Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Nuetsvollen um Findel: Tendenz net no ënnen! 

Nuetsvollen um Findel: Tendenz net no ënnen!
Image parDavid Mark de Pixabay

den Henri Grethen war Transportminister an de Joer 1999 bis 2004. Deen een oder aneren vun Ierch erënnert sech méiglecherweis un de Spektakel, deen deemols de gréngen Deputéierten François Bausch opgefouert huet iwwer d’Nuetsvolen um Flughafen. Ech ka mech allemol excellent drun erënneren, hie wahrscheinlech och, villäicht esouguer mat engem liicht rout gefierfte Gesiicht. Well, wann hien sech an där Zäit regelméisseg via de Radio iwwer d’Zuel vun de Fliger beschwéiert huet, déi tëscht Owes 11 a Moies 6-7 Auer geland, respektiv gestart woren, esou misst hien haut sech selwer bei den Oueren huelen. Ma gelungenerweis héiert een näischt vun him! Dobäi wier et déck néideg, well um Tarmak gëtt Nuets esou vill gerullt wéi nach ni! Den Erfollech vum wirtschaftleche Wuesstëm, mat deem déi Gréng sech offonnt hunn.

am Joer 2018 woren an engem August tëscht 23 an 7 Auer 589 Maschinnen gelannt oder gestart, Passagéier- a Fretmaschinnen zesummen. Am August 2019 woren et der 611. Keng dramatesch Hausse, wou allerdéngs ze präziséieren ass, datt besonnesch d’Zäit tëscht 23 Auer an Hallefnuecht alt besser “besaat” ass: mir schwätzen do zejoert vun 109 Maschinnen,

Image parSteve001 de Pixabay

dëst Joer vun 147 fir de Mount August. D’Definitioun vun Nuetsflich schéngt e bësselche schwammeg interpretéiert ze ginn. Viru Joer goufe just d’Stonne gezielt tëscht 23 a 6 Auer, du gouf verlängert bis 7 an zanter dësem Joer bleiwt et zwar bis 7 Auer, allerdéngs gëtt déi Stonn tëscht 6 -7 fir sech aleng ugefouert. Et stellt sech d’Fro op déi Stonn nach zur Nuecht oder schonn zum Dag gehéiert? Dat schaffend Vollek steet normalerweis ëm déi Zäit op, fir déi Pensionnéiert ass stänneg Nuecht (haha), ma wéi ass et fir de Weekend, wou déi allermeescht e bësselche méi laang wëlle leie bleiwen?!

https://download.data.public.lu/resources/statistiques-vols-de-nuit/20190920-090535/nightflights-2019.pdf

Et kann ee festhalen, datt dëse leschten August ronn 1 Fliger d’Stonn an der Nuecht ukomm/fortgeflunn ass. Net vill, awer genuch fir d’Awunner aus der Ëmgéigend – Hamm  Bouneweeg an Cents- aus dem Schlof ze rappen. Tëscht 11 Auer Nuets an 1 Auer waren et der 170 op de Mount verdeelt, also net grad 3 d’Stonn! Als Verglach: am Joer 2013 koum een op en Total vun 155 Fliger, déi an der Nuecht fir Kaméidi gesuergt hunn. Et kann een also net grad behaapten, datt ënner engem Transportminister Bausch d’Chifferen zeréckgaange wieren, éischter erop, an zwar nohalteg.

iwwerhaapt hunn d’Aktivitéiten um Findel kräfteg zougeholl. D’Passagéierzuel goung vun 1,7 Milliounen am Joer 2000 erop op 2,2 Milliounen fir 2013 a koum zejoert eng éischte Kéier iwwer d’Grenz vun de 4 Milliounen eraus. Gutt geschafft! Dat nennt ee Wuesstëm. Ma dee wëlle mir jo net méi hunn. Gutt, datt geschwënn eng CO2-Steier agefouert gëtt. Dann hält déi Spaassgeselschaft endlech op, d’rout Kréischelen am Dezember um Chrëschtmaart gi richteg deier. An d’Leit an der Ëmgéigend kënnen nees duerchschlofen an am Dag frësch Loft otmen…ganz am Sënn vun deene Gréngen!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *