Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Naja, Madamm Deprez, nujee Här Bausch! 

Naja, Madamm Deprez, nujee Här Bausch!
Bild von Leopictures auf Pixabay

Op eng parlamentaresch Fro vun der ADR-Deputéierten Alexandra Schoos huet  déi frësch gebake Gesondheetsministesch Martine Deprez méi ewéi diplomatesch geäntwert. Et goung ëm d’Covid-Pandemie, ëm d’Regierungspolitik, ëm d’Impfung an och ëm d’Kommunikatioun vun der Regierung: war alles transparent verlaf oder goufe Saachen ënner de bekannte Perserteppech gekiert? D’Ministesch betount, datt et kee psychologeschen Drock op d’Bierger ginn hat, an dat all d’Informatiounen weidergereecht gi waren. Naja!

Den Drock op déi Leit déi kritesch vis-à.vis vun der Impfung agestallt waren ( a sinn) war duerchaus enorm. Ugefaange mat der Terminologie vun de Schwurbler. Déi war zwar net vun der deemoleger Ministesch Lenert erfonnt ginn, ma vun enger Zeitung, déi hirer Partei ideologesch nosteet. Si hat de Virdeel, datt een all Impfgéigner konnt kamout an dat nämmlecht Dëppe geheien, also räsonabel Leit zesummen mat duerchgeknallte Persounen un de Pranger stellen, fault Geméis op si werfen an esou eng kritesch Diskussioun an der Gesellschaft – och an der Press- verhënneren.

Den Drock op verschidde Beruffskreesser war besonnesch staark. Zum Beispill am Gesondheetssecteur. Eng Infirmière déi aus där enger oder anerer Ursaach d’Vaccinatioun refuséiert huet, hat eng méi ewéi schwiereg Zäit ze iwwerstoen, an dee berufflechen a séileschen Drock gouf och net grad méi kleng duerch déi deemoleg Oppositiounspartei CSV, déi sech ëmmer méi a Richtung vun enger Impfflicht beweegt hat. D’Madamm Deprez déi Member ass vun där Partei, huet et wuel kaum vergiess.

Wat ech der neier Ministesch kann zegutt halen: si konnt jo net an enger vun hiren éischten Äntwerten iwwer d’Politik vu Gambia hierfalen ewéi de Wollef iwwer d’Schof. Domatter wär zwar an der Haaptsaach just d’Tzozialistin Lenert blouss gestalt gewiescht, déi awer dach an der Zäit d’Ënnerstëtzung hat vun DP a Gréng. A well déi Liberal och an der ablacklecher Regierung sinn, wär mat esou enger Attack de parteipolitesche Fridden a Gefor gewiescht! Also léiwer näischt ze vill soen, d’Pandemie zu den Akte leeën.

Dir par contre, Här Bausch, hutt eng gréng Politik bedriwwen déi net hätt kënne manner transparent ausfalen! Dir hutt an deenen 10 grénge Regierungsjoer de Luuchtepottoen op den Autobunnen de Krich deklaréiert: ganzer 730 Stéck goufen ëmgesiewelt, mam Argument, datt eng Autobunn keng Kaffisstuff ass an also och net brauch beliicht ze ginn. Op déi Manéier géinge Sue gespuert ginn an doriwwer eraus och CO2-Emissiounen. Manner Geliits, besser Loft! D’Leit hunn de Kapp gerëselt, ma Dir blouft daper bis zum Schluss. Nach zejoert, kuerz ier Dir an d’politesch Wüst geschéckt gi sidd, hudd Dir weider 28 där Pottoen ofmontéiere gelooss. Wär den Titel net scho verginn, Dir wäert de Pottominister!”…De Bilan awer ass éischter moer…”

alles aneschters ewéi fette Speck. Pro Joer sollen esou ëm déi 100.000 Euro u Stroumkäschten gespuert gi sinn. Domadder kann ee knapps dem Tram nei Schlappe kafen. An de Clou ass: kee ka soen, wéi vill CO2 duerch dës Potto-Guillotine manner an de Weltklima erausgeblose gouf. Äer fréier Pressespriecherin am mobille Ministère sot dem Journalist aus dem Lëtzebuerger Wort: leider feelen ons Informatiounen, wéi vill Stroum déi Luuchten déi ëmgehae goufen, tatsächlech pro Joer verbraucht hunn!

Dat muss een sech op der Zong zergoe loossen! Et behaapt een eppes, ouni d’Ausgangsbasis vu senger Behaaptung ze kennen. Eigentlech bosseg, dat Ganzt. Et chiffréiert een de Stroumverbrauch op 551.000 Kilowattstonne pro Joer, et rechent een op där Basis d’Aspuerungen aus, ma et bréngt ee fir d’Baschten net déi nämmlecht Rechnung fäerdeg fir den CO2. Villäicht well ee weess, datt ënnen um Wupp vum mathemateschen Exercice just Kakuetten erauskommen….Nu jee!

 

 

Related posts

5 Comments

  1. Frank Bertemes

    Flotte Commentaire vun Iech op Ärem nei gestaltetëm Site, déi iwwregens wonnerbar gelongen ass!

    Jo, mir Anerer waren (a sinn) all Schwurbler , Verschwörungstheoretiker, onsolididarësch Recchthaber a Kritikaster – berodungsresistent, konspirativ Elementer a soss mat erofloossenden an diskriminéierende Bezeechnungen (wéi bspw. Rechtslasteger asw…) belaaschten Toperten…

    Komësch just, datt kee méi eppes zum Thema Corona an Impfen wëll héieren an dat Thema ganz séier gewiesselt gëtt, wann een et haut onangenemerweis uschwätzt…verdächteg jiddefalls, oder net? Mee eppes zouginn, eppes agestoen…dat gëtt et net! Vläicht well een Aangscht huet, ze feig ass ENDLECH Faarf ze bekennen? Ass dat politësch “Klass”??

    A firwat loossen sech op eemol souvill Leit dann NET (méi) “impfen” oder “boosteren”?

    Firwat gouf ee Mann wéi den Dr OCHS diskreditéiert, beleidegt, jo souguer verurteelt fir eng Positioun, déi duerchaus och vun anere vu senge Confrèren gedeelt ginn ass-déi awer offiziell léiwer de Bak gehalen hunn? Iwwregens ass säi Buch mam Titel “Non-assistance LEGALE à personnes en danger” wäermstens z’empfeelen!

    Sinn awer sou lues sou vill Woerechten un d’Liicht komm, wat d’Walvollék nun awer zum Nodenke beweegt huet?

    Haten déi Leit, déi sech net vun douteusem an evidentem Drock, deen op si gemaach ginn ass, beandrocke geloss hunn, am Endeffekt net awer Recht? A gewëssen anerer, déi sech aus puer “sozialen” Uersaachen dann awer impfe gelooss hunn, haut gewësse Regreten hunn, sech deem Drock – vun deem d’Madame Ministësch guer näischt wëll héieren (cf. Impfpflicht, déi och d’CSV dierchaus gewollt hätt!) – ënnerworf ze hunn an der Hoffnung, datt et scho gutt wäert goen?

    Firwat scheit och dës Regierung an hir (vu weem?) bezuelten “Experten” déi ëmstridde Vaccinen, déi opgrond vu serieusen Analysen vun toxësch Wierkstoffer a vum Friem-DNA verschmotzt waren a sinn- dat laut enger ARD/MDR – Sendung -, déi op eemol aus der Mediathéik verschwonnenn ass – offiziell ënnersichen? Dat wär d’Politik dem Walvollék géigeniwwer absolut verpflicht! Sou ee grave Verdacht hätt bei all anerem Vaccin Suiten – Firwat dann bei deem hei net? Well de Wëllen vun der Pharma- Lobby an d’politësch Intérêten wuel déi allgemeng Gesondheet priméieren? Wéi nennt een dann esou eppes? Ech wéisst et jiddefalls….

  2. Jean

    Schon seltsam dass heute riesige massen an impfdosen welche fuer riesige summen eingekauft wurden sang und klanglos zerstoert werden.
    Genauso seltsam dass die experten der EU kommission und ihre chefin riesige quantitaeten dieses impfstoffs bis 2026 bestellt hatten und der steuerzahler das weiter bezahlen muss.
    War den experten nicht bewusst dass bei neuen varianten der krankheit der impfstoff eventuell nutzlos wuerde?
    Alles fragen welche geflissentlich von den verantwortlichen unter den teppich gekehrt werden.
    Man darf ja nur den boesen rechten oder sogar linken keine argumente vor den EU wahlen geben😀

  3. Frank Bertemes

    Richteg! An dat alles dierft duerchaus een Thema fir déi EU-Wale ginn! Dat alles richt dach no Korruptioun, a Vettrnwirtschaft (cf. Fall VDL) …Wéi sot schonn den Immanuel Kant: Habe den Mut dich deines eigenen Verstandes zu bedienen! A grad dat ass an deem Gesamtkontext COVID-19 ni erwënscht gewiescht – bien au contraire! Do huet dach vun Ufank un alles no Bedrug géint den Himmel gestonk!

  4. Roland Houtsch

    Exzellente Kommentar … hei grad esou brochstéckhaft zwou oder 3 Pefferkäre vu mär:
    Schwurbler – Mir hunn de kompletten sozialen (also net polizeilechen) Arsenal vun Diktaturen a besonnesch vu Sowjetdiktaturen iwwerholl ouni mat der Wimper ze zucken: Diskreditéierung a Flirt mat Ëmerzéiung am “Geckenhaus”, total Mainmise vum Staat op Kanner, Denunziatioun vu Beesecure bis Whistleblower, et j’en passe … Wien huet de Kale Krich gewonnen?
    Zweetens: et ass kee Kavaléiersdelikt fir eng parlamentaresch Fro als Minister net (oder falsch) ze beäntweren. D’Chamber kontrolléiert d’Regierung an déi muss hir Ried an Äntwert stoen. All Versuch, dat erofzespillen, ass ondemokratesch.
    Luutepotoen – jo et ass mulmeg op deenen däischteren Autobunnen a sécher manner sécher ze fueren. Den Haaptskandal läit awer an der totaler Radariwwerwaachung op eisen 3.000 Kilometer Strooss. Als Mesür fir d’Sécherheet ass dës Investitioun gescheitert well mer keng signifikant Ännerung bei den Akzidenter hun. Well jo awer d’Regierung mat enger Tréin am Knäpplach ëmmer behaapt huet, Radare wäere keng Geldmaschinn mee just fir d’Sécherheet, misst dee Schrott, dee säin Zweck statistesch bewisen net erfëllt, virun de Luuten um Dreckstipp landen.

  5. Steve Defays

    Soll Keen soen, wier keen Drock gemaach gin, den Obwand, deen Leit hunn missten dreiwen, déi sech net wollten impfen loossen, war dach enorm. Eleng Tester, déi se hu misste maachen goen, fir iwwerhaapt kennen schaffen ze goen, war komplett dernieft. Haut wëssen mer, dass Impfung net wei am Ufank behaapt gouf, net géint eng Infektioun schützt, mee awer géint ee schwéiere Verlaf hëlleft. An ech si geimpft, also net dass ee mengt, ech wier ee Schwurbler 😉

    Zu de Poteauen ofschneiden, dat huet deemools 900000 € kascht (gouf mol sou gesot), domadder hätt een se alleguerten op LED ëmbauen kéinten, an nach laang bedreiwe kennen. Poteauen selwer sinn galvaniséiert, also sinn nach laang ze gebrauche gewiescht. Wat awer an der Rechnung falsch ass, se hu vergiess, dass all déi Rescht Stecker vun de Poteaue iergendwann musse wësch geholl ginn, domadder mussen awer och nach all Klemmkeschten, eraus geholl, an duerch Muffen ersat ginn oder nei Kabele gezu gin. Dat geet mat enger Millioun € net duer, vun den Steierungen am Verkéier wann dat gemaach gëtt mol ofgesinn, well do ginn dann erëm am Dag Spueren gespaart. Do gesäit een, dass dat een absolutte Blödsinn war, näischt bruecht huet ausser Siicht op den Autobunnen ze verschlechteren.

    Mee vieleicht bleiwen se jo stoen, aus modern Konscht, oder fir jidderengem ze weisen, wei domm mir sinn. 
    Deemools ware jo Fënsteren grouss opgemaach gin, fir frësche Wand eran ze loossen. Kenn haut nach ëmmer just de Kapp rëselen, fir sou eppes

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *