Iwwerall ass Krich, zu Lëtzebuerg huet den Aarbechtsminister Georges Mischo d’Gewerkschaften am Viséier. An déi schéissen zeréck. De Minister hätt keng gutt Kannerstuff, géif d’Rechter vum Salariat mat Féiss trëppelen. Dobäi geet et a sénger jéngster Offensiv ëm d’Liberaliséierung vun der Sonndesaarbecht am Commerce. Bis dato si 4 Aarbechtsstonnen erlaabt, dorauser soll dat Duebelt entstoen, also 8 Stonnen. En Affront fir d’Syndikater, déi weiderhin d’Houmass um Sonndeg verdeedegen an den Apero direkt duerno. Oder op d’mannst esou maache wéi wann.
De Minister huet sech tatsächlech op en Neits net geschéckt ugeluecht an d’Gewerkschaften ze soen virun e fait accompli gestallt. Normal, datt déi sech wieren. Déi Kritik betrëfft d’Form. Wat allerdéngs de Fong ugeet, kann een dem Mischo nëmme Recht ginn. D’Zäite sinn eriwwer, wou den Härgott um siwenten Dag rascht a sech vu senge Gleewege feiere léisst. Aneschters ausgedréckt: et kann een um Ufank vum drëtte Joerdausend net méi pauschal déi zwee fräi Deeg um Weekend als sozial Errungenschaft an d’Vitrinne stellen. D’Welt huet an der Tëschenzäit e puer Tier weidergedréint.
Eng ganz Partie Salarié wënschen sech nämlech duerchaus e puer Aarbechtsstonnen um Sonndeg. Déi brénge méi Suen eran an arrangéieren si an der Gestioun vun der Familljen. Ee vun de Partner schafft um Sonndeg iwwerdeems deen aneren aus der Koppel doheem bei de Kanner ass; an der Woch dann däerf deen éischten sech en Dag fräi huelen a ka sech grad esou ëm de Stot këmmeren. Datt dës Aschätzung net op jiddereen zoutrëfft ass evident, ma d’Behaaptung ass net falsch, datt méi Leit um Sonndeg an de Cactus ginn ewéi an d’Kierch!
Dat kann ee bedaueren an nawell däerf een d’Realitéit net aus den Ae verléieren. Wat war dat e Gedeessems ewéi viru Joer d’Sonndesaarbecht an de groussen Epicerien agefouert gi war. Murks a Stress,haten d’Syndikater deemools gebierelt. An haut? Alles roueg op der Sozialfront, d’Salariat ass alles aneschters ewéi onzefridden. An esou wäert et och déi Kéier ausgoen: d’Regierung setzt de Kader, d’Gewerkschaften suergen dofir, datt d’Kierch am Duerf bleift, iwwregens zesumme mam Patronat. Dofir nennen sech déi dräi Säite Sozialpartner.
Grad op deem Punkt muss de Minister an de Silenz sëtze goen. D’Bedeitung vum Wuert Partnerschaft schéngt him entwutscht ze sinn. D’Regierung brauch zwar net am Virfeld den Accord vun de Syndikater ze hunn fir eng Ännerung am Gesetz virzehuelen, ma et kann een op kee Fall seng Partner just via
Pressecommuniqué iwwer seng Intentiounen an d’Bild setzen. Am Fach Kommunikatioun eng kloer Datz fir de Minister. An d’Gewerkschafte musse sech hannert d’Ouer schreiwen, datt een och bereet muss si fir e Mentalitéitswiessel. “Mir wëlle bleiwen, wat mir si ” war fréier…a fréier ass eriwwer!
Fréier huet zum Beispill e Bréif 5 Deeg gebraucht, fir aus dem Ausland op Lëtzebuerg ze kommen. Haut dogéint kritt een per Bestellung allméiglech Saache bannent 24 Stonnen heem an d’Stuff bruecht. Déi Entwécklung huet Joerzéngte gebraucht, well d’Gewerkschaften op der Brems stoungen. Wouer ass, datt d’Aarbechtsconditioune vun deenen Ugestallten dacks miserabel sinn, ma dat ännert näischt un där anerer Wouerecht, datt nämlech de System extrem performant an net méi ewechzedenken ass.
Et geet net nëmmen drëm, dat Ablécklecht ze verdeedegen, ma och d”Zukunft virzebereeden. An do muss een Häerz a Séil ophu fir Changementer,…déi kënne gutt ausgoen oder awer als Fiasko. Et brauch een also och eng gesonnt Portioun Courage. An dee sicht ee verzweiwelt ausgerechent bei de Syndikalisten! Haalt op ze maueren, ofzeblocken! E rezent Beispill vu schlechter Oppositiounsstrategie waren déi radikal Ëmännerungen an der Caritas, haut H.U.T.. Den OGBL hat gebillt a d’Caravane war ouni hien weidergezunn. Wär et der Gewerkschaft nogaangen, stéing bis haut keng nei Struktur do, an där d’Leit anstänneg bezuelt ginn.
D’Gewerkschafte sinn an der Haaptsaach dofir do, d’Interessi vun hire Memberen esou gutt ewéi méiglech ze vertrieden. Da lass!