Recent Posts

Post Categories

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...

Blog Post

Politik

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen?
Photo de RDNE Stock project: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-individu-mains-porter-9034980/

D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech, virop de Premier Luc Frieden deen einfach nett bei senge Kompatrioten eriwwerkënnt. D’Lëtzebuerger Wort kënnt zur Konklusioun, datt eleng de Fait, datt een an der Regierung ass, net méi duergeet fir gutt Punkten vum Vollek ze kréien, den RTL-Journalist Roy Grotz jubiléiert: de Regierungschef ass net nëmmen ugeschloen, neen, hien ass ugeschoss! Ouni elo dat desastréist Resultat vun der CSV wollen in globo bei der Däiwel ze schécken, mengen ech dach, datt et un der Zäit ass, d’Methouden vun dësem Meenungsinstitut ze hannerfroen.

Dat wichtegst bei engem Sondage  ass wuel, den Nerv ze geroden, den Nerv vun der Stëmmung an der Populatioun. Si muss esou breet ewéi méiglech am Froebou vum Meenungsinstitut opgestallt sinn: Fraen a Männer, jonk an al, Salarié an Indépendant, Aarbechter, Handwierker, Diploméierter, Universitaner, Patronen asw. Si all mussen am Sondage vertruede sinn, fir datt d’Resultat esou no ewéi méiglech un d’Realitéit erukënnt. Dat ass awer net ëmmer esou einfach.

Bei der Fro iwwer d’Nationalitéit vun enger Persoun kann et gären zu Vermëschunge  kommen. Déi Persoun ass zwar Lëtzebuerger, ma hier Familljewuerzelen kommen aus dem Portugal, aus Kroatien, Polen …..Déi Persoun fillt sech als Lëtzebuerger, ma suivéiert grad an dësen Zäite vun der Foussballweltmeeschterschaft d’Ekipp aus deem Land, dat hier Familljen virun zwou oder dräi Generatioune verlooss huet. Kloer! Déi Leit gehéieren och – an esou guer ëmmer méi- zu der lëtzebuerger Realitéit, ma aus der Vergaangenheet weess ech, datt de Risk vun enger Iwwergewiichtung vun deem Grupp an enger Meenungsëmfro net kleng ass.

Derbäi kënnt, datt iwwer 1100 Leit via Telefon ausgefrot goufen an iwwer 700 iwwer Internet. Grad bei den Internauten hunn ech de Verdacht, wéi wann sech do eng Partie breet gemaach hätten vun deenen, déi sech och reegelméisseg op der RTL-Internetsäit mat Commentairen zu Wuert mellen, also Leit déi  sech iwwerproportionéiert fir d’Aktualitéit, fir d’Politik interesséieren an déi méi no bei lénks ewéi bei riets stinn. Dee Verdacht ass op zwee gravéierend Feeler zeréckzeféieren, déi der TNS-Ilres ënnerlaf sinn.

Et ass nämlech nach net esou laang hier ewéi de Meenungsinstitut de Piraten 6 Sëtz virausgesot huet. Haut wësse mir et besser. Neierdéngs géing d’CSV an de Projektiounen 6 Mandater verléieren. Ech wëll déi Konservativ elo net a Schutz huelen, ma kann esou eng hefteg Baisse net novollzéien, och wann de Premier Luc Frieden an der éischter Hallschecht vun der Legislatur d’Erwaardungen net erfëllt huet. Bei esou fatzege Variatiounen hätt bei der TNS-Ilres, awer och bei Wort an RTL d’Alarmschell mussen ugoen.

“Objektiv an neutral Froestellung?”

BBei verschiddene Froen am Sondage am Fréijoer gouf de bedeelegte Persounen d’Äntwert an de Mond geluecht. Beispill, d’Fro 29: Sidd Dir der Meenung, datt mir zu Lëtzebuerg kee Problem hunn mam Mindestloun, ma e Logementsproblem, deen dozou féiert, datt ee mam Mindestloun net liewe kann ? Den éischten Deel vum Saz ass eng Fro, deen zweeten Deel suggeréiert eng méiglech Äntwert. Richteg krass gëtt et an der Fro duernoWéineg Wuestem, héije Chômage,,,,ass et dee richtege Moment fir eng grouss Steierreform ze lancéieren, déi ronn 1 Milliard d’Joer kascht? Déi Fro ass méi ewéi tendenziéis! Alles geet d’Schësserbaach erof an d’Regierung wëll weider déck Cadeaue maachen, déi si sech net leeschte kann! Also mat NEEN äntweren!

LW an RTL bezuelen deiert Geld fir de Politmonitor an däerfen sech eng propper Aarbecht erwaarden. Do mussen d’Chefredakter sech wuel méi amëschen. Schliisslech sollen d’Leit gewuer ginn, wat si esou denken (Coluche)

 

Previous

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen?

Related posts

1 Comment

  1. Chantal

    Dofir maachen ech schon Joere laang bei der TNS-ILRES net méi matt. Wann dei uruffen, an daat regelmeisseg, obwuel ech hinnen schon oft genuch gesoot hun, ech wier net interesséiert, hängen ech an. D’Resultat vun enger Emfrô, maachen mir eis naischt fier, speigelt erem ween sie an Optraag gin huet. Naischt kann méi verfälscht gin, wéi esou Emfrôen. Frô e bessen esou formuléieren, wéi d’Aentwert déi ee gaeren hätt, an schon kritt een daat richtegt Resultat. Daat ass wéi mat Statistiken. Leet een den Schweierpunkt op daat Resultat, waat een gaer hätt, dann kritt ee genau daat waat ee well.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *