 
Sehe ich mir die Titelseite und die Bildstrecke des Artikels auf Seite 4 und 5 des Tageblatt von Montag den...
FRANK BERTEMES: Des Friedens Kern 
Am 28. Juni strömten sie – ob vierzehn- oder fünfundzwanzigtausend, wer zählt das schon bei Volksbewegungen? – Richtung Knuedler. Und...
Von Cannes bis zum Gerichtssaal: die Wahrheit hinter Luxemburgs Filmglamour  
Während Millionen Steuergelder via Filmfund in die Taschen einer kleinen Zahl von sogenannten Filmproduzenten fließen und das Parlament jetzt  vor...
Frank Bertemes: Unterwerfung? 
Trumps Wille geschehe    – das beim NATO-Gipfel. Man kommt allerdings nicht umhin, sich ob der klaren Vorgaben dieses Machtmenschen,...

Blog Post

Featured

Och an Däitschland ass d’gauche Schold, net (eleng) déi Riets! 

Och an Däitschland ass d’gauche Schold, net (eleng) déi Riets!
Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/section-basse-de-l-homme-contre-le-ciel-247851/

Déi gesellschaftlech a politesch Situatioun ass a villen europäesche Länner déi nämmlecht, besonnesch bei eisen direkten Noper, just mam Ënnerscheed, datt Frankräich zejoert huet musse wielen an datt Däitschland elo un der Rei ass. Hei ewéi do dréckt d’Gauche schonn zanter Joer de Bierger mam Réck widder d’Mauer. Déi Gauche déi sech gären avant-gardistesch nennt, versaut esou gutt mat Verboter wéi och mat Geboter. Si huet de Privileeg, zu deene Gudden ze gehéieren an deenen anere stänneg Moral-Lektiounen virzejéimeren.

Den Denis de Béchillon, e franséische Verfassungsjurist formuléiert et am l’Express esou: elle nous juge du soir au matin: pour n’être pas assez attentifs au climat, à la biodiversité, aux troubles identitaires, à la “souffrance” (indistincte) des uns et des autres(…) Kuerz, et handelt sech ëm eng ganz Arméi vun Inquisiteuren, vun Houseker. An d’nämmlecht wéi an Amerika sinn d’Europäer dees déck sat. D’Italieener hunn de Fuendel vun der Flemm erausgehaangen, d’Hollänner, d’Fransouse souwisou an elo zéien déi Däitsch no.

Nous avons le droit de nous interroger sur les effets indésirables de cette posture générale qu’adopte la gauche depuis belle lurette, pour nous apprendre à vivre comme elle l’entend.(…) nous avons même le devoir de nous demander s’il ne serait pas plus protecteur et plus responsable, du strict point de vue de l’intérêt supérieur du pays, de foutre la paix aux gens et de renoncer à exercer sur eux cette espèce de guidance morale perpétuelle qu’ils demandent de moins en moins.

Photo de Alana Sousa: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photo-de-femme-debout-pres-des-arbres-3284344/

Et geet ëm net méi an ëm net manner ewéi d’Fräiheet vum Geescht, ëm d’Fräiheet esou ze denken an ze liewen wéi een et fir adequat fënnt. An d’Gôôche hëlt eis mat op hir Rees, hält eis bei der Händchen fir datt mir déi Fräiheet och richteg (be)notzen. Dem Olaf Scholz säin you’ll never walk alone ass du

erchaus och esou ze verstoen; net nëmmen am soziale Beräich wou de Staat deene Schwaache finanziell bäisteet, ma och am ideologesche Spektrum. Bei all gudder Geleeënheet sech  selwer als Propper-Meeschter duerzestellen, all déi aner als Nazi- a Faschisteschwäin ofzestempelen. An déi Gréng retten eis Dag fir Dag, Stonn fir Stonn virun Hell a Feegfeier: eng Suada no där anerer fir de Bierger op déi richteg Schinn ze bréngen….

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Dir stitt op der Gare um Quai virun engem Zuch mat puer Waggonen.
    Um viischten Waggon steet SPD geschriwwen. Um mëttleren, wou Dir stitt, ass CDU ze liesen. Um Hënneschten Won steet AfD. Den Zuch rangéiert puer Meter no lënks, Richtung Éisleck. Dir bleiwt awer do stoen wou Dir déi ganzen Zäit (!) gestan hut, mee virun Iech steet dann de Waggon vun der AfD.
    Dat heescht, et ass net Dir deen no riets gangen ass, mä den Zuch mat den Altparteien ass no enger “wir schaffen das” Beweegung no lënks gedrift.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *