Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Faillittegesetz: d’Deputéierten gesinn eng national Prioritéit! 

Faillittegesetz: d’Deputéierten gesinn eng national Prioritéit!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

Den Artikel iwwer d’Faillittegesetz Enn November https://guykaiser.lu/faillite-eng-schan-oder-e-recht-wou-bleift-dat-neit-gesetz/ huet fir deen een oder anere Commentaire gesuergt. Et hu sech Leit bei mir gemellt, verschiddener mat enger Portioun Roserei an der Panz, iwwer dat ablécklecht Gesetz, iwwer d’Arroganz vun der Muecht vu Verwaltungen. Dobäi war d’Reform scho virun bal 8 Joer quasi um Instanzewee. Ob d’mannst d’Viraarbecht ass gemaach, et kéint also alles ganz séier goen. Ma fir d’éischt e puer Explikatiounen.

Bis ewell halen sech d’Faillitten trotz Corona nach a Grenzen. An den 10 éischte Méint hunn 988 Gesellschaften mussen de Schlëssel ënnert den Teppech leeën; dat lescht Joer waren et der fir déi nämmlecht Period 1017 an d’Joer virdrun 936. Ouni wollen den Däiwel un d’Mauer ze molen, ass dervunner auszegoen, datt d’Situatioun um Enn vum Wanter riskéiert, sech ze verschäerfen. Dobäi missten déi Gesellschaften awer nach laang net alleguerten zoumaachen!

Sécher, eng gewësse Schold ass och beim Besëtzer selwer ze sichen. Eng Partie hunn a gudden Zäiten vergiess, Reserven unzeleeën, de bekannten Apel fir den Duuscht. Mä, wéi ech vu Leit vu baussen zougedroe kréien, ass dat ablécklecht Gesetz net genuch flexibel. Esou kann et virkommen, datt eng Firma zum Beispill genuch Actif huet, ma keng Liquiditéiten. Zu Lëtzebuerg ass et trauereg Gewunnecht, eng Gesellschaft déi a Schwieregkeeten ass, an d’Faillitte ze setzen.

Dobäi besteet parallel en anere Mechanismus, deen doranner besteet, d’Firma ze retten- virausgesat natierlech, dat mécht wirtschaftlech Sënn; et handelt sech ëm d’gestion contrôlee: Procédure collective permettant à un commerçant, dont le crédit est ébranlé ou l’exécution intégrale des engagements compromise, de demander au tribunal de commerce l’autorisation de cesser temporairement ses paiements. Cette procédure n’est possible que si plus de la moitié des créanciers représentant plus de la moitié du passif y marquent leur accord. (v. Arrêté grand-ducal du 24 mai 1935 complétant la législation relative aux sursis de paiement, au concordat préventif de la faillite et à la faillite par l’institution du régime de la gestion contrôlée.

zu Lëtzebuerg gëtt wéi gesot des Etapp meeschtens iwwersprongen: wann net méi kann bezuelt ginn, gëtt de Guckuck drop gepecht. Dobäi ass d’Definitioun vun der Faillitte déi heiten: Tout commerçant qui cesse ses paiements et dont le crédit se trouve ébranlé est en état de faillite” (article 437 du code de commerce). Une procédure de faillite en droit luxembourgeois débute avec le constat qu’un commerçant n’arrive plus à faire face à ses engagements, à défaut de liquidités et de crédit suffisant, et elle a pour finalité de préserver l’égalité entre les créanciers du commerçant failli, en organisant la réalisation et la distribution égalitaire des actifs sociaux conformément aux dispositions du Code de commerce. An anere Wieder: d’Gesellschaft gëtt ausgepresst ewéi eng Zitroun, fir dee leschte Cent aus hir erauszequëtschen!

En aneren Dilemma besteet doranner, datt et kee System gëtt vun enger Pré-Alerte! E Problem, deen och vun der chambre du commerce ugeprangert gëtt. Ass et zum Beispill normal-grad am digitalen Zäitalter,- datt keng Administratioun, wéi de CCSS, den Enregistrement oder d’Steierverwaltung driwwer Bescheed weess, wéi vill Geld eng Gesellschaft am Ganzen bei deenen 3 Verwaltungen opstoen huet? E Mann schreift mir: “Op déi Aart a Weis gëtt éiweg nogekuckt bis zum Punkt, wou eng Administratioun den Dierwiechter beoptraagt an eng assignation en faillite mécht. Et kënnt esouguer méi dacks vir, datt e puer vun deenen 3 Verwaltungen dat an där nämmlechter Zäitfënster maachen.

Grad esou problematesch ass, datt de registre du commerce- fréier RCSL,haut LBR- vill ze laang net intervennéiert am Fall, wou kee Bilan deposéiert gëtt! Ganz rezent ass op Ueder vum Parquet alll Gesellschaft, déi 10 Joer kee Bilan ofginn hat, liquidéiert ginn. A wat seet eis dat? Engersäits, datt verschidde Proprietären de Schlendrian markéieren, ma wuel déi meescht hire Bilan verstoppen, well d’Lompe sténken!

et ass eng lose-lose-Situatioun fir de betraffene Gesellschaftler, fir d’créanciers , fir d’Banken a fir de Staat, deen duerch d’Faillitten Suen verléiert. Den 28. Januar huet den deemolegen Justizminister François Biltgen schliisslech e Projet deposéiert, fir d’Gesetz ze reforméieren (projet de loi 6539 https://bit.ly/2ImQdnT. Am Exposé des motifs heescht et ënner anerem:

“Le présent projet de loi met en œuvre le programme gouvernemental de 2009 en ce qui concerne les entreprises en difficultés et fait suite au débat intervenu à la Chambre des députés en date du 8 février 2011 au cours duquel a été reconnu qu’en période de crise, un système approprié en matière d’entreprises en difficultés devient une priorité nationale incontournable.

Aha! Grad a Krisenzäiten ass e modernt Faillittegesetz also eng national Prioritéit. Dat soen net ech (eleng), mä zu där Konklusioun koumen virun 9 Joer 60 Volleksvertrieder an der Chamber, déi wuel nach d’Erënnerung haten un d’Finanzkris. An haut? Mir sinn an enger neier a fatzeger Kris! Bäino 8 Joer ass näischt geschitt. Ob RTL.lu housch et deemools:

Biltgen: Faillitegesetz besteet aus 4 Voleten

RTL – 10.01.2013, 13:00 | Fir d’lescht aktualiséiert: 10.01.2013, 13:15

De Justizminister huet en Donneschdeg an der Mëttesstonn um Radio den Text vum reforméierte Faillitegesetz erkläert. Den Text huet 4 Voleten.

Ee präventiven, ee reparativen, ee sozialen an och ee repressiven.

Eng Missioun ass et also emol Faillitten ze verhënneren. Dofir solle verschidden Informatiounen beim Konjunkturkomitee zentraliséiert ginn.

Informatiounen iwwer direkt Steieren, den Enregistrement oder d’Sécurité Sociale, esou de François Biltgen.

Wann do bei deenen 3 Verwaltungen “clignotanten” uginn, dass scho laang net méi bezuelt gouf, jo da muss ee kucken, kann een dem Betrib hëllefen? kann een net hëllefen?, da kritt en en Angebot, dass ëm soll gehollef ginn… wann en dat Angebot unhëlt, da kann ee mat ëm schaffen. Hëlt en et net un, jo dann ass et ze spéit. Dann ass et besser och heiansdo eng Faillite mat Zäiten ze provozéieren amplaz ze waarden, bis d’Kand am Pëtz läit. Mä de Clignotant-System, dat ass d’Kärstéck hei, well mir mussen eppes wëssen: 90% vun de Faillitten ginn declenchéiert, net verursaacht, declenchéiert vun deenen doten 3 Verwaltungen. Si sinn net d’Ursaach vun de Faillitten, mä si declenchéieren se. Wat se méi laang waarden, wat awer d’Gefor ass, dass se d’Suen net erakréien fir de Steierzueler a fir den Assuré. An, een dee seng Steieren net bezilt, seng Assurancen net bezilt, deen huet jo dann och eng Situatioun vun deloyaler Konkurrenz par Rapport zu deenen aneren.

De Biltgen goungkuerz drop politesch senger Wee, net ouni seng Hausaufgab ze hannerloossen, Méint drop Regierungskris, Regierungswiessel an d’Faillittegesetz blouf am Tirang leien. Datt gréng Ministeren näischt iwwerhuelen, wat vun engem schwaarze Virgänger ausgeschafft gi war, kann ech jo nach iergendwéi verstoen; ma do wär jo e bësselche grénge fond de teint duergaangen, fir en neie Projet op den Dësch ze zauberen.

Ma déi Gréng sinn net aleng Schold. Viru 17 Joer war schonn emol e Gesetzprojet (Nummer 5157) op den Instanzewee geschéckt ginn, mam nämmlechte Resultat: an engem verstëbsten Tirang leie bliwwen!

E Commentateur vu baussen kënnt zu der Konklusioun: wann zwee Projet et net méi wäit bréngen ewéi vum Dësch an den Tirang ze flatteren, kann een den Androck kréien, wéi wann eng Reform guer net erwënscht wier. Ech kann där Persoun net de Géigendeel beweisen. Et sief d’Madamm Tanson mécht dat elo ganz séier! Schliisslech haten déi Gréng an Oppositiounszäiten vil Kreesch gedoen a schliisslech si mir matzen an enger Kris. Vill Faillitten kéinten duerchaus och verschidde Banken un d’Schliddere bréngen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *