Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Mir sinn Corona! 

Mir sinn Corona!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

lëtzebuerg ass also op zweeter Plaz an Europa wat d’Neiinfektiounen betrëfft! Freet sech, ob dat gutt ass oder schlecht? Ëmmerhinn ware mir (bal) alleguerten während dem Confinement esou brav, datt d’Infektiounen géint NULL tendéiert haten. Neierdéngs schénge mir déck op d’Tromm ze schloen, an et kommen quasi all Dag iwwer 50 Krankheetsfäll derbäi. Ech stelle mir Froen.

Wéi ass et méiglech, datt Lëtzebuerg mat all senge präventiven Schutzmoossnamen esou séier de Podium konnt eropklammen an elo direkt hanner Schweden positionéiert ass, e Land bekannt fir wéineg bis iwwerhaapt keng Corona-Strategie? Verschiddener weise mam Fanger op d’Jugend. Dat schéngt tatsächlech en Deel vun der Wourecht ze sinn, well d’Altersmoyenne vun den neien Infizéierten läit neierdéngs bei nëmmen 34 Joer. Anerer iergeren sech driwwer, datt och d’Frontalier an der Statistik vun den Tester mat abezu ginn, ma si maache just 10 Prozent aus.

De Probleem schéngt tatsächlech am massiven Testen ze leien! Wann pro Dag 10.000 Persounen sech teste loossen, kann et duerchaus virkommen, datt iwwer 60 – 70 als positiv erauskommen. Dat sinn der masseg vill am Verglach mat Däitschland, dat mat 83 Milliounen Awunner gëschter op knapp 400 Nei-Infizéierter koum. Ma Däitschland an iwwerhaapt eis Nopeschlänner testen bedeitend manner, Pipifax am Verglach zu eis.

de Sënn vum Test verstinn ech wuel, ma gesinn seng Effikassitéit net an. Et geet jo drëm, Leit ze detektéieren, déi de Virus hunn an näischt dovunner wëssen. Si ginn a Quarantän gestach. Fir d’Majoritéit awer fält den Test (glécklecherweis) negativ aus, dës Leit fillen sech fälschlecherweis a Sécherheet. Beispill: e viregte Freideg war ech an den Test, Méindes drop krut ech de Bescheed: negativ. Iwwer de Weekend wor ech mat Frënn zesummen a gouf dobäi ugestach, ouni vill an Uecht ze huelen. Zanterhier streeën ech.

D’Effikassitéit vum Testen weist sech jo doranner, datt déi Infizéiert “aus dem Verkéier” geholl ginn. Da misst jo no 180.000 Stéchprouwen d’Zuel vun den Infizéierten lues a lues zeréckgoen, oder?! Warscheinlech muss een do ofwaarden, ma wéi laang? Den Ausseminister Jean Asselborn huet probéiert ze berouegen, ma richteg iwwerzeegt huet hie mech net. Hien huet confirméiert, datt et “Rumeuren” aus der Belsch ginn, d’Grenzen mat Lëtzebuerg zouzemaachen.

Just Rumeuren, nach keng fest Unzeechen! Aner Länner, wéi Norwegen, Dänemark, Estland etc hunn dee Schratt allerdéngs scho gemaach. Dobäi housch et um Ufank vum Deconfinement, datt esou eppes ni méi sollt geschéien! Datt engem Virus d’Grenzen egal sinn. Wat aneschters awer ass eng sougenannte schwaarz Lëscht?! Eg rout Luucht als Virwarnung! A wann d’Memberlänner aus der Europäescher Unioun dat decidéieren, da maachen si dat! Dorunner kann och de “Monsieur Jean” näischt änneren. A wisou ass net och Groussbritannien op där Lëscht? Deux poids, deux mesures…

onglécklech ass déi aktuell Situatioun allemol. Virop fir d’Aviatioun, déi tatsächlech op de pilotage à vue ugewisen ass: haut kënnen nach Madrid, Lissabon, Palma, Las Palmas ugeflu ginn, ma wéi ass et fir muer? Déi nämmlecht Fro stellt sech fir aner Deeler vun eiser Ekonomie, déi gréisstendeels op den Import/Export ugewisen ass.

Wann d’Zuel vun den Tester an den nächsten 10 Deeg weider klëmmt, geet wuel d’Zuel vun den Nei-Infektiounen parallel an d’Luucht. Ech ginn net dervunner aus, datt aner Länner sech vun eisen Argumenter iwwerzeege loossen, mä fäerten, datt onst Land op der Weltkaart isoléiert gëtt. Souzesoen eng national Quarantän. Hu mir da wierklech eppes geschafft? Packt dat d’Ekonomie, hält dat ons Psyche aus, grad a Vakanzenzäit?!

Related posts

1 Comment

  1. BernardyEmile

    Ëtt gëtt nëmmen eng Léisung. Déi Persounen, déi sech nëtt un d’Régelen vum Gesetz géint de Covid-19 halen, an dodurger ugestach ginn, mußen all Faiën vun Dokteren a Kliniken an dem Zesummenhang op eegen Käschten / aus eegener Täsch bezuehlen an eng Geldstroof vun Dausend ( 1000 ) Euro kréien.
    Déi, déi eng Party op / an engem Gemengen-Site organiséieren, kréien ganz genau Virschrëften ( Inklisive Covid Gesetz ) vun der jeweileger Gemeng matgedeel. Ënnerschriewen mat ” geliess an averstanen ” Bei Infektiounen ass den Organisateur deen Verantwortlechen, an hien muß beweisen daß d’Invitéën sech all un d’Régelen gehaalen hunn.
    Gëtt awer esou eng Party an engem Bistro / Restaurant a.s.w. organiséiert, zielt daat nëtt bei enger Kontroll ze soën, ” Hei ass eng privat Party ” béi Kontrollen ass ëmmer den Proprietaire haftbar, deen dëm Organisateur d’Regelen vum Covid – Gestz erklärt huet, wann dann géint Régelen verstouss gëtt. Schließlech verdengt hien jo sain Geld och un deem Evenement. Also Stoofen ab Dausend ( 1000 ) Euro op noo uewen, an d’autoritation de Commerce vir sechs ( 6 ) Méint fort. Eng Stroof muß wéi dinn, soss wierkt se nëtt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *