Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

# MeToo a Consorten: et ass net alles en Hashtag wäert! 

# MeToo a Consorten: et ass net alles en Hashtag wäert!
Photo de MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/technologie-ordinateur-sante-hopital-7089304/

 En hashtag besteet jo doranner, datt duerch hien (Sträit)Gespréicher zu engem bestëmmten Thema op de soziale Medien kënnen regruppéiert ginn. Kuerz virun der Summervakanz hat zum Beispill # MeToo nach eemol zougeschloen a war an der franséischer Top-Aktualitéit. Reegelméisseg géinge Fraen vun hirem Gyneko vergewaltegt ginn, woubäi allerdéngs den Term vu Viol mat Virsiicht ze huelen ass.

Et geet ëm déi prinzipiell Fro: wann eng Fra sech op dee berüchtegten Ënnersichungsstull leet, seet si sech domadder automatesch mat allen medezinesche Gesten averstanen? De Magasinn L’EXPRESS schreift a senger Nummer 3705: et pourtant, les violences sont bien plus régulières qu’on l’imagine, assure Sonia Bisch, fondatrice du collectif STOP AUX VIOLENCES obstétricales et gynécologique (Stop VOG), qui reçoit, depuis deux ans environ 200 témoignages de victimes chaque mois. On parle de femmes qui ont subi une pénétration avec un spéculum sans qu’on les prévienne, qui hurlent parfois d’arrêter.

200 de Mount? Dat wären op 2 Joer net grad 5000 betraffe Fraen! An dat wären der vill. Do muss ee villäicht ënnerscheeden. An deem Artikel geet zum Beispill vun engem Fall Rieds wou eng Fra d’Brëscht fest ofgetaascht krut (violente palpation des seins), an zwar vun enger Gynekologin. Bof! Dat ass villäicht net angeneem, ma et kann een op kee Fall vun enger Vergewaltegung schwätzen! An esou engem Fall benotzt een seng Babbel an et seet een direkt eppes zum Dokter. Och d’Mammographie kann – jee nodeem a wat fir enger hormoneller Phase datt een ass- schéin pëfferen, a si gëtt vun enger Maschinn gemaach.

Photo de MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/gens-femme-etre-assis-technologie-7088526/

Aneschters ass et, wann d’Fra zum Dokter seet: ech wëll just als Kontroll e Frottis gemaach kréien, sos absolutt näischt! Dann ass den Dokter gebieden, sech dorunner ze halen. Dat awer schéngt net ëmmer de Fall ze sinn.” Sans prévenir Isabelle, ni lui demander son consentement, la gynécologue aurait ensuite pratiqué un toucher vaginal très machinal et douloureux. D’Isabelle hätt gesot, datt si dat net wéilt, ma d’Doktesch wier einfach weidergefuer. Esou ee Behuelen geet natierlech net!

Den L’EXPRESS léisst eng Affekotin zu Wuert kommen: L’article 222-23 du Code pénal définit le viol comme tout acte de pénétration sexuelle, de quelque nature qu’il soit, ou tout acte bucco-génital sommis sur la personne d’autrui ou sur la personne de l’auteur par violence, contrainte, menace ou surprise. Il n’y a aucune mention d’intention sexuelle dans cette définition. An anere Wieder: eleng de Fait datt d’Fra sech op dee Stull leet bedeit net e Fräischäin fir den Dokter!

Photo de RODNAE Productions: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-en-blouse-blanche-tenant-une-tasse-en-ceramique-blanche-6129104/

Et sollt een et allerdéngs och net ze komplizéiert maachen. Wann een bei den Zänndokter geet, weess een , datt ee muss de Mond opmaachen. Beim Gyneko geet et an der Haaptsaach ëm d’Broscht an ëm d’Scheed. Bei der éischter Consultatioun sollt d’Fra also sech mam Medezinner ausschwätzen, hiren Accord markéieren, datt si vu bannen a baussen kann ugepak ginn. Oder awer hiren Desaccord.

 

 

Bei de Männer – op d’mannst bei den eelere Joergäng- kann et och eng Penetratioun ginn, keen toucher vaginal ma een toucher rectal deen och net grad agreabel ass. De PSA-Wäert seet wuel eppes aus iwwer den Zoustand vun der Prostate, an dach kann eppes dorobber wuessen, dat een net onbedéngt an net fréi genuch duerch eng Bluttanalyse an Uecht hëlt. Et ginn also Dokteren déi op déi Untersuchung bestinn. Et ass um männleche Patient, sech deen Urolog erauszesichen deen him am Beschte konvenéiert.

Allgemeng gëllt nach ëmmer de gesonnte Mënscheverstand. Wann een net zefridden ass mat sengem Dokter, mat senger Doktesch, da seet een him (hir) firwat, et freet een sech säin Dossier an et wiesselt een bei den nächsten. Datt verschidde Medezinner hir gutt Manéieren duerch eng grouss Portioun Arroganz ausgetosch hunn, ass bekannt. Dofir brauch et keng Penetratioun. Wann d’Clientèle sech eens ass an esou Dokteren lénks leie léisst, komme bannent zwee Joer bei deene Mënschen déi gutt Manéieren wéi vum selwen zeréck. Dat ass méi effikass ewéi e Prozess, dee vun der Doktesch-Versécherung iwwerholl gëtt a wou dacks eleng den Affekot den Notzen draus zitt!

Net alles ass en Hashtag wäert. Gitt Iech mol #Winnetou ukucken. Et ass fir an e Mëschtgreef ze lafen! Grad esou wann de Kabarettist Dieter Nuhr de Spunnes dreift mam Gender-Vokabulär: “loosst et bei zwee Geschlechter sinn. Déi lescht Joerhonnerten waren tëscht Mann a Fra komplizéiert genuch!” Soll een iwwer esou ee Witzelche laachen oder net? Dat decidéiert jiddereen fir sech. Esou war et allemol bis haut.

wikipedia.org

Ma neierdéngs kritt ee virgeschriwwen, wéini datt ee laachen däerf. NUPES a Frankräich dirigéiert eng reegelrecht Campagne géint den Humouer. D’Ecofeministin Sandrine Rousseau féiert sech op als Riichterin. An der Emissioun Quotidien huet si sech verroden. Wéi de Journalist Yann Barthès zu hir sot: On rit chacun à sa façon,non? huet si äiseg geäntwert: ça fait partie des transformations que nous devons opérer…

Iergendeen Zentralcomité seet eis also an Zukunft, wéini Gesiichts- a Bauchmuskelen däerfen ugezu ginn a wéini net! A wéini gesäit et d’Press an, datt si enger geféierlecher Mentalitéit op de Läim geet?! Dat wier en hashtag wäert!

Related posts

4 Comments

  1. Pascal Ludovicy

    Gudden Moien an alles guddes fir dat Neit Joer

    Ech wel hei mol opmierksam machen op een Artikel vum Heer René Kollwelter vum 30.12.2022 am Tageblatt
    wann dat erlabt ass.
    Den och zum Thema passt an och zum Ländchen.
    M.B.G.
    Pascal Ludovicy

    1. Guy Kaiser

      Merci fir den Hiweis, ma deen hat ech verpasst

  2. Jean

    Eng gastroscopie oder coloscopie ass nach vill mei invasiv an desagreabel wei en toucher rectal vun der prostata…mae wann ech iwer laenger zeit problemer mam mo hun ass et leider deen eenzege moyen fir den dokter eppes eraus ze fannen a fir de patient ze wessen wat ass.

  3. Pascal Ludovicy

    Hei nach den Link hun den Artikel online Fond.

    https:/tageblatt.lu/headlines/meetoo-ou-weetwo-semedo-et-teresa-deux-resividiste-meme-combat/

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *