Dem Henri Kox seng Ried zum Sonndeg

1
618

de grénge Politiker war a senger Qualitéit als Policeminister Invité op Radio Lëtzebuerg fir an der Haaptsaach op de Mord vun engem 18 Joer jonke Mënsch zu Bouneweg ze reagéieren. Hien huet vill gebabbelt, fir wéineg ze soen. Wéineg Neits. Zum Beispill d’Ausso: Gewaltbereetschaft war nach ëmmer do. Kloer. Sos hätt et d’Geschicht vum Kain an Abel net ginn! Als fréieren Enseignant an engem Lycée weess den Här Kox et besser: am Laf vun de leschte Joerzéngten ass déi Gewaltbereetschaft bei enger Partie jonke Mënschen an d’Luucht gaangen.

Fréier goufen et der bei de Jongen kräfteger an d’Schnëss, d’Meedercher hunn sech zerkraazt. Dobäi blouf et gréisstendeels. Interessant -als Géigeprouf- ass d’Reaktioun vu Schoulmeeschter a Professer. Wéi  viru 50 Joer a menger Klass Dolch a Juegdmesser zirkuléiert waren, huet de Professer interesséiert nogekuckt. Hien huet sech wéineg Gedanken ëm d’Sécherheet a senger Klass gemaach: keen wär op d’Iddi komm, déi Messer als Waff ze benotzen. Haut rifft den Enseignant an där nämmlechter Situatioun de GSG 9! Et huet sech also duerchaus eppes gedoen an eiser Gesellschaft!

Dat wëssen d’Politiker, och en Henri Kox, deen et sech just net wëll agestoen, well sos seng Spréch géingen an e Koup falen wéi eng gedréchent Sandbuerg. Also léiwer mol Banalitéiten noplapperen wéi an engem Karaoke. Esou zum Beispill: Méi Policepresenz eleng géif net duergoen! Dat behaapt jo och keen. Grad esou wéineg, wéi d’Vollek nom Polizeistaat géif jäizen. Iwwregens: esou ganz gleeft de Minister sengen eegene Wieder wuel och net, well Minutten drop huet hien sech am Interview mam massive Rekrutement bei der Police gebretzt.

police.lu

Dëst Joer iwwer 200 Beamten, déi nächst zwee Joer nach eemol 400, plus nach 240 Zivilisten. All dës Leit bei der Police gi wuel vum Minister agestallt, fir d’Daimercher ze dréien, oder?

Nächst Element aus der Kox’ Sonndesried: Gewaltpreventioun muss éischter ufänken! De Minister huet an der Zäit an engem Lycée geschafft, wou d’Police sech géigesäiteg d’Klensch an de Grapp gedréckt huet, fir de Schüler op enger Septième déi verschiddenst Informatiounen mat op de Wee ze ginn: Drogen, Mobbing, Jugenddelinquenz etc. Ganz dovunner ofgesinn, datt an all Lycée Psychologen, Educateuren an assistant social schaffen. An och net ze vergiessen déi vill street workers, déi um Terrain vun der Gemeng Lëtzebuerg eng gutt Aarbecht maachen.

Fazit: et goung dem Minister drëm, den Deckel drop ze halen. De Géigendeel hätt ee jo verwonnert, et wär den Aveu gewiescht vun enger falscher Politik. Virwaat sos ginn bannent 3 Joer 840 Beamten rekrutéiert? Dës puer Zeilen sollen elo net als Plaidoyer fir d’Uniformen interpretéiert ginn, ma bis ewell war eng physesch Presenz vun de Beamten an de Stater Stroossen esou rar geséit wéi d’Muerten. E klengen ré-équilibrage also, an dofir MUSSEN net gläich 800 Leit rekrutéiert ginn!

Richteg verzweiwelt huet sech d’Ausso vum Minister unhéieren: duerch d’Pandemie an d’Aschränkungen wieren Aggressiounen a Gewaltbereetschaft eropgaangen! Wann näischt méi geet, rifft een de Virus zu Hëllef. Wéi praktesch! Wat gëtt dat ginn mat all deem senge Mutatiounen…

1 COMMENT

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here