An engem Artikel vum 26. Juli hat ech drop higewisen, datt de lëtzebuerger Geheimdéngscht zanter méi ewéi 6 Joer a besonnesch zanter der Affär Casier bis déck Problemer huet fir d’Konditiounen vun enger korrekter security clearence z’erfëllen. Dat héiert sech banal un, kann awer grousse Schued fir eist Land hannerloossen, besonnesch wat d’Memberschaft an der NATO ugeet. Also séier ënner den Teppech domadder!
Déi security clearence hat ech esou definéiert: dorënner ass sech eng ganz Prozedur virzestellen déi een Ugestellten oder Kandidat fir e bestëmmte Posten muss duerchlafen, fir um Enn de Status ze kréien, datt hien e “séchere” Mataarbechter ass: zolidd a korrekt Mentalitéit, trei vis-à-vis vu senger Administratioun, e standfeste Kärel, deen e Geheimnis kann vir sech halen an net direkt eraustrotert. E Mënsch also op deen ka gebaut ginn.
D’autorité nationale de sécurité krut d’Enquêten fir déi clearance zougeschoustert, zum Deel mat Leit déi bis dohinner am SREL geschafft haten. Si hunn hiert Bescht gemaach, ma u verschidden Daten koumen a kommen si fir d’Baschten net erun. Si souzen um Dréchnen an dat ass an der NATO opgefall: Lëtzebuerg, mir hunn e Problem! Firwat kréie mir vun Iech keng Informatioune méi?
An der Tëschenzäit gouf Verschiddenes an der Ëffentlechkeet bekannt a kéint e puer Wochen virun de Parlamentswahlen vu politescher Brisanz sinn. An esou gouf de Pirat Sven Clement a senger Koje wakereg fir mat enger parlamentarescher Fro beim Staatsminister e bësselchen de Wuerm ze zéien. De Xavier Bettel huet en exzellente Scribe, an deen deelt dann och just déi hallef Wouerecht mat.
An e bësselche weider am Text:
De Staatsminister selwer confirméiert also, datt d’ANS zanter 2019 keen Zougang huet weder op déi juristesch Archiven nach op d’PVen a Rapporten vun der Police. Si gesinn just, ob eng Persoun en Dossier bei der Police huet, awer net wat drasteet. A si gesäit och de Bulletin nº 2 vum Casier.
Wat net an der Äntwert vum Premier thematiséiert gëtt, ass déi eigentlech Konklusioun an déi ass d’Salz an der Zopp. De Grand-Duché verstéisst zanter op d’mannst 4 Joer géint international Normen. Well, fir esou Enquêten ze maachen ginn et (glécklecherweis) Spillreegelen, an do heescht et am offizielle Journal vun der Europäescher Unioun ë.a.:
“…Beicht schonn viru 7 Joer…”
D’Regierung hat den 19. Juli 2016 mussen zouginn, datt d’ANS net d’Moyene huet fir eng valabel Enquête ze maachen. Am Gesetzprojet 6961 iwwer d’ANS steet et schwaarz op wäiss:
7 Joer! A geschitt ass näischt! An nawell behaapt de Premier potzmonter:
Op der Basis vun dëser Äntwert op eng éischt QP huet den CSV-Deputéierten Marc Spautz eng zousätzlech parlamentaresch Fro gestallt, an déi geet bei wäitem méi op de Fong:
De Skandal läit doranner, datt Lëtzebuerg zanter Joren net méi NATO-konform ass. Déi Organisatioun huet dorausser d’Konsequenzen gezunn: wa keng Informatioune méi vu Lëtzebuerg kommen, dann dréien och mir de Krunn zou. Lëtzebuerg as net méi am internationalen Informatiounsverbond derbäi! Just nach a ganz dréngende Fäll, wann et sech zum Beispill ëm Terrorismus handelt.
Elo kann ee soen: weider net schlëmm. Mir hu schliisslech keen Atomknäppchen a brauchen net alles ze wëssen. Grad an dësen Zäiten ass dat menger Meenung no radikal falsch. An et ass extreem penibel fir Lëtzebuerg, dat ëmmerhin NATO-Grënnungsmember ass….
“…deen zweete Skandal…”
läit doranner, datt de President vun der Personaldelegatioun beim SRE stante pedes op d’Strooss gesat gouf. Hien hat de Pech, vun engem baltesche Memberland kontaktéiert ginn ze sinn mat der Fro: wat ass zu Lëtzebuerg lass? De Mann hat dorobber déi néideg Explikatioune ginn a Schwupp! war hien fort. Hie kritt virgehäit, net den hierarchesche Wee respektéiert ze hunn a geheim Informatiounen un eng Drëttpersoun weidergereecht ze hunn.
Hei fällt besonnesch d’Brutalitéit op.
- et handelt sech ëm de President vun der Personaldelegatioun!!
- de Mann huet net nëmmen seng Aarbecht verluer, ma och nach seng Pensiounsrechter!
- d’Prozedur war extreem rapid. De Conseil de Discipline huet am Schnellverfahren siegéiert an decidéiert. Fir méi ewéi ee Jurist du jamais vu! Et freet een sech firwat esou flénk reagéiert gouf? Stécht sos nach eppes dohannert?
“…A wéi ass et mat anere Spillreegelen?..”
Och den éisträichesche Bundesverfassungsschutz BVT (haut DSN) goung viru Joren duerch d’Hell! Rien ne va plus am Fonktionnement, e Skandal nom aneren, alles war porös, brécheg. An esou goufen 4 aner Geheimdéngschter mat der Missioun chargéiert, déi éisträichesch Kolleegen mol méi streng ënner d’Lupp ze huelen. Bosseg Saachen koumen dobäi eraus.
Esou duerften d’Ugestellten vum Geheimdéngscht hire privaten Handy mat op d’Aarbecht huelen, haten also all d’Méiglechkeeten vun der Welt, sech Foto vun geheimen Dokumenter ze maachen! Oder: den internen Informatikreseau war un den Internet ugeschloss; eng Invitatioun fir jidder Hacker! Oder och: d’Fënsteren vum Gebai stoungen reegelméisseg grouss op. Do brauch een sech just mat engem Spezialmikro ënnendrënner ze stellen a schonn kann ee streng geheim Gespréicher matlauschteren.
Grad dëse Punkt léisst sech de SRE(l) net zweemol soen. Och dem lëtzebuerger Geheimdéngscht seng Mataarbechter schéngen déck am Damp ze sinn an hunn um drétten a véierte Stack reegelméisseg d’Fënsteren grouss opstoen!
Dat mécht Duerchzoch, an et as wuel dat wat de SRE am meeschte brauch: Sauerstoff. Och aus der Politik!