Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Null Toleranz ass ëmmer en Zeechen vun Dommheet! 

Null Toleranz ass ëmmer en Zeechen vun Dommheet!
image credits: pixabay

Et war den deemoolegen DP-Transportminister Henri Grethen, deen als éischten mat der Visioun “tolérance zéro” koum. Verwonnerlech, well ausgerechent vun engem liberale Politiker, ma an enger éischter Zäit eng berechtecht Decisioun, fir ze ënnersträichen, datt et mat de Vitesselimitatiounen an och mam Alkoholkonsum- eescht gemengt wor. Stëmmt dat och nach haut, iwwer 15 Joer duerno? Hand op d’Haerz: déi allerallerallermeescht vun eis si scho mol mat 52 kmh duerch eng Uertschaft gefuer a koumen sech dobei net als gréisseren Delinquent vir.

Stellt Ierch vir, mir wären och an anere Beräicher däermoossen op “Null-Toleranz” houfereg, zum Beispill an der Edukatioun! De Minister Meisch kéint séier d’Valisse paaken. Mä neen, mir siche jo de perfekte Mënsch. also hale mir eis un dat, wat d’Weltgesondheetsorganisatioun kierzlech festgeluecht huet:wee méi ewéi 2 Béier d’Woch drénkt, huet e Probleem! Natiirlech fillt hei kee sech ugeschwat! A wéi ass et mat de Schlofmedikamenter? Hmmh? Ech wëll guer net wëssen, wéivill Leit schonn dowéinst – och am Stroosseverkéier-, ëm d’Liewe komm sinn! Verschidde kosmetesch Sprayën kënnen explosiv sinn an däerfen net mat der Valise an de Flieger, mir maachen et awer. Schwaarzaarbecht ass verbueden, ma eis Botzfra melle mir net unn! Et ass Gesetz, datt mir MUSSE wiele goen; ëmmer méi vun eis brätzen sech, dat net ze maachen, briechen also d’Gesetz. Am Wanter mussen d’Trottoir gesalzt ginn, wann et unzitt; dat seet e Reglement, mä, mir fannen et pupeg! ASW—

“…De perfekte Mënsch gëtt et net – glécklecherweis- also och net de perfekte Chauffeur”

 

 

Dat hei ass net als Appel ze verstoen, datt nees méi duerch d’Uertschaften soll kënne gerannt ginn, ma einfach en Appel zu der Vernunft. Chauffeuren, déi vill ze séier sinn, sollen duerchaus aus der Course kënne geholl ginn;

image credits: pixabay

ma, ob ech mat 50 oder mat 51 ënnerwee sinn, mécht der Kaz kee Bockel. E Chauffeur, dee mat 51 “geblëtzt” gëtt, sollt am Géigendeel fir säi baal perfekt Fueren gelueft ginn- hie louch just, a sief et och nëmmen fir eng Sekonn, ëm 2 Prozent iwwer der erlaabter Vitesse. Rowdy! D’Politiker sollten hire Courage an de Grapp huelen, an eng Toleranz vu 6 Prozent proposéieren; bis eng Vitesse vun 53 hmh gëtt näischt opgeschriwwen. Da brauch een net grad esou dacks op den Tacho ze luussen, wat jo och geféierlech ka sinn!

 

De Pafendall ass an der Tëschenzäit bal ganz op Zone 30 gestallt, ausser virum Tuerm, do ass d’Zone duerchgestrach, fir dann direkt nom Tuerm nees ze gëllen. Ech rennen derduerch mat 28/29 kmh, fir nëmmen net op 31 ze kommen. Ech hat dees Läscht iwwer eng Dosen Autoen hannert mir, mat Geblénks a Getuuts. Wär et tatsächlech schlëmm gewierscht, wann ech mat 32 kmh laanscht den Téiwesbuer geschauwt wier?! Jidfer verstännege Mënsch gëtt do déi richteg Aentwert.

Wären d’Politiker esou konsequent mat sech selwer, et hätten der scho vill mussen den Hutt huelen!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *