Recent Posts

Post Categories

Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....
D’Biergerpartei a Suerg wéinst héije Stroumpräisser 
Offener Brief an Herrn Lex Delles Minister für Wirtschaft,  Energie und Tourismus                ...
Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...

Blog Post

Featured

Eng Amicale fir Häerzpatienten 

Eng Amicale fir Häerzpatienten
Image par InspiredImages de Pixabay

Hien nennt sech INCCI. D’Ofkierzung steet fir institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle. E Spidol also eleng fir d’Häerz, spezialiséiert op invasiv an net-invasiv Behandlungen vun Häerzerkrankungen, wat weist datt déi gesondheetlech Problemer vun dësem Organ net grad wéineg sinn. Esou hat den INCCI am Joer 2021 – d’Joer vu sengem 20. Anniversaire- iwwer 4400 Männer a Fraen ze behandelen. Bannent deenen 20 Joer wore bäino 53.000 Patienten bei him passéiert. Dat sinn der vill, ëmsou méi wann ee bedenkt, datt et just 19 Better an där Häerzklinick gëtt!

D’Medezin huet gewalteg Fortschrëtter gemaach. Fir eng nei Häerzklapp agesat ze kréien, muss ee mat engem Openthalt an der Klinick vun am Schnëtt 7-9 Deeg rechnen. Séier wéineg wann ee bedenkt, datt eng Häerzoperatioun keng gewéinlech Operatioun ass: dat Organ ass nieft dem Gehier den Haaptmotor vun eisem Kierper. Villes an eisem Liewe gëtt mam Häerz a Verbindung bruecht, wéi zum Beispill d’Léift. Oder am iwwerdroene Sënn, coup de coeur wéi de Fransous seet. Mir wënschen eis fir d’Neit Joer vu ganzem Häerz, mir hunn entweder e soziaalt Häerz oder awer en Häerz aus Steen an esou weider.

An esou ass et eigentlech nëmmen normal, datt sech am INCCI eng Amicale gegrënnt huet: amicale des patients de l’INCCI. D’Häerz steet am Mëttelpunkt, d’Häerz vum Patient. Ech hu mat engem vun hire Memberen, dem Michel Maquil geschwat. Firwat ass esou eng amicale gutt? Wouranner bestinn hir Aktivitéiten?

D’Associatioun besteet aus Patienten vum INCCI (Institut National de Chirurgie Cardiaque et de Cardiologie Interventionnelle) wéi och aus Membere vun hire Familljen. D’Zil ass et  virun an no enger Häerz Operatioun Ënnerstëtzung ze bidden. Dofir organiséiert d’Associatioun eng Equipe vu fréiere Patienten, déi déiselwecht Erfarungen haten an déiselwecht Situatiounen erlieft hunn, mam Zil , a voller Vertraulechkeet d’Suergen, d’Ängscht a méiglech Froe vun de Patienten ze deelen fir an /oder no enger Häerz Prozedur. Dernieft, organiséiert d’Associatioun Konferenze souwéi Informatiounssëtzungen a weider frëndschaftlech Renconteren. Wéi Dir et richteg formuléiert hutt ass eng Häerzoperatioun eben eng ganz aussergewéinlech Interventioun déi ee Patient besonnesch beandrockt a beonrouegt.

Dobäi läit de Stierftaux bei Häerzinterventiounen am INCCI bei 1,5% am Schnëtt, wat net héich ass. Datt Patienten virun enger OP sech wëllen informéieren kann ech duerchaus novollzéien, ëm wat fir Problemer oder Suergen handelt et sech dann  no der Interventioun?

Dat hänkt natierlech vun der Natur vun der Interventioun of. Besonnesch bei méi groussen Operatiounen do brauch den Organismus schonn eng gewëss Zäit fir sech ze erhuele wat duerchaus mat sech bréngt datt ee Patient sech mol wëllt mat fréiere Patiente weider beroden. Bei klengen Interventiounen, z.B. bei Häerz-Rhythmus Problemer, wann eng Arrhythmie mat enger liichter Operatioun behandelt gëtt, brauch et duerno nach duerchaus eng gewëss Zäit bis de Rhythmus seng normal Aktivitéit erëmfonnt huet. Dat bréngt dann eng gewëss Onsécherheet mat sech. Dann hänkt et vill vum perséinleche Kontakt of deen déi ee Patient virun der Operatioun mat engem vun eise Leit hat op hien duerno nach kënnt. Praxis weist awer och datt meeschtens Patienten sech méi virun der Operatioun berode wéi duerno.

Eis Männer gëtt jo dacks de Virworf gemaach, datt mir net esou babbeleg sinn ewéi d’Fraen, datt mir léiwer net iwwer gesonndheetlech Problemer schwätzen. Weist sech dat och an deene Gespréicher déi Dir am Kader vun Ärer Amicale hutt?

Ech si nach net laang genuch an der Amicale aktiv fir datt ech iech do kéint eng Äntwert ginn. Ech ka mir allerdéngs virstellen, datt schonn eng Differenz besteet…

Op alle Fall schéngen d’Männer méi vun Häerzkrankheete betraff ze sinn ewéi d’Fraen. Hutt Dir do Statistiken?

Dat ass eng Fro op déi et guer net einfach ass ze äntweren. Esou hänkt d’Probabilitéit vun enger Häerzkrankheet ganz

Photo de Engin Akyurt: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-tenue-coeur-decouper-1820509/

staark vun der Liewenshygiène  of (Fëmmen, Alkohol, fettegt Iessen, Beweegung, etc). Déi ass anescht bei de Männer wéi bei de Fraen. Dann ass et och statistesch bewisen ,datt d’Fraen an der Moyenne 5 bis 7 Joer méi spéit wéi Männer déi éischt Häerzattack kréien. Derbäi kënnt dann och datt déi éischt Symptomer, déi een Häerzinfarkt undeiten, bei de Männer anescht si wéi bei de Fraen. Esou ass et am Fong net ganz sënnvoll einfach ze soen, datt Männer esouvill Prozent méi oft vun Häerzkrankheete getraff gi wéi d’Fraen. Derbäi kënnt och nach datt mir zu Lëtzebuerg dach am Fong net genuch Leit hu fir sënnvoll a representativ Statistike fir esou eng Problematik opzestellen.

Ouni ondiskret wollen ze sinn: woumadder hunn d’Patienten am meeschten no der Operatioun ze kämpfen?

Bon, dat ass esou datt no der Operatioun déi meescht Patienten déi bei eis kommen, sech Suerge maache wéi se elo sollen oder kënne weider liewen. Do ass et ebe ganz wichteg mat Persounen ze schwätzen déi dat schonn hanneru sech hunn. Och stellen se vill Froen iwwert den Effet vun de Medikamenter déi se dann op mannst nach eng Zäit laang mussen anhuelen. Eng Rei vu Patienten hunn och Problemer mat hirem Entourage, an no gewëssen Operatioune, maachen déi frësch operéiert Leit sech och vill Gedanken op si net kéinte réckfälleg ginn.  Wat mir dann allgemeng feststellen ass dann awer och datt d’Fraen sech méi Suerge fir hier Männer maache wéi d’Männer fir hier Fraen.

D’Leit aus der Amicale hu jo bestëmmt och vun Zäit zu Zäit Kontakt mam corps médical. Gëtt et do e feed-back, wou d’Dokteren och alt mol bäiléieren?

Och dat ass een Uleies vun eiser Amicale. Duerfir zum Beispill organiséiere mir op mannst eng Konferenz am Joer wou mir engem vun den Dokteren vun INCCI d’Wuert gi fir eis iwwert deen een oder anere Sujet ze schwätzen. So z.B. war den 2. Dezember eng Konferenz vum Professer Dr Kallenbach mam Sujet: Chirurgie der Aortaklappe und der Aorta“. Bei esou Geleeënheete kënnen eis Membere selbstverständlech och ee perséinlecht Uleies virdroen. An dat geschitt reegelméisseg. Leider sinn déi Konferenzen net ëmmer vill besicht

De Bilan vum INCCI léisst sech weisen: bannent den éischten 20 Joer ware  bal 53.000 Leit  an där Klinick passéiert. D’Stierflechkeetsquot läit an der Moyenne mat 1,5-2% Aqua_Bericht_de . An dach, keng Klinick ass perfekt, et muss permanent u sech geschafft ginn. Wou gesitt Dir do nach Potenzial?

Natierlech gëtt et keng perfekt Institutioun an och am INCCI ka  sécher nach Verschiddenes verbessert ginn. Ech wëll a kann net de reng medezineschen Aspekt analyséieren, a scho guer net wou deen dach, wéi Dir richteg sot, méi wéi zefriddestellend ass. Eiser Meenung no kéint een awer nach eppes um Niveau vun der Kommunikatioun am allgemenge maachen. Hei denken ech un d’Kommunikatioun um preventive Plang fir d’Leit ze incitéiere méi gesond ze liewe fir datt se iwwerhaapt keng Häerzprobleemer kréien, déi ee mat enger gesonder Liewenshygien kéint evitéieren. Mir, als Amicale, organiséiere wuel Konferenzen an aner Evenementer mä dofir sinn eis Mëttelen dach net ganz grouss. D‘Kommunikatioun mat der Famill wärend der Operatioun, a besonnesch wann onerwaart Probleemer virkommen, kéint och verbessert ginn. Och wann dat munchmol ganz schwiereg ass.

Ech soen dem Michel Maquil Merci fir dësen Interview. Hei ënnendrënner dee leschte Rapport vun AQUA iwwer d’Qualitéit vun deene verschiddene Servicer am INCCI

Aqua_Bericht_de

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *