Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Mir stinn eis selwer an de Féiss 

Mir stinn eis selwer an de Féiss
imge credits:pixabay

Eigentlech wollt ech scho virun 20 Joer e Journal machen, dee geschlechtsgerecht gewierscht wier, also ongeféier esou: “Gudden Owend, léif Nolauschterer an Nolauschterinnen, dëse Journal ugefaangen mam Krich am Irak, wou 5000 Zaldoten an Zaldotinnen am Asaaz sinn” Dann méi spéit:” RTL-Trafic-info, Automobilisten an Automobilistinnen opgepasst…” Nächste Sujet:”An der Chamber waren haut 50 Riedner a Riednerinnen ageschriwwen…” a schliisslech:”De Groussbrand zu Schlënnermaanicht ass geläscht! 150 Pompier a Pompierinnen sinn houfreg op hir Aarbecht”. Dee Journal wier geduecht gewierscht, fir d’Thematik vun der Gläichstellung tëscht Mann a Fra ad absurdum ze féieren. Dobäi hunn ech dat weiblecht Geschlecht jo gären, a mengen och, d’Fra ze respektéiren.Wann een allerdéngs d’Gläichstellung an der Sprooch probéiert, konsequent duerchzezéien, schued een der Saach méi, ewéi et nétzlech ass.

 

 

 

image credits:pixabay

D’Fransousen hunn nach e sproochleche Probleem derbäi, mat der grammatikalescher Endung, wa Mann a Fra zesummekommen, ‘ où le masculin l’emporte sur le féminin’. Les garçons et les filles sont venus. Bon, do kann ee roueg venu(e)s schreiwen, an ech hunn och ke Probleem dermatter, aus engem écrivain eng écrivaine ze maachen, ma och hei sinn huerteg gewëssen Limiten gesaat. Oder wéi fann Dir “la sapeuse-pompière”?

“Alles nach kee Probleem, hätt do net d’Generatioun ‘Y’ déi inklusiv Sprooch entdeckt!”

“l’ express” vum 11.Oktober 2017 huet et op de Punkt bruecht: beim CSA a Frankräich(Conseil supérieur de l’audiovisuel) kann ee Plainte areechen, wann ee sech net korrekt an de Medien behandelt fillt; dat gëllt fir Privatpersounen esougutt ewéi fir ganz Secteuren. D’Zuel vun de Plainten goung bannent 2 Joer ëm dat Zéngfacht an d’Luut, op 80.000 Stéck. E klengt Beispill: de Moderateur vum Journal fänkt unn mat de Wieder:”Mesdames,Messieurs, bonsoir”.Eischter onverfänglech? Da mengt alt! Mesdames,Messieurs…a waat maacht Dir aus den transgender? Bonsoir, schéin a gutt, ma et kucke grad Leit, déi am gaange sinn, ze leiden, ze stierwen; wat soll do gutt sinn fir déi Leit?!

Net datt Dir mengt, ech géing net matt deene Transgender_Leit mattfillen. Ech stelle mir et äusserst komplizéiert fir, an engem Männerkierper ze sinn a sech als Fra ze fillen, an och ëmgedréit. Glécklecherweis ass eis Gesellschaft am Laaf vun de Joerzéngten oppen genuch ginn, fir de Sujet ze thematiséieren! Ma et kann ee si net permanent an der Gesellschaft berücksichtegen…a scho guer net an der Sprooch! Fir net nëmmen Mann a Fra, ma och d’Transgender an der Sprooch ze considéréieren, misst een dat esou maachen: “les garçons et les filles sont venu*e*s. De Stärchen,oder och einfach e mëttelste Punkt, deen hei net vu mengem System virgesinn ass, géing bedeiten, datt ech niewt dem weiblechen a männleche Geschlecht och un d’Transgender denken. A wann ech als Journalist um Radio schwätzen, muss ech fir de Stäerchen eng kleng Paus maachen…den “l’Express” nennt dat dann “un morse épileptique” oder och “un code télégraphique”.

image credits: pixabay

Dobäi ginn et Saachen, déi ee kann acceptéieren, anerer vill manner.An Holland zum Beispill kritt een an de Pass agedroen: “Meedchen, oder Jong, bei der Gebuert”, wëll heeschen, et ka sinn, datt d’Geschlecht am Laaf vum Liewen geännert gëtt. Dat deet kengem wéi an et respektéiert een den eventuellen Transgender. An Däitschland hu se bis ewell déi onglécklech Alternative fonnt vun “andere”….( https://www.firstlife.de/drittes-geschlecht-eine-fehlgeleitete-debatte/ )

“un rassemblement féministe, autonome, Inclusif intersectionnel non mixte…”!… “.

Ma fir beim Artikel vum l’Express ze bleiwen:den Internetsite vun der extrême-gauche  Paris-luttes.info hat zejoert en Appell gemaach fir eng Demonstratioun…”un rassemblement féministe, autonome, Inclusif intersectionnel non mixte…”! Waat fänkt een mat deem Blödsinn unn?! Alles inklusiv, just keng Männer, wuel well dat alles Phallokrate sinn,oder? Dobäi sinn och déi net gefrot ginn, op si e Zizi wéilten hunn oder net!

“… an d’Farce wäert nach esou bal net ausgebremst sinn !…”

Op der franséischer Universitéit François-Rabelais ginn et elo niewt männlechen a weiblechen Toiletten och där fir d’Transgender. Den l’Express mengt, et wier wuel méi einfach, eng Unisex-Toilette anzeféieren. Zu London am Metro ginn d’Leit net méi als “ladies” oder ” gentleman” begréisst, mä, mat everybody; de Jean-Luc Mélonchon twittert matt “les gens”. Solle mir net och den “Astérix” verbidden? Frae kommen doranner esougutt wéi guer keng fir, vun Transgender net ze schwätzen, an déi réimesch Arméi gëtt vun de Gallier vun haut als Vollidioten duergestallt. Grad esou, wéi de Lucky Luke neierdéngs net méi fëmmt; grad esou, wéi d’Euro-Mënz bei Geleegenheet vum Doud vum Helmut Schmidt: um Original huet hien eng Zigarett tëscht de Fanger, op der Mënz gouf se ewech retouchéiert. Oh!Helmut!

Mir verspären eis esou vill, datt mir geschwënn mol net méi en iwwerzeegte Rassist oder Fascho däerfen en Drecksak nennen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *